E Summer mat ville Gesiichter a Geschichten

An eiser Summerserie weist sech Lëtzebuerg vu ville verschiddene Säiten. D’Vertrieder vun der DP-Fraktioun waren an allen Ecker vum Land ënnerwee, fir u flotten Aktivitéiten deelzehuelen oder bekannte Plaze mat neien Aen z’entdecken. Einfach op d’Biller klicken, fir bei d’Videoen ze kommen.

Corinne & Mike | Mam Vëlo duerch d’Stad

De Mike McQuaide ass als „An American in Luxembourg“ am ganze Land bekannt. D’Deputéiert Corinne Cahen deelt seng Passioun fir de Vëlo. Si profitéiere vum gudde Wieder, fir een deem aneren hir Liiblingsplazen an der Stad Lëtzebuerg ze weisen a perséinlech Anekdoten zum Beschten ze ginn.

Gusty & Pit | Bei den Déieren am Parc Merveilleux

De Pit Lacoste vum Service pédagogique am Beetebuerger Park weess op all Fro eng Äntwert. Hien hëlt den Deputéierte Gusty Graas mat hanner d’Kulissen. Mir kréien en exklusiven Abléck an d’Fudderkichen an dierfe mat der Kamera esou no bei d’Déieren, wéi normalerweis just d’Fleeger kommen.

Carole & Gaby | E Stéck Geschicht am Dräilännereck

Schengen ass e Symbol fir oppe Grenzen. D’Gaby Huberty-Fautsch ass zanter 2022 Guide am Musée a gëtt hiert Wëssen iwwer Europa mat vill Leidenschaft weider. D’Deputéiert Carole Hartmann krut eng Féierung mat perséinlechen Anekdoten a villen interessante Fakten zum Schengener Traité. Esou gëtt Geschicht gräifbar.

Mandy & Guido | Mam Lafgrupp um Afterwork

„One Little Spark Of Madness“ setzt d’Ekipp vu FatBetty.Run viraus, fir am Grupp matzelafen. De Guido Kröger, ee vun den Initiateuren, hëlt d’Deputéiert Mandy Minella mat op hiren traditionellen Donneschdeg-Laf. Um Wee duerch d’Stad schwätze si iwwer d’Passioun fir d’Lafen an d’Dynamik vum Gruppesport, an dat a Gesellschaft vu Leefer, déi esou divers si wéi de Grand-Duché.

André & Fabien | Braukonscht am Wëlzer Schlass

Zanter 2017 hält de Fabien Claude als Animateur/Brasseur fir de Syndicat d’Initiative et de Tourisme vu Wolz Seminairen am Schlass. Den Deputéierten André Bauler krut vun him en Abléck an d’Braukonscht a konnt an der Mikrobrasserie esouguer säin eegene Béier kreéieren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...