Ee wëssenschaftleche Gremium fir d’Berodung vun eisem Wirtschaftsminister?

Statistesch Analysen an aner wëssenschaftlech Methoden kënnen der Regierung dobäi hëllefen effikass Léisungen zu diverse Problemer ze fannen. An Däitschland gëtt ë.a. bei wirtschaftspolitesche Froen de Rot vun engem wëssenschaftleche Gremium erbäi gezunn. An deem Kader wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, op esou ee Berodungsorgan och fir Lëtzebuerg kéint vun Interêt sinn.

„An Däitschland gëtt de Bundeswirtschaftsminister bei wirtschaftspolitesche Froen vum sou genannte „Wissenschaftlicher Beirat beim Bundesministerium für Wirtschaft und Energie“ beroden. Dësen onofhängegen Gremium setzt sech aus éierenamtlechen Experten a Wëssenschaftler zesummen.

Hei zu Lëtzebuerg hu mir kee sou ee Gremium. Ausserhalb vum klassesche Budgetsexercice hu mir just de Statec, deen eis vun Zäit zu Zäit Berichter iwwer d‘Lag vun eiser nationaler Wirtschaft an d‘Staatsfinanze presentéiert. Ma de Statec huet awer keng direkt Berodungsmissioun zu verschiddene Politicken. 

Och op der Uni gëtt et keen Institut, dat sech mat der Entwécklung vun eiser Wirtschaft befaasst an Analysen op Base vu statisteschem Material a wëssenschaftlechen Methode mécht.

Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen :

  • Ass den Här Wirtschaftsminister gewëllt fir en onofhängegt Gremium ze schafen, dat Analyse mécht a Recommandatioune formuléiert fir d’Regierung an hirem Entscheedungsprozess ze begleeden? Wa jo, kéint de Minister sech virstellen, datt sou e Gremium oder „wissenschaftlicher Beirat“ och Propose kéint formuléieren, déi am Parlament opgegraff a kontradiktoresch diskutéiert géife ginn?
  • Ass den Här Minister villäicht och gewëllt eng „Chaire en économie luxembourgeoise“ op eiser Uni anzeféieren a finanziell ze ënnerstëtzen?“

Äntwert

De Modell vum “wissenschaftlicher Beirat”– esou wéi en an Däitschland ugewannt gëtt – géif fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg net a Fro kommen. De Wirtschaftsministère géif sech allerdéngs vum “Observatoire de la compétitivité” a vum “Conseil national de la productivité” beroden loossen, an deenen ë.a. och Fuerscher vun der Universitéit setzen. Hei donieft wär viru kuerzem d’Cellule “Luxembourg Stratégie” gegrënnt ginn, déi d’Visioun an d’Entwécklung vun der nationaler Wirtschaftsstrategie guidéieren soll, esou de Ressortminister a senger Äntwert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...