Ee wëssenschaftleche Gremium fir d’Berodung vun eisem Wirtschaftsminister?

Statistesch Analysen an aner wëssenschaftlech Methoden kënnen der Regierung dobäi hëllefen effikass Léisungen zu diverse Problemer ze fannen. An Däitschland gëtt ë.a. bei wirtschaftspolitesche Froen de Rot vun engem wëssenschaftleche Gremium erbäi gezunn. An deem Kader wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, op esou ee Berodungsorgan och fir Lëtzebuerg kéint vun Interêt sinn.

„An Däitschland gëtt de Bundeswirtschaftsminister bei wirtschaftspolitesche Froen vum sou genannte „Wissenschaftlicher Beirat beim Bundesministerium für Wirtschaft und Energie“ beroden. Dësen onofhängegen Gremium setzt sech aus éierenamtlechen Experten a Wëssenschaftler zesummen.

Hei zu Lëtzebuerg hu mir kee sou ee Gremium. Ausserhalb vum klassesche Budgetsexercice hu mir just de Statec, deen eis vun Zäit zu Zäit Berichter iwwer d‘Lag vun eiser nationaler Wirtschaft an d‘Staatsfinanze presentéiert. Ma de Statec huet awer keng direkt Berodungsmissioun zu verschiddene Politicken. 

Och op der Uni gëtt et keen Institut, dat sech mat der Entwécklung vun eiser Wirtschaft befaasst an Analysen op Base vu statisteschem Material a wëssenschaftlechen Methode mécht.

Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen :

  • Ass den Här Wirtschaftsminister gewëllt fir en onofhängegt Gremium ze schafen, dat Analyse mécht a Recommandatioune formuléiert fir d’Regierung an hirem Entscheedungsprozess ze begleeden? Wa jo, kéint de Minister sech virstellen, datt sou e Gremium oder „wissenschaftlicher Beirat“ och Propose kéint formuléieren, déi am Parlament opgegraff a kontradiktoresch diskutéiert géife ginn?
  • Ass den Här Minister villäicht och gewëllt eng „Chaire en économie luxembourgeoise“ op eiser Uni anzeféieren a finanziell ze ënnerstëtzen?“

Äntwert

De Modell vum “wissenschaftlicher Beirat”– esou wéi en an Däitschland ugewannt gëtt – géif fir ee klengt Land wéi Lëtzebuerg net a Fro kommen. De Wirtschaftsministère géif sech allerdéngs vum “Observatoire de la compétitivité” a vum “Conseil national de la productivité” beroden loossen, an deenen ë.a. och Fuerscher vun der Universitéit setzen. Hei donieft wär viru kuerzem d’Cellule “Luxembourg Stratégie” gegrënnt ginn, déi d’Visioun an d’Entwécklung vun der nationaler Wirtschaftsstrategie guidéieren soll, esou de Ressortminister a senger Äntwert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Frachtschëff Transportschëff

D’Kreatioun vum Istanbul Kanal

D’Pläng fir d’Kreatioun vum neie Schëfffaartskanal deen d’Mëttelmier an d’schwaarzt Mier soll verbannen, hunn national an international fir Kritik gesuergt. Laut dem kierzlech verëffentlechten oppene Bréif, dee vun 104 pensionéierten Offizéier, géif dës Schafung géint d’Montreux Konventioun verstoussen. An deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. Ënner anerem wéilt hie gäre wëssen ob dës Constructioun wierklech géint d’Bestëmmunge vun der Montreux Konventioun verstéisst a wat déi international Konsequenze wäerte sinn.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Kapazitéiten vun der Offallentsuergung?

Mam Wuesstem vun eiser Populatioun klëmmt och d’Quantitéit un Offall deen vun de Gemengenautoritéiten entsuergt muss ginn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ë.a. nogefrot, ob eventuell geplangt gëtt fir d’Kapazitéiten vun der Verbrennungsanlag zu Leideleng an der Décharge Muertendall ze erhéijen.

weiderliesen...

Operatiounen un Intersex Kanner – an Zukunft och zu Lëtzebuerg verbueden?

Operatiounen u Kanner déi ‚intersex‘ sinn, si keng Seelenheet. Oft gëtt Intersexualitéit als e medezinesche Problem ugesinn, den et ze behiewe gëllt. Onofhängeg dovun, dass dës Kanner gesond sinn, gëtt hinnen heimat e Choix geholl den si zu engem spéideren Zäitpunkt hätte missen dierfe selwer treffen. An Däitschland soll lo e Gesetz des Praxis verbidden an intersex Kanner an hirer Autodetermination bestäerken. Och hei zu Lëtzebuerg ass esou e Gesetz ugeduecht. Wou si mer do drun a fir wéini soll dëst Gesetz agereecht gin. Eis Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hu nogefrot.

weiderliesen...