Ëmmer méi onnéidege Kaméidi vu Gefierer?

All Mënsch brauch tëscht dem ganzen Alldagsstress och ë bësse Rou. Dat gëllt besonnesch fir d’Patienten an de Spideeler, fir d’Awunner an den Altersheemer, awer och fir all aner Bierger a sengem Doheem: sief dat elo an engem Wunnquartier, an enger touristescher Regioun oder op enger Haaptstrooss. Déi Rou op déi all Mënsch en Usproch huet, gëtt awer ëmmer méi dacks perturbéiert, notamment duerch divers Tendenzen am Stroosseverkéier, wéi z.B. manipuléiert Auspuffen oder driften op ëffentleche Parkplazen, déi fir ëmmer méi onnéidege Kaméidi suergen. An dësem Sënn huet den André Bauler eng parlamentaresch Fro un de Policeminister gestallt.

„Den 3. Juni hunn ech mat Intressi e Commentaire vum Marie Gales op RTL gelauschtert an där d’Problematik vum Kaméidi vu manipuléierte Gefierer beklot gëtt. Der Journalistin fale virun allem Gefierer op,”bei deenen den Auspuff manipuléiert gouf. Quad‘en, déi nach versichen am Stau duerch d’Mëtt ze fueren an Autoen, bei deene serieméisseg e Knäppchen agebaut ass fir Kaméidi ze maachen! Deslescht erlieft am Mierscher Tunnel, wou ech duecht, ech wier an enger Formel 1 Course“, esou d’Commentatrice.

Dat wat am Kommentar vun RTL beschriwwe gëtt, dat erlieft ee queesch duerch d’Land. Ëmmer méi Leit bekloen sech: an de Wunnquartiere vun de Stied, an den touristesche Regiounen, op den Haaptstroossen duerch eis Uertschaften, bei Spideeler an Altersheimer, op grousse Parkingen, etc. . Dacks sinn et auslännesch Biker, déi eist Land zum Motorradsparadäis deklaréiert hunn – awer eben net nëmmen. Et däerf ee beileiwen net all Motorrads- an Autofuerer an dat selwecht Dëppe geheien. Do gëtt et eben déi eng Leit, déi ganz récksiichtsvoll fueren, a leider eben och déi aner. Esouee Verhalen ass einfach respektlos. Ma déi Situatioune sinn och oft ganz geféierlech. Déi Chauffere brénge schliisslech net nëmme sech selwer a Gefor, ma och aner Leit déi ënnerwee sinn, sief et an anere Gefierer, mam Velo oder zu Fouss.

Virun dësem Hannergrond wollt ech dem Här Policeminister folgend Froe stellen:  

  1. Wéi systematesch ginn d’Kontrollen a punkto Bekämpfung vum Kaméidi vu sou Gefierer organiséiert?
  2. Muss d’Police de la route an deem Kontext eventuell nei opgestallt a personell opgestockt ginn – well et gëtt ëmmer gesot, datt et carrément u Leit feelt; datt dat de Problem par excellence wier?
  3. Ass d’Police mat adequatem Material ausstafféiert fir de Kaméidi genee kënnen ze moossen, sou wéi dat z.B. an der Belsch de Fall ass?
  4. Wéi vill Strofe goufen an dësem Zesummenhank zanter 2018 ausgeschwat?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...