Pierre Gramegna

En encourageante Start an d’Joer

Den 28. Februar 2021 huet de Finanzminister Pierre Gramegna den Deputéierte vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber  virgestallt.

Et gouf festgestallt datt d’Situatioun vun de Staatsfinanzen am Joer 2021 Verglach zum leschte Joer méi berouegend ass. Tatsächlech leien d’Recette bei 3,4 Milliarden Euro, wat enger Hausse vun 3,8% am Verglach mat der selwechter Period vum lescht Joer entsprécht.

D’Progressioun vun de Recetten (+3,8%) ass iwwert där vun den Depensen (+1,8%), soudatt den Defizit no zwee Méint bei -117 Milliounen Euro läit. Dëse Solde ass deemno eng besser Situatioun ewéi déi 189 Milliounen Euro Defizit, déi am Februar 2020 observéiert goufen.

De Finanzminister huet festgestallt datt dëse Constat ëmsou méi erfreelech ass, well déi éischt zwee Méint vun 2020 déi eenzeg sinn, déi vun der Pandemie verschount bliwwe sinn an doduerch d’Méiglechkeet vun engem wäertvolle Verglach bidden. De Pierre Gramegna kommentéiert: “De positive Schéiereffekt tëscht Recetten an Depensen ass en Indicateur fir d’wirtschaftlech Erhuelung déi lues awer sécher Form unhëlt. Dëst gëtt och duerch déi leschte Schätzunge vum Statec bestätegt, déi de Réckgang vum PIB am Joer 2020 zu Lëtzebuerg op -1,3% am Joer 2020 no uewe revidéiert hunn, ee vun de beschte Resultater an der Europäescher Unioun. Dës encourageant éischt Zuele sollten awer d’Onsécherheeten iwwer d’Evolutioun vun der Pandemie an den nächste Méint net maskéieren. a fuerderen eis op waakreg ze si bei der Ausféierung vum Budget. “

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm d’Kooperatiounspolitik, ëm Safeguarding am Sport, ëm Éiwegkeetschemikalie wéi PFAS a villes méi.

weiderliesen...

Méi Schutz a Verantwortung am Sport

Den aktuelle Fall ronderëm d’Fraennationalekipp am Fussball weist, dass gehandelt muss ginn. Dofir huet d’DP-Deputéiert Mandy Minella dëse Mëttwoch an enger Fro un d’Sportsministesch nach emol nogehakt, wou d’Ethik-Charte an den ugekënnegten nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding dru wieren.

weiderliesen...

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...