Eng Hängebréck iwwer de Stauséi?

De Projet vun enger Hängebréck iwwer de Stauséi wier eng weider flott touristesch Attraktioun fir den Norden. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi si zu deem Projet steet a wou en drun ass.

Schonn zanter Joren ass de Bau vun enger sougenannter Hängebréck iwwer de Stauséi an der Héicht vum Burfelt am Gespréich. Dës Bréck géif sécherlech dozou bäidroe fir d’Géigend ronderëm de Stau aus touristescher Siicht ze valoriséieren, well se ënner anerem erlabe géif, d’Spadséierweeër nei ze organiséieren. Donieft wier déi Breck och u sech schonn eng weider Attraktioun fir d‘Regioun.

Op kommunalem Niveau goufen dann och scho Pläng skzizzéiert an een Argumentatiounsdossier zesummegestallt. No mengen Informatiounen ass den Tourismusministère dësem Projet prinzipiell gutt gesënnt.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Ass den Ëmweltministère scho mat dësem méigleche Projet befaasst ginn? Wa jo, wéi bewäert de Ministère dëse Projet?
  • Huet den Här Minister d’Méiglechkeet fir dëse Projet, deen och ënner bestëmmte Bedéngungen an den Déngscht vun der duusser Mobilitéit gestallt kéint ginn, ze subventionnéieren – och wann en net direkt un den nationale Vëlosréseau ugeschloss ka ginn?
  • Gouf et do schonn am Virfeld Kontakter mam Naturpark, de Gemengen an dem Tourismusministère? Wa jo, wat ass d’Resultat dovunner?

Äntwert

Ass den Ëmweltministère scho mat dësem méigleche Projet befaasst ginn? Wa jo, wéi bewäert de Ministère dëse Projet?

Et gouf eng éischt Entrevue tëscht dem Buergermeeschter vun der Gemeng Bauschelt an de lokalen a regionale Vertrieder vun der Naturverwaltung (ANF) ufanks 2021, an där sech een éischten Iwwerbléck verschaaft gouf, wat d’Geneemegungsprozeduren ugeet.

Am Hierscht 2021 war dunn eng Entrevue mat de Gemengeresponsabelen, der deemoleger Madamm Ministesch Carole Dieschbourg an de Beamte vun der ANF, Vertrieder vun der Waasserverwaltung a Conseilleren aus dem Ministère. An der Reunioun huet d’Madamm Ministesch der Gemeng gesot, si kéinten um Projet weiderschaffen a sech mat de regionale Beamten um Terrain austauschen, woubäi de Projet einfach gehale sollt ginn a sech diskret an d’Landschaft sollt upassen. Déi néideg Etüden missten natierlech den Impakt op d’Natur bewäerten.

Huet den Här Minister d’Méiglechkeet fir dëse Projet, deen och ënner bestëmmte Bedéngungen an den Déngscht vun der duusser Mobilitéit gestallt kéint ginn, ze subventionnéieren – och wann en net direkt un den nationale Vëlosréseau ugeschloss ka ginn?

Fir kënnen ee Subsid fir de Bau vun engem Vëlositinéraire beim Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ze kréien musse gewësse Konditiounen erfëllt sinn. Den Artikel 7 vum modifizéierte Gesetz vum 28. Abrëll 2015 iwwert den nationale Vëlosreseau leet hei de Kader fest a wéienge Fäll d’Gemengen ee Subsid an Usproch kënnen huelen.

Deen vun de Gemenge proposéierten Itinéraire muss gewëssen technesche Konditiounen entspriechen, déi am Artikel 3 vum genannte modifizéierte Gesetz festgeluecht sinn. Den Itinéraire muss ee Raccord/eng Ubannung un den nationale Vëlosreseau virgesinn (dat heecht de Vëlositinéraire soll eng Agglomeratioun oder een Deel vun enger Agglomeratioun un den nationale Vëlosreseau ubannen). D’Koherenz vum nationale Vëlosreseau muss duerch dësen Itinéraire gestäerkt ginn.

D’Uschlëss, déi d’Gemenge kreéiere fir den nationale Vëlosreseau un een auslännesche Vëlosreseau unzebannen, kënnen och ee Subsid kréien. Dëst gëllt fir deen Deel vum Itinéraire, deen um lëtzebuergeschen Territoire läit.

Am Sënn vum modifizéierte Gesetz vum 28. Abrëll 2015 erfëllt déi vum honorabelen Deputéierten thematiséiert Hängebréck iwwer de Stauséi an der Héicht vum Buerfelt déi hei opgezielte Konditioune fir eng staatlech Subventioun säitens dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten net.

Gouf et do schonn am Virfeld Kontakter mam Naturpark, de Gemengen an dem Tourismusministère? Wa jo, wat ass d’Resultat dovunner?

De 27. Januar 2022 gouf et eng Entrevue tëschent dem Schäfferot vun der Gemeng Bauschelt, Vertrieder vum Naturpark Uewersauer an der Generaldirektioun fir Tourismus. An dësem Kader gouf den Avant-Projet vun der Passerelle virgestallt. Et gouf sech dorop gëeenegt, datt d’Generaldirektioun fir Tourismus an enger éischter Phas am Kader vum 10. “Plan quinquennal” eng preliminär Etüd vun der Gemeng Bauschelt ko-finanzéiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...