„Schonn zanter Joren ass de Bau vun enger sougenannter Hängebréck iwwer de Stauséi an der Héicht vum Burfelt am Gespréich. Dës Bréck géif sécherlech dozou bäidroe fir d’Géigend ronderëm de Stau aus touristescher Siicht ze valoriséieren, well se ënner anerem erlabe géif, d’Spadséierweeër nei ze organiséieren. Donieft wier déi Breck och u sech schonn eng weider Attraktioun fir d‘Regioun.
Op kommunalem Niveau goufen dann och scho Pläng skzizzéiert an een Argumentatiounsdossier zesummegestallt. No mengen Informatiounen ass den Tourismusministère dësem Projet prinzipiell gutt gesënnt.
An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:
- Ass den Ëmweltministère scho mat dësem méigleche Projet befaasst ginn? Wa jo, wéi bewäert de Ministère dëse Projet?
- Huet den Här Minister d’Méiglechkeet fir dëse Projet, deen och ënner bestëmmte Bedéngungen an den Déngscht vun der duusser Mobilitéit gestallt kéint ginn, ze subventionnéieren – och wann en net direkt un den nationale Vëlosréseau ugeschloss ka ginn?
- Gouf et do schonn am Virfeld Kontakter mam Naturpark, de Gemengen an dem Tourismusministère? Wa jo, wat ass d’Resultat dovunner?“