Eng Léisung fir de Policemusée?

Déi historesch Sammlung vun der Police ass deemools an der fréierer Garage vun der Gendarmerie ënnerkomm, e schützenswäert Gebai um Verluerekascht, wou 2022 d'Bauaarbechte fir d'Regierungsgarage sollen ufänken. Deemno misst nach dëst Joer eng definitiv oder ëmmerhin eng Iwwergangsléisung fonnt gi, fir d'Sammlung ënnerzebréngen. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler eng ganz Rei Froen un d'Kulturministesch an de Policeminister gestalt.

Zanter 2006 verfüügt déi groussherzoglech Police iwwer eng historesch Sammlung. Déi Sammlung ass am Gebai vun der fréierer Garage vun der Gendarmerie ënner Daach komm, e schützenswäert Gebai aus dem Ufank vun de 1950er Joren. D’Deeg fir dës Expo vun dëser Sammlung am Gebai um Verluerekascht sinn awer mëttlerweil gezielt, well op dës Plaz bekanntlech de Regirungsgarage komme soll.

Dëst bedeit also, dass nach 2021 eng Léisung um Dësch muss leien, well bis de Summer 2022 d’Sammlung fachgerecht agepaakt muss ginn – zu deem Moment fänken nämlech d’Bauaarbechten um Site un.

Als Tëscheléisung fir déi nächst 5-6 Joer bis zum Fanne vun enger definitiver Léisung huet d’asbl “Policemusée” menges Wëssens de „Musée international d’Effets de Gendarmerie et de Police“ zu Capellen an d’Spill bruecht.

De Faktor Zäit spillt evidenterweis eng ganz wichteg Roll. Och wann ee Site fonnt gëtt, brauch ee mindestens 6-7 Joer fir ze plangen an ze bauen.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Kulturminister an dem Här Policeminister folgend Froe stellen:  

  1. Weess den Här Minister, dass den aktuelle Site eng aner Destinatioun kritt, respektiv ass den Zäitpunkt scho bekannt?
  2. Gouf schonn eng Alternativ fonnt, fir d´Sammlung vum Policemusée op eng aner a sécher Plaz ze bréngen?
  3. Ass d‘Regierung gewëllt de Policemusée ze ënnerstëtzen an domat och de Patrimoine ze erhalen?
  4. Ass gewosst, dass déi Responsabel vum Policemusée eng Alternativ oder Tëscheléisung proposéiert hunn?
  5. Ass d‘Regierung gewëllt fir dës provisoresch Léisung bis zu enger definitiver Solutioun finanziell ze ënnerstëtzen?
  6. Gouf et scho Gespréicher tëschent alle betraffene Partner? Wa nee, ass deemnächst eng Entrevue zu deem Thema geplangt?
  7. Wéi gesäit d’Zesummenaarbecht tëscht der Policeschoul an dem Policemusée de Moment aus?“

Äntwert

De Minister fir bannenzeg Sécherheet ass sech der Problematik vum aktuelle Site vum Policemusée bewosst. Et gëtt no alternative Gebailechkeeten, déi der Police gehéiere gesicht fir eng laangfristeg Léisung ze fannen. Momentan gëtt et allerdéngs keng Alternativ, esou d’Ministeren an hirer Äntwert. De Kulturministère wäert de Musée finanziell mat sengem Programm « NEISTART Luxembourg – Culture » ënnerstëtzen. Dëst mat 37.124,10 EUR. Den 8. September 2020 huet eng Visitt mat de Vertrieder vum Kulturministère, vum Ministère fir bannenzeg Sécherheet, dem Policemusée an de Proprietäre vu Privatsammlunge stattfonnt. Di zwee Ministèren hunn decidéiert dass si keng Sammlungen oder kulturell Gidder wäerte kafen. Ma déi zwee Ministère sinn sech eens ginn dass si de Musée wäerten ënnerstëtzen andeems si eng Campagne de mécénat participatif an en Appel aux dons an der Police lancéieren. Déi finanziell Ënnerstëtzung fir de Kaf vun der Sammlung géif nëmmen a Fro kommen, wann e Gesamtkonzept fir d’Gestioun vum Musée, en Inventar vum Policemusée a vun de kaafte Privatsammlungen ausgeschafft géifen, esou d’Aussoe vun de Ministeren Tanson a Kox. Eng Zesummenaarbecht tëscht der Policeschoul an der Musée asbl fënnt de Moment nach net statt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...