Entsprécht de legale Kader vu Vakanzenjobs nach den Uspréch?

D’Summervakanz ass traditionell déi Zäit vum Joer, an där d’Liewe méi lues dréint. D’Schoul ass eriwwer a jidderee profitéiert vun der waarmer Joreszäit, fir sech eng Paus ze gënnen an zur Rou ze kommen.

Vill Jonker notzen déi grouss Vakanz awer och fir e Summerjob. Eng ettlech vun hinne maache sech oft fréi am Joer op den Dill, fir iwwer d’Vakanz eng Beschäftegung ze fannen. Beléifte Plaze sinn dacks séier fort an oft ass d’Demande no oppene Poste vill méi grouss wéi d’Offer.

Patronen a Betriber gräife gären op Schüler a Studenten zeréck. Si sinn eng wëllkomm Ënnerstëtzung, fir Leit am Congé z’ersetzen oder saisonal Besoinen ze besetzen.

Ma och fir déi jonk Leit brénge Summeraarbecht a Vakanzenjobs eng ganz Rei Virdeeler mat sech. Si sammelen déi Zäit Erfarungen, déi hinne spéider nëtzlech sinn: Pünktlechkeet, Fläiss an Engagement, grad ewéi Ekippegeescht, Ausdauer a Responsabilitéit si wichteg Eegenschafte fir hiert spéidert Beruffsliewen.

An engems kënnen déi Jonk kucken, wat hinne Spaass mécht an a wéi eng Richtung si sech villäicht spéider orientéiere wëllen.

E Vakanzenjob gëtt awer och finanziell Onofhängegkeet, fir sech och mol eppes ze gënnen, ouni op d’Elteren ugewisen ze sinn. Sou muncheree finanzéiert sech och eng Vakanz, säi Fürerschäin, säin éischten Auto oder leet eppes op d’Säit fir d’Studien. Fir vill e bedeitenden Schratt an d‘Onofhängegkeet.

D’Aarbechtszäiten an d’Konditioune vun de Jonke si kloer am Gesetz verankert. Si sollen ouni Risiko fir hir mental a kierperlech Gesondheet kënne schaffen. Iwwer d’Joren ass awer och d’Demande gewuess, fir méi laang ze schaffen. Esou hätte rezenten Informatiounen no, zejoert iwwer 1.000 Jugendlecher de Maximum vun 346 Stonnen ausgereizt. Wéi vill vun hinnen doriwwer eraus, z.B. iwwer e CDD geschafft hunn, ass net gewosst.

D’Fro stellt sech deemno, ob de legale Kader nach den Uspréch vun eiser jonker Generatioun gerecht gëtt. Dofir brauche mir onbedéngt eng Analys vun der Situatioun, déi d’Realitéit an d’Besoinen um Terrain ënnert d’Lupp hëlt. Wichteg ass dobäi, dass mer och an Zukunft en Aarbechtsrecht fir déi Jonk hunn, dat am Aklang mat hire Bedürfnisser a mat hirer Gesondheet steet. D’Fro stellt sech deemno, ob de legale Kader nach den Uspréch vun eiser jonker Generatioun gerecht gëtt. Dofir brauche mir onbedéngt eng Analys vun der Situatioun, déi d’Realitéit an d’Besoinen um Terrain ënnert d’Lupp hëlt. Wichteg ass dobäi, dass mer och an Zukunft en Aarbechtsrecht fir déi Jonk hunn, dat am Aklang mat hire Bedürfnisser a mat hirer Gesondheet steet.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...