Entwicklung der Arbeitslosigkeit im Immobiliensektor?

Die Krise im Immobiliensektor führt dazu, dass immer mehr Unternehmen Mitarbeiter entlassen müssen. Der DP-Abgeordnete André Bauler hat beim Arbeitsminister nachgefragt, ob es Zahlen zur Entwicklung der Arbeitslosigkeit gibt, wie viele Arbeitnehmer bei einer neuen Arbeitsstelle untergekommen sind und wie viele Menschen von den Weiterbildungsmaßnahmen der Adem profitieren.

Frage

D’Kris am Immobiliesecteur féiert dozou, datt eng Rëtsch Mënschen hir Aarbecht verléieren oder verluer hunn. Dat betrëfft Immobilienagencen, Promoteuren a Bauentreprisen. Quasi all Woch héiert ee vu Firmen, déi Leit mussen entloossen. 

An deem Kontext wollt ech dem Här Aarbechtsminister follgend Froe stellen:

1. Verfüügt den Här Aarbechtsminister iwwer rezent Zuelematerial, dat d’Entwécklung vum Chômage an dësem Secteur dokumentéiert?

2. A wat fir engem Mooss konnte Mënschen, déi hir Aarbecht verluer hunn, kuerzfristeg op enger neier Plaz ënnerdaach kommen?

3. Wéi vill betraffe Leit kënne vun de Weiderbildungsmoossname vun der Adem profitéieren, fir weider attraktiv um Aarbechtsmaart kënnen ze bleiwen respektiv fir deen disponibel ze bleiwen?

Antwort

Réponse du ministre du Travail à la question parlementaire n° 253 de Monsieur le Député André Bauler 

 Ad. 1 

Fir d’Evolutioun vum Chômage an deene viséierte Secteuren ze analyséieren (Immobilier a Bau), baséiert d’ADEM sech op déi representativst Métiers ROME1, d’Codes C15 fir den Immobilier an F fir de Bau. 

Op den 31/12/2023 loung d’Zuel vun den Aarbechtssichenden (Residents disponibles), deenen hiren éischten enregistréierte Métier engem vun de Métiers ROME vum Immobilier (Code ROME C15) entsprécht, bei 156, also eng Steigerung vu 54,5% par rapport zum 31/12/2022. Op d’ganzt Joer 2023 gekuckt ass d’Evolutioun vun der Zuel vun den Aarbechtssichenden déi follgend :

Op den 31/12/2023 loung d’Zuel vun den Aarbechtssichenden (Residents disponibles), deenen hiren éischten enregistréierten Métier engem vun de Métiers ROME vum Bau (Code ROME F) entsprécht, bei 1.778, also eng Steigerung vun 33,8% par rapport zum 31/12/2022. Op d’ganzt Joer 2023 gekuckt ass d’Evolutioun vun der Zuel vun den Aarbechtssichenden déi follgend : 

Wann een dat nach méi detailléiert, gesäit een a wéi enge Métieren vum Bau déi 1.778 Aarbechtssichend enregistréiert sinn: 

Situation au 31/12/2023 :

D’Aarbechtssichend sinn zu bal gläichen Deeler enregistréiert an de Métieren vum gros oeuvre a vum second oeuvre (respektiv 41% an 40%), an 11% sinn enregistréiert an de Métiers Conceptioun an Etudes.

Evolutioun vun der Zuel vun den Aarbechtssichenden deenen hiren éischten enregistréierte Métier dem Code ROME F17 travaux an gros oeuvre entsprécht (2023) 

Op den 31/12/2023 ass d’Zuel vun den Aarbechtssichenden (726) ëm 23,5% par rapport zum 31/12/2022 geklommen. 

Evolutioun vun der Zuel vun den Aarbechtssichenden deenen hiren éischten enregistréierte Métier dem Code ROME F16 second oeuvre entsprécht (2023) 

Op den 31/12/2023 ass d’Zuel vun den Aarbechtssichenden (707) ëm 44.9% par rapport zum 31/12/2022 geklommen.

Evolutioun vun der Zuel vun den Aarbechtssichenden deenen hiren éischten enregistréierte Métier dem Code ROME F11 Conceptioun an Etudes entsprécht (2023)

Op den 31/12/2023 ass d’Zuel vun den Aarbechtssichenden (190) ëm 28,4% par rapport zum 31/12/2022 geklommen. 

En parallèle ass d’Evolutioun vun de fräie Plazen déi 2023 bei der ADEM gemellt gi sinn an den 2 Grafiken hei ënnendrënner opgezeechent. D’Evolutioun gëtt analyséiert op Basis vun de Secteurs NACE (all Métier). 

Evolutioun vun den Déclarations de postes – 2023
Secteur NACE L Activités Immobilières

Nom Op an Of am 1. Semester koum eng signifikant Baisse vun den oppene, gemellte Plazen vum Oktober 2023 un.

Evolutioun vun den Déclarations de postes – 2023
Secteur NACE F Construction

Mat Ausnam vu ganz liichte Steigerungen am August an am Oktober, ass d’Baisse vun den déklaréierten, oppenen Plazen kontinuéierlech zanter Mäerz 2023. 

Ad. 2 

D‘ADEM moosst och den ‘taux de sortie’ an d’Aarbecht. Eng Clôture vum Dossier gëtt comptabiliséiert als ‘sortie vers l’emploi’ wann d’Persoun an den 3 Méint no hirer Clôture vum Dossier bei engem Employeur zu Lëtzebuerg affiliéiert ass (laut den Donneeë vum Centre Commun de la Sécurité Sociale). Déi Leit déi net zu Lëtzebuerg schaffen an déi, déi am Interim oder an engem CDD ufänken an no 3 Méint net/net méi schaffen, sinn net an deem Taux dran. 

Fir 2023 (Januar bis September), läit den Taux de sortie an d’Aarbecht bei 45%. D’Sorties vers l’emploi sinn haaptsächlech an d’Secteuren vun der Horeca, den administrative Servicer, de Secteur ‘de soutien’ (Botzfirmen), vum Commerce a vun der Constructioun. 

‘Sortie vers l’emploi’ (Januar – September 2023) – Haaptbetraffen Secteuren NACE 

9% vun de ‘retours à l’emploi’ betreffen de Secteur vun der Constructioun an 1,2% dee vum Immobilier.

Ad. 3 

All d’Aarbechtssichender déi bei der ADEM ageschriwwen an op der Sich no Aarbecht sinn, kommen a Fro fir vun de Formatiounen ze profitéieren déi d’ADEM an hir Partner ubidden an si kënnen och, ënnert verschiddene Konditiounen, vun enger sougenannter ‘aide à la formation professionnelle’ profitéieren. D’Zil ass hir Employabilitéit ze developpéieren an hinnen ze erméiglechen esou séier wéi méiglech nees op den Aarbechtsmaart zeréckzekommen. 2023 hunn 5.143 verschidden Aarbechtssichender 6.062 Formatioune matgemaach. 

Aarbechtssichender déi virdrun an de Secteuren vum Immobilier a vun der Constructioun geschafft hunn, kënne Formatioune proposéiert kréien am Beräich vun der professionneller (Re)Orientatioun déi sech op d’Redefinitioun vum professionnelle Projet konzentréieren am Zesummenhang mat den aktuelle Besoinen vum Aarbechtsmaart. Dës Formatioune sinn oft e Startpunkt fir ze bestëmmen ob en Aabechtssichenden e Parcours vum Upskilling kann ufänke fir seng Kompetenzen ze verbesseren op Basis vu senger Experienz an änlech Poste ka viséieren an deem nämlechte Secteur oder engem aneren, oder ob hie soll e Reskilling maache fir nei Kompetenzen ze léieren en vue vun enger Reconversioun/Requalificatioun fir en neie Beruff oder e neie Secteur ze integréieren. Déi Aarbechtssichend déi bis elo an de Secteuren vum Bau an dem Immobilier geschafft hunn, kënnen vum Programm Skills4Job profitéieren, e spezifeschen Up- a Reskillingprogramm vun den techneschen an transversales Kompetenzen. Sie kënnen och vu sectorielle Formatioune profitéieren oder sech och, via d’Mesure vun der Aide à la formation, aschreiwe fir Formatiounen um nationale Portail vun der Formation continue. 

Et sinn och Formatioune sur mesure vun der ADEM a hire sektorielle Partner developpéiert ginn am Zesummenhang mat spezifesche Métieren vum Secteur vum Bau : zum Beispill tëscht 2021 an 2023, de Projet « Build your future ». Dëse Projet sollt Leit déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an de Métieren wéi Façadier, Maçon oder och nach Coffreur-Bancheur forméieren.


1 Le Répertoire Opérationnel des Métiers et des Emplois ass eng Cartographie vun all de Métiers existants, regroupéiert no Domaine d’activité. All Appellation métier entsprécht engem Ensemble vu Kompetenzen déi ee muss hunn a vun Aktivitéiten déi ee muss ëmsetzen fir deen Métier ze exercéieren. 

Méi Détailler dozou fënnt een um portail1 Consulter le référentiel Rome – Employeurs – ADEM – FACILITONS L’EMPLOI -Luxembourg (public.lu)  

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Wie kann die Gesundheit von Kindern verbessert werden?

Die Gesundheitsprobleme von Kindern nehmen zu und der Zugang zu Kinderärzten wird immer schwieriger. Die DP-Abgeordneten Mandy Minella und Carole Hartmann haben bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, welche Maßnahmen zur Verbesserung der Situation geplant sind, ob eine nationale Strategie für Kindergesundheit vorgesehen ist und ob ein nationaler Koordinator für Kindergesundheit eingesetzt werden sollte.

weiterlesen...

Zerkleinerung von Material in der Grünzone

Die DP-Abgeordneten Luc Emering und André Bauler haben dem Umweltminister mehrere Fragen zur Materialzerkleinerung in der Grünzone gestellt. Sie wollten unter anderem wissen, ob dafür eine Naturschutzgenehmigung notwendig ist und warum nicht in jeder Genehmigung für Gebäude in der Grünzone erwähnt wird, dass mit Recyclingmaterial gearbeitet werden soll.

weiterlesen...

Wird ein zweites PET-CT angeschafft ?

Die frühere Gesundheitsministerin hatte angekündigt, dass möglicherweise ein zweites PET-CT angeschafft werden könnte, um die Wartezeit für Patienten zu verkürzen. Die DP-Abgeordneten André Bauler und Carole Hartmannhaben bei der amtierenden Gesundheitsministerin nachgefragt, wo die Vorbereitungen für die Anschaffung dieses zweiten PET-CTs befinden, ob dieses Gerät möglicherweise ins Krankenhaus in Ettelbrück kommen könnte und wie sich die Zahl der Behandlungen in diesem Bereich in den letzten 10 Jahren entwickelt haben.

weiterlesen...