Erneierung vun der N15 zu Nidderfeelen

D‘N15 duerch Nidderfeelen soll 2022 deelweis erneiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dem zoustännege Minister e puer Froen zu dësem Chantier gestallt.

D‘N15 duerch Nidderfeelen soll 2022 deelweis erneiert ginn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister Detailer zu dësen Aarbechte ginn?
  • Wéi ka wärend dëser Zäit den Duerchgangstrafic sou gereegelt ginn, datt et net zu laange Staue kënnt? Sinn Ëmleedungen geplangt respektiv iwwerhaapt méiglech?
  • Wéivill Gefierer fueren all Dag duerch Nidderfeelen? Wéi hu sech d‘Zuelen an de leschte Joeren entwéckelt?

Äntwert

Kann den Här Minister Detailer zu dësen Aarbechte ginn?

D’Nationalstrooss N15 gëtt tëschent der Tankstell am Dall bis eng 200 Meter virun der Kéier Richtung Ettelbréck nei gemaach. Géigestand vun dësen Aarbechten ass d’Erneierung vum Ënnerbau vun der Strooss. Wéinst dem aktuelle schlechten Zoustand, sackt d‘Strooss op där Plaz ëmmer rëm an. Gläichzäiteg profitéiert d’Gemeng vun där Geleeënheet fir hir Infrastrukturen ze erneieren. D’Aarbechte fänken am August nom Kollektivcongé un, a solle viraussiichtlech an engem Joer ofgeschloss sinn.

Wéi ka wärend dëser Zäit den Duerchgangstrafic sou gereegelt ginn, datt et net zu laange Staue kënnt? Sinn Ëmleedungen geplangt respektiv iwwerhaapt méiglech?

Vu datt de Verkéier am Chantiersberäich duerch eng intelligente Luuchtenanlag gereegelt wäert ginn, si keng Ëmleedunge geplangt. Bei enger Baustell op enger Staatsstrooss mat héijem Verkéiersopkommes, an dat besonnesch an de Spëtzestonnen, ass et evident, datt et schwéier ass ee gewësse Réckstau ze vermeiden. Natierlech gëtt probéiert déi negativ Auswierkungen op de Verkéier sou gutt et geet ze limitéieren. Et ass awer sou, dass all Projet an all Baustell, deen eng bestoend Situatioun verbessere soll, e bësse Verständnis a Gedold vun all de betraffene Leit erfuerdert.

Wéi vill Gefierer fueren all Dag duerch Nidderfeelen? Wéi hu sech d’Zuelen an de leschte Joren entwéckelt?

An der “Route de Bastogne”, direkt am Agang vun Nidderfeelen wann ee vun Ettelbréck kënnt, steet déi permanenten an automatesch Compteur Nummer 905. D’Auswäertung vun dësen Donnéeën tëschent 2018 an 2021 beleet, dass d’Zuel vun de Gefierer déi am Duerchschnëtt all Dag do fueren, relativ stabel ass.

JoerSchaffdeegSamschdesSonndes
201813560115628819
201913160114039237
202012418103557681
202112990114578825

Déi Donnéeë sinn ëffentlech a kënne vu jiddwerengem zu all Moment réckwierkend op di fënnef lescht Joer um “Portail des Travaux publics” opgeruff ginn (https://travaux.public.lu/fr/infos-trafic/comptage.html).

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...