Erweiderung vun der Coque

Beim COSL-Kongress huet de Sportsminister net nëmmen d’Maison des Sports op der Cloche d’Or ugekënnegt, mee och en Ausbau vun der Coque ugeschwat, wéinst der héijer Nofro vu Verbänn. Eis Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella froen no konkreten Ausbaupläng, engem eventuelle Mix aus Sport a Kultur, an dem Zäitplang vum Projet.

Fro

„Den Här Sportminister huet e Samschden, den 29.03.25 am Kader vum COSL-Kongress nieft dem Ëmzuch vun der Maison des Sports op d’Cloche d’Or och d’Noutwennegkeet vun engem Ausbau vun der Coque ugeschwat, wëll ëmmer méi Ufroe vun de Verbänn kommen, fir d’Infrastrukture vun der Coque kennen ze notzen.  

An deem Kader wollte mir dem Här Sportminister follgend Froe stellen:

  • Huet de Sportminister eng Erweiderung vun de Sportinfrastrukturen an der Coque geplangt?
  • Gëtt et schonn ee konkret Konzept fir dës Erweiderung?
  • Wéi een Deel soll erweidert ginn?
  • Fir wéini wier dësen Ausbau virgesinn?

Géing et bäi enger renger Sportinfrastruktur bleiwen oder wier eng Sport- a Kulturinfrastruktur geplangt? “

Äntwert

  • Huet de Sportminister eng Erweiderung vun de Sportinfrastrukturen an der Coque geplangt?
  • Gëtt et schonn ee konkret Konzept fir dës Erweiderung?
  • Wéi een Deel soll erweidert ginn?
  • Fir wéini wier dësen Ausbau virgesinn?
  • Géing et bäi enger renger Sportinfrastruktur bleiwen oder wier eng Sport- a Kulturinfrastruktur geplangt?

D’Infrastrukture vun der Coque stoussen, bedéngt duerch hir Attraktivitéit an déi enorm villfälteg Offer, all Dag un hir Grenzen. Dofir ass et meng Pflicht als Sportsminister fir d’Méiglechkeete vun enger Extensioun vun de besteeënden Infrastrukturen z’analyséieren. An deem Zesummenhang wäert ech d’Coque mat enger Machbarkeetsstudie beoptragen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...