Question
„Den Här Sportminister huet e Samschden, den 29.03.25 am Kader vum COSL-Kongress nieft dem Ëmzuch vun der Maison des Sports op d’Cloche d’Or och d’Noutwennegkeet vun engem Ausbau vun der Coque ugeschwat, wëll ëmmer méi Ufroe vun de Verbänn kommen, fir d’Infrastrukture vun der Coque kennen ze notzen.
An deem Kader wollte mir dem Här Sportminister follgend Froe stellen:
- Huet de Sportminister eng Erweiderung vun de Sportinfrastrukturen an der Coque geplangt?
- Gëtt et schonn ee konkret Konzept fir dës Erweiderung?
- Wéi een Deel soll erweidert ginn?
- Fir wéini wier dësen Ausbau virgesinn?
Géing et bäi enger renger Sportinfrastruktur bleiwen oder wier eng Sport- a Kulturinfrastruktur geplangt? “
Answer
- Huet de Sportminister eng Erweiderung vun de Sportinfrastrukturen an der Coque geplangt?
- Gëtt et schonn ee konkret Konzept fir dës Erweiderung?
- Wéi een Deel soll erweidert ginn?
- Fir wéini wier dësen Ausbau virgesinn?
- Géing et bäi enger renger Sportinfrastruktur bleiwen oder wier eng Sport- a Kulturinfrastruktur geplangt?
D’Infrastrukture vun der Coque stoussen, bedéngt duerch hir Attraktivitéit an déi enorm villfälteg Offer, all Dag un hir Grenzen. Dofir ass et meng Pflicht als Sportsminister fir d’Méiglechkeete vun enger Extensioun vun de besteeënden Infrastrukturen z’analyséieren. An deem Zesummenhang wäert ech d’Coque mat enger Machbarkeetsstudie beoptragen.