DP NORDEN – AG’en

Léiwe Member,

Mir invitéieren dech ganz häerzlech op déi 1. „Assemblée générale conjointe“ vun de Sektiounen aus dem Norden,

déi den 23. Mäerz 2022 um 19h00 am Centre culturel zu Housen (9, op der Héi L-9809 HOSINGEN) stattfënnt.

D’Iddi besteet doranner déi jeeweileg Assemblée générale vun de verschiddene Sektiounen aus dem Norden an engem Owend op enger Platz zäitgläich ofzehalen.

Wichteg: All Sektioun hält seng Assemblée générale simultan a net noeneen an 30 Minutten op separaten Dëscher of.

Ordre du jour :
1. Begréissung vum Bezierkspresident Eric THILL
2. Assemblée générale Nord Sektiounen
– Begréissung vun der Presidentin
– Aktivitéitsrapport vum Sekretär
– Rapport vum Tresorier
– Rapport vun de Keeserevisoren
– Statutaresch Walen
– Messagen vun den Invitéen
– Divers
3. Ried vum JDL-Norden Coordinateur Michel GOETHALS
4. Ried vum Deputéierten André BAULER
5. Ried vum Europadeputéierten Charles GOERENS
6. Ried vum Minister Marc HANSEN
7. Ried vum Chamberpresident Fernand ETGEN
8. Ofschlosswuert vum Bezierkspresident Eric THILL

Nom Ofschloss gëtt et sur Place e Patt ze drénken an e Maufel z‘iessen.

Aus organisatoresche Grënn biede mir dech deng Presenz op ethill@dp.lu ze confirméieren.

An der Hoffnung dech kënnen ze begréissen, verbléiwe mir mat liberale Gréiss,

DP NORDEN

Date
23 Mar 2022
Expired!
Time
19:00 - 23:00
Labels
Generalversammlungen
Location
Centre culturel Hosingen
9 Op der Hei, 9809 Parc Housen
Regioun

Next Event

QR Code