JDL Süden – Keelenowend

Date

25 Mar 2023
Expired!

Time

19:00 - 20:00
D’JDL Süden invitéiert Iech häerzlech op hir éischt Editioun vum Keelenowend. Dëse wäert Samschdes de 25. Mäerz zu Steebrécken an der Brasserie “Beim Kueb” stattfannen. Um 19 Auer ginn déi éischt Klatze geschmass an déi éischt Keele fale gedoen!

D’Fraise fir matzemaache belafe sech op 30€. Doranner sinn awer och en Haaptplat souwéi en Dessert mat abegraff. Wéi eng Menüen zur Auswiel stinn, gesitt Dir op onsem Flyer.

Mir géifen Iech bieden, iech als 2er oder 4er Ekippen (natierlech kann ee sech och eleng oder mat enger anerer Unzuel u Leit umellen) unzemellen an ons dëst per Mail bis den 18. Mäerz ze kommunizéieren. Weider wiere mer frou, wann Dir ons d’Sue schonn am Viraus iwwerweise kéint. D’Kontosnummer an d’Mail-Adress stinn och um Flyer. Gitt ons am Mail och w.e.g Bescheed, wéi ee Menü dir gären huele géift. Dir kënnt natierlech och an der “Oweskeess” um Event d’Fraise bezuelen.

Mir freeën eis drop, fir Iech ze gesinn! Bis dohin!