Firwat fuere verschidden Zich net méi op der Nordstreck?

Entgéint dem offiziellen Horaire fiert tëscht Kautebaach an der Stad am Moment just all Stonn en Zuch, amplaz all hallef Stonn. Well dëst fir d'Leit aus der Géigend Schwieregkeete mat sech bréngt fir an d'Schoul op der d'Schaff ze kommen, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat de Gronn heifir ass a wat virgesinn ass fir d'Situatioun ze verbesseren.

„Laut offiziellem Horaire vun der CFL, dee bis Dezember 2022 gülteg ass, soll op der Linn 10 zu all voller Stonn en Zuch vu Kautebaach an d’Stad fueren. Et ass mir allerdéngs zu Ouere komm, dass dësen Zuch aktuell net fiert, wat fir vill Leit aus der Géigend, déi op Ettelbréck, Dikrech oder an d’Stad an d’Schoul oder op d’Schaff fueren, onnéideg Ëmstänn mat sech bréngt.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Aus wéi engem Grond fiert den Zuch zur voller Stonn net méi?
  • Wat ass geplangt fir ze garantéieren dass d‘Leit aus der Géigend vun enger gudder Verbindung mam ëffentlechen Transport an d’Nordstad an an d’Stad Lëtzebuerg kënne profitéieren?

Äntwert

Sämtlech IC-Zich op der Linn 10 aus an a Richtung Léck fueren zënter dem 5. September 2022 effektiv net méi um Tronçon Kautebaach – Lëtzebuerg. Dës Zich ginn duerch Material vun der SNCB assuréiert am Kader vun der stëndlecher Verbindung tëschent Léck a Lëtzebuerg.

Bedéngt duerch den Äerdrutsch am Tunnel Schieburg den 27. August 2022, ass den Streckendeel tëschent Klierf a Kautebaach bis op Weideres gespaart, soudatt dës Zich hiren Terminus zu Klierf hunn.

Well sämtlecht Material schonn an den Trafiker agesat ass, war et den CFL och net méiglech fir dës Zich an der Tëschenzäit duerch CFL-Material z’assuréieren. CFL hunn awer zesummen mat der SNCB no Léisungen gesicht, soudatt d’Faarten vun dësen Zich rëm kënnen, no enger Upassung vum Emlafplang vum Material vun der SNCB, ab dem 19. September 2022 garantéiert ginn.

Wéinst der Spärung vum Streckendeel tëschent Klierf a Kautebaach fueren dës Zich awer, bis zum Ofschloss vun de Reparatiounsaarbechten am Tunnel Schieburg, just tëschent Ettelbréck an der Stad an zeréck.

Duerch operationell, ewéi och infrastrukturell Contrainten ass et leider net méiglech fir des Zich ab a bis Kautebaach fueren ze loossen.

D’Organisatioun vun engem Schinnenersatzdéngscht per Bus tëschent Kautebaach an Ettelbréck, deen nieft der bestoender stëndlecher RE-Zuchverbindung tëschent Kautebaach an Ettelbréck géif fueren, ass mangels den néidegen Personalressourcen och net méiglech.

Dobäi kënnt datt d‘Fuerzäit vu minimum 40 Minutten fir d’Stréck tëschent Kautebaach an Ettelbréck per Bus ze bewältegen, keng interessant Alternativléisung fir d’Clienten, par Rapport zu der Fuerzäit vun 13 Minutten vun der stëndlecher RE-Zuchverbindung tëschent Kautebaach an Ettelbréck, duerstellt.

Déi eenzeg Alternativ, déi de Reesende ab Kautebaach a Richtung Ettelbréck an der Stad kënnen de Moment ugebuede ginn, bleift deemno just déi stëndlech RE-Zuchverbindung.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...