Firwat gëtt et nach ëmmer keng Verbesserung bei de Korrespondenzen tëscht Bus an Zuch am Norden?

Well et zënter längerer Zäit Problemer mat de Korrespondenzen tëscht dem Zuch aus der Stad an dem Bus 134 op Eschduerf gëtt, a sech d'Situatioun nach ëmmer net gebessert huet, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wat de Minister gedenkt an deem Dossier z'ënnerhuelen.

„D’Awunner vu Bierden an Ëmgéigend hunn zënter Méint Problemer mat de Verbindunge Bus-Zuch-Bus fir an d’Stad. Et gouf den Awunner aus der Regioun Eschduerf-Heischent-Buerschent-Bierden an Aussiicht gestallt, datt sech bei de Changementer am Bus- an Zuchplang vun Dezember eppes géif änneren.

All Dag fiert de Bus vun der Linn 134 Richtung Eschduerf de betraffene Leit, besonnesch de Schülerinnen a Schüler, déi aus der Stad kommen, zu Ettelbréck op der Gare virun der Nues ewech, well d’Zäit fir vum Zuch op de Bus ëmzeklammen einfach ze kuerz ass. Dat selwecht gëllt och ëmdréit – de Problem besteet natierlech zu all Stonn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Firwat ass et am Dezember net zu deenen Upassungen am Zäitplang komm, déi vu ville Säite gefrot a matgedeelt goufen an zu enger spierbarer Verbesserung fir déi betraffe Leit gefouert hätten?
  • Ass den Här Minister bereet fir sou séier wéi méiglech op den zoustännegen Plazen z’intervenéiere fir deen dote Mëssel, deen zu vill Onmutt féiert, aus der Welt ze schafen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...