Gemeng Rammerech: Froen no der Restrukturéierung vum RGTR

Firwat hu verschidden Uertschaften vun der Gemeng Rammerech nom neie Fuerplang vum 17. Juli 2022 keng direkt Ubannung méi u Rammerech fir do d‘Korrespondenz op Woltz, Ettelbréck an an d’Stad ze garantéieren? A firwat fiert d‘Ligne 141 net méi duerch Holtz a Pärel. Eisen Deputéierten André Bauler huet sech zu deem Sujet beim Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten renseignéiert.

„D’Regierung leet bekannterweis grousse Wäert op d’Attraktivitéit vum ëffentleche Persounentransport.

No der Restrukturéierung vum RGTR vum 17. Juli 2022, bekloe sech Bierger aus der Gemeng Rammerech iwwer d‘Ubannung vu verschiddenen Uertschaften un d’RGTR-Netz.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Firwat hunn d‘Uertschaften Holtz, Pärel, Wolwen, Héi-Maartel an Maartel-Roumecht nom neie Fuerplang vum 17. Juli 2022 keng direkt Ubannung méi u Rammerech fir do d‘Korrespondenz op Woltz, Ettelbréck an an d’Stad ze garantéieren?
  • Firwat fiert d‘Ligne 141 (Ligne 622 bis zum 17.07.2022) net méi duerch Holtz a Pärel um Wee fir op Woltz? Holtz a Pärel hunn nämlech haut keng direkt Ubannung méi op Woltz an Ettelbréck.

Äntwert

Firwat hunn d‘Uertschaften Holtz, Pärel, Wolwen, Héi-Maartel an Maartel-Roumecht nom neie Fuerplang vum 17. Juli 2022 keng direkt Ubannung méi u Rammerech fir do d‘Korrespondenz op Woltz, Ettelbréck an an d’Stad ze garantéieren?

Zu Holtz, Pärel, Wolwen, Héi-Maartel an Maartel-Roumecht ass d’Offer mat enger neier Express-Linn (Linn 901) iwwer Réiden direkt an Stad staark verbessert ginn. Wann een d’Fuerzäiten am Verglach mat der aler Linn 530 kuckt dann huet een 2019 laut Horaire 1 Stonn 10 vu Pärel just bis op Ettelbréck gebraucht, haut ass et 1 Stonn 15 bis op d’Stäreplaz.

Fir op Wolz huet ee vu Wolwen, Héi-Maartel an Maartel-Roumecht haut eng direkt Linn (141). Des Connectioun ass et esou am ale Reseau net ginn. Vun Holtz a Pärel aus kann een d’901 huelen fir duerno mat der 141 weiderzefueren, tëscht dëse Linne gëtt et eng Korrespondenz zu Wolwen.

Fir op Ettelbréck muss een zu Réiden ëmklammen, des Verbindung ass nach net optimal an haut 20 Minutte méi lues ewéi virdrun. De Gros vun der Demande Richtung Ettelbréck an Dikrech kënnt awer vu Lycéesschüler déi mat de Schülerlinnen K15 a K35 eng direkt Verbindung an d’Nordstad hunn. Den Accès zu der Linn 10 vun den CFL ass substantiell verbessert ginn, esou kann een zu Réiden ëmklammen an d’Linn 934 huelen fir séier op d’Mierscher Gare ze kommen.

Prinzipiell ass ze soen, dass mir d’Gemengen intensiv an de Prozess vun der Reorganisatioun agebonnen hunn an effektiv hat d’Gemeng Rammerech gefrot fir déi genannten Uertschaften un d’Lokalitéit Rammerech unzebannen. An dësem Fall war et awer esou, dass ee keng Linn hätt kënnen ëmleeën ouni op enger anerer Plaz d’Fuerzäiten ze verlängeren. Fir eng zousätzlech Linn ass d’Mobilitéits-Demande tëscht dësen Uertschaften an der Uertschaft Rammerech net grouss genuch. Prinzipiell ass den Transport innerhalb vun enger Gemeng net d’Käraufgab vum RGTR, do wou et geet oder wou d’Demande et justifiéiert probéiere mir natierlech de Gemengen entgéint ze kommen.

Esouwuel meng Verwaltung vum ëffentlechen Transport wéi och meng Equipe vun der Mobilitéitsplanung am Ministère stinn de Gemengen zur Verfügung wann des Froen oder Proposen zum ëffentlechen Transport oder zum allgemengen Thema Mobilitéit hunn a probéieren wou méiglech Léisungen ze fannen. D’Gemeng Rammerech ass, ausser bei där éischter Consultatioun 2019, bis elo nach net mat dëse Problematiken u mech erugetrueden.

Firwat fiert d‘Ligne 141 (Ligne 622 bis zum 17.07.2022) net méi duerch Holtz a Pärel um Wee fir op Woltz? Holtz a Pärel hunn nämlech haut keng direkt Ubannung méi op Woltz an Ettelbréck.“

Des Ännerung huet misse gemaach ginn fir d’Korrespondenz op der Gare Wolz ze garantéieren.

Mat der Korrespondenz vun der 901 op d’141 zu Wolwen verléiert ee ronn 7 Minutten par Rapport zum alen Tracé, am Reseau virun 2019 huet eng Ubannung a Richtung Wolz net bestanen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...