Paul Engel

Gemengefusioune si kee Selbstzweck

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

E Sonndeg, de 27. Juni gëtt zu Lëtzebuerg iwwert déi 13. Gemengefusioun zanter dem Joer 2004 decidéiert. D’Awunner vun de Gemenge Groussbus a Wal aus dem Réidener Kanton stëmmen deen Dag iwwert eng gemeinsam Zukunft op kommunalem Niveau af.

Den Ament sinn och nach d’Fusioun vun der Nordstad an d’Zesummegoe vu Bous a vu Waldbriedemes geplangt.

Um Projet vu Groussbus a Wal gëtt zanter engen 3 Joer geschafft. Am Ufank waren dat éischter interesséiert Gespréicher mat de Schäfferéit, Gemengeréit souwie dem administrativen an technesche Personal bis hin zu Workshopen an der Erstellung vun der Swot-Etude, der sougenannter Stärkten- und Schwächten-Analyse. Um Enn hu mer 9 Informatiounsversammlungen ënner Covid-Konditiounen organiséiert, fir de Leit op hir konkret Froen z’äntweren.

D’Regierung ënnerstëtzt Gemengefusiounen an dat ass och gutt esou. D’Zil ass et, fir ALL de Leit hei am Land déi nämmlecht Servicer ze bidden. An zwar onofhängeg dovunner a wéi enger Gemeng datt se wunnen. Eng Fusioun ass kee Selbstzweck. Ma si soll de Leit méi eng performant Verwaltung a besser Servicer bidden. An e Plus u finanziellem Spillraum, deen iwwert déi eemoleg Dotatioun vum Staat géing erausgoen.

Groussbus a Wal gehéieren zu de fënnef Gemenge mat de mannsten Awunner zu Lëtzebuerg. Bei engem JO vun de Bierger kéime mer op ronn 2.200 Leit. Dat sinn der nach ëmmer net extra vill, ma mir kréichen eng besser Visibilitéit, méi Gewiicht a Matsproocherecht.

Kee Selbstzweck och an deem Sënn, datt Servicer net zesummegeluecht ginn, wann et dofir keng seriö Argumenter ginn. Wat bis elo gutt funktionéiert, soll weiderlafe wéi bis elo. Ma et gi kloer Virdeeler bei der Wuesstemsentwécklung, bei der Mobilitéit, bei de Veräiner, bei der Acquisitioun vu Material, beim Personal oder bei den Infrastrukturen – fir nëmmen déi Pisten unzeschwätzen.

D’Abanne vun der Populatioun ass den A an O bei enger Gemengefusioun. Dofir wäerten alleguerten déi concernéiert Dierfer hir Identitéit behalen, egal ob d’Gemeng méi grouss gëtt an hiren Numm ännert oder net. Et geet drëms, fir sech an Zukunft organisatoresch, personell a finanziell besser opzestellen. An zwar zum Virdeel vun de Leit.

Datt eis Biergerinnen a Bierger déi gläich Déngschter kréien, wéi soss am Land. Datt mir den Erwaardungen un eng modern an effikass Gemeng kënne gerecht ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...