Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d'Waardezäit fir d'Patienten ze verkierzen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d'Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d'Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d'Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

Fro

„Déi fréier Gesondheetsministesch hat eis 2023 matgedeelt, datt dru geduecht gëtt, fir d’Kapazitéite vum Centre national PET (CN PET) z’erweideren, dëst fir verlängert Waardezäiten ze vermeiden. Et war hirer Opfaassung no wichteg, fir d’Offer u Plagen duerch een zweeten Apparat ze verstäerken. Eng zukünfteg Upassung vun der Annexe vum Spidolsgesetz géif och d’Uschafung vun engem zousätzleche PET-CT virgesinn, sou déi fréier Ministesch. Fir d’Leit aus dem Norde wier et awer vu Virdeel, wann och op Ettelbréck ee PET-CT kéint kommen. Dës mussen nämlech dacks wäit Weeër op sech huelen, verbonne mat engem groussen Zäitopwand. Op Ettelbréck kéinten och Patienten aus dem Zentrum an aus dem Weste vum Land kommen – net ze vergiessen och Biergerinnen a Bierger aus dem Kanton Iechternach.

An deem Kontext wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch follgend Froe stellen:

  1. Wou sinn d’Virbereedungsaarbechte fir d’Uschafung vun engem weidere PET-CT momentan drun?
  2. Ass d’Madamm Ministesch gewëllt fir Gespréicher mat der Direktioun vum ChdN opzehuelen, fir datt sou eng Offer och am Norde vum Land verfügbar wier?
  3. Wéi huet sech d’Zuel vun de Behandlungen an deem Beräich zanter 2014 entwéckelt?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...