Gëtt et nach Hoffnung?

Gudde Mëtteg.

Kënne mer iwwerhaapt nach op besser Zäiten hoffen? An dann direkt déi zweet Fro hannendrun: Hu mer iwwerhaapt dat néidegt Selbstvertrauen dofir?

Nun, aus der Perspektiv vun de leschte Joerzéngte gesäit et emol esou aus. 2008 ass den Ufank vun enger globaler Finanzkris, déi d’Wirtschaft weltwäit massiv no ënnen zitt, gekoppelt mat enger Wärungskris, wou et ee Moment no engem Aus fir den Euro ausgesinn huet. Déi Kris ze meeschteren huet zwar gedauert. Méi laang wéi an aneren Deeler vun der Welt. Um Enn awer hu mer et gepackt. Mat enger europäescher Léisung, well et keng aner zilféierend Alternativ dozou gouf.

2021. Covid, global Pandemie mat onendlechem, mënschleche Leed, Stéierung vun de Liwwerketten, massive wirtschaftlechen Abroch, Inflatioun… Bref, kaum ee Beräich, deen net betraff war. Och do hu mer et gepackt, well d’Léisung e gemeinsaamt europäescht Handele war.

2022 dann. An Europa, also op deem Kontinent, wou et nach wie vor déi meescht funktionéierend Demokratië ginn, gëtt vum 24. Februar 2022 un ee Fënneftel vun engem Land besat, gi Folterkummeren installéiert, mussen d’Leit de Wanter bei minus 20 Grad versichen z’iwwerliewen, si mëttlerweil 20.000 Kanner deportéiert ginn, a gehéiert de Viol zum Krichsarsenal. Well zu Moskau een Här dat wëllt, well zu Peking een Här dat zouléisst a well zu Washington en aneren Här méi u Lithium an u Milliarden interesséiert ass, wéi un der Defense vun Demokratie, Mënscherechter a Fräiheet.

Och do, et kann een net oft genuch betounen, wier d’Ukrain ouni d’Europäesch Unioun an e puer like-minded Partner, wéi Kanada a Groussbritannien, mëttlerweil en hoffnungslose Fall. Also sollt et hei an dësem Fall, an dësem Konflikt, eng dauerhaft Léisung ginn, eng déi d’Dignitéit vun dem ukrainesche Vollek nohalteg schützt a respektéiert, kéint déi Léisung nëmmen eng europäesch sinn.

Wat hale mer also vun deem Ganzen zeréck? Nun, 2026 si mer eleng, op eis selwer gestallt, bei der Defense vun eiser Sécherheet, bei der Sich no méi Beschäftegung a wirtschaftlechem Opschwong. Mir sinn eleng. Zu 27 si mer eleng. Stell iech emol vir, mir Lëtzebuerger wieren eleng, fir d’Bewältegung vun dësen Aufgaben ze meeschteren. An d’Belsch, an d’Dänen, an Däitschland, a Frankräich, a Spuenien, a Portugal wiere jiddwereen, alle 27, jiddwereen eleng. Dann awer léiwer eleng zu 27, wéi 27 mol eleng.

Loosst mer also vläicht net ze vill ondankbar sinn an Europa ugesinn als dat, wat et ass. Nämlech eis Iwwerliewensversécherung.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm haislech Gewalt, d’Situatioun am Entreprenariat an den Anniversaire vun enger Kulturinstitutioun.

weiderliesen...

Méi sozial Gerechtegkeet fir Independanten

D’Regierung wäert deemnächst en Aktiounspak virstellen, fir d’Independanten am Beräich vun der Sozialversécherung, vun de Steieren a vun der Aarbechtslosegkeet besser z’encadréieren. Dat ass e ganz wichtege Schrack, sot d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei enger Aktualitéitsstonn an der Chamber.

weiderliesen...