Diabetes

Gouf et scho Fäll vu Mëssbrauch beim Verschreiwe vun Ozempic ?

Ozempic dierf just u Patiente mat Diabetes Typ 2 verschriwwe ginn. D’DP-Deputéiert André Bauler an Dr Gérard Schockmel hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob Kontrollen duerchgefouert gi fir z’iwwerpréiwen, ob Dokteren sech un d’Reegelen halen, an ob de Collège médical scho mat Fäll vu Mëssbrauch betraut gouf ?

Fro

Rezent si mer gewuer ginn, datt d’’Diabetes-Medikament Ozempic kaum nach an den Apdikten disponibel ass. Gleeft een de Produzenten an den Distributeure vun dësem Medikament, dierft d’Situatioun bis Enn vun dësem Joer esou bleiwen.

Konform zu den aktuelle Reegelen, dierf den Ozempic ausschliisslech Diabetes-Patiente verschriwwe ginn, déi vum Typ 2 betraff sinn. Doktere sinn also ugehalen z’iwwerpréiwen, datt Patienten, déi bei si kommen, och effektiv un Diabetes Typ 2 leiden.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung follgend Froe stellen:

  • Ginn et Stéchprouwe fir ze kontrolléieren, ob d’Dokteren sech och un déi aktuell Reegelen halen?
  • Ass de Collège médical scho mat Fäll vu Mëssbrauch befaasst ginn? Falls jo, wéi vill Fäll waren dat?“

Äntwert

 1. Ginn et Stéchprouwe fir ze kontrolléieren, ob d’Dokteren sech och un déi aktuell Reegelen halen?

Am Fall vu Meldungen, souwuel vun Apdikte wéi vum Collège médical, mécht d‘Gesondheetsdirektioun eng Enquête an hëlt, den Ëmstänn entspriechend, déi néideg Mesuren. D’Gesondheetsdirektioun mécht keng Stéchprouwen op Prescriptiounen, well se keen Accès op Prescriptiounen huet. 

Am Kader vun hire Kompetenze wat d’Prise en chargë vun de Prestatioune betrëfft, mécht d’CNS Kontrollen “a posteriori“, d.h. op Basis vun den Donnéeë vun der Prise en charge déi der CNS zur Verfügung stinn. 

Beim Verdacht op eng onberechtegt Prise en charge, féiert d’CNS zousätzlech Ënnersichungen duerch, ënner anerem an Zesummenaarbecht mam Contrôle médical vun der Sécurité sociale. Wann d’Faite op e Verstouss vun de gesetzleche, reglementairen oder konventionelle Bestëmmungen, deenen den Dokter ënnerläit, hiweisen, gëtt d’Commission de surveillance vun der CNS mam Dossier beoptraagt. 

2. Ass de Collège médical scho mat Fäll vu Mëssbrauch befaasst ginn? Falls jo, wéi vill Fäll waren dat?

Am Kader vun enger Prise en charge vum Medikament OZEMPIC, huet d‘CNS, bis haut, d’Commission de surveillance wéinst engem Dokter saiséiert. De Collège médical deen och an der Commission de surveillance vertrueden ass, ass sou mat och iwwert den Dossier informéiert. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...