Grousse Chantier am Zentrum vun Dikrech

Viru kuerzem ass am Zentrum vun Dikrech e grousse Chantier ugefaange ginn, dee viraussiichtlech bis Enn des Joers wäert daueren. Vu déi grouss Perturbatioune vum Trafic huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat virgesinn ass fir de Chantier sou séier et geet iwwer d'Bün ze bréngen an den negativen Impakt sou kleng wéi méiglech ze halen.

« Le 31 mai dernier a commencé le chantier dans la rue du Pont à Diekirch si bien que la circulation au sein de la ville a dû être réorganisée de fond en comble. Le chantier durera plus que probablement jusqu’à la fin de l’année en cours.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics : 

  • Est-il prévu de continuer le chantier en question durant le congé collectif qui a lieu traditionnellement durant la période estivale afin que les travaux puissent mieux avancer en ce lieu stratégique et être finalisés dans les meilleurs délais ?
  • Le ministère est-il disposé à faire observer les flux de trafic au fil des semaines suivantes au sein de la ville afin d’opérer, si besoin en était, des corrections de tir en matière d’organisation de la circulation et, partant, de signalisation ?
  • Par quelles mesures ciblées le trafic de transit est-il sensibilisé à contourner la ville, en particulier à éviter les rues et ruelles des différents quartiers d’habitation ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...