Handy an Tablett an der Schoul: Néideg, awer a Moossen.

Vill vun iech erënneren sech bestëmmt dorun, datt se als Jugendlech en décke Kapp gemaach kruten, wann se ze vill Tëlee gekuckt hunn.

Dat ass laang hier: Haut kucken déi meescht Teenie kaum oder esouguer iwwerhaapt kee Fernseh méi. Den Tablett an den Handy hunn d‘Televisioun riets iwwerholl.

An esou wéi fréier Froen opkomm sinn, iwwert de Konsum vun Tëleen, iwwerleeën sech haut d‘Elteren, wéi digital hiren eegenen Nowuess soll an däerf sinn.

Dat betrëfft och an zemol d‘Schoul: Esou maachen sech d’Wëssenschaftler an d’Léierpersonal scho méi laang Gedanken iwwert de richtegen Ëmgang mat de modernen Outilen aus der digitaler Welt am Klassesall an doriwwer eraus.

Natierlech geet et hei net dorëmmer d’Auer no hannen ze dréinen, ma et geet drëms, fir en Equiliber tëscht der digitaler an der analoger Welt ze fannen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch plädéiert fir kloer Reglementéierungen, fir de Kanner bäizebréngen, wéini et genuch ass a wéini et och ouni digital Medien um Handy geet: Also wéini de Smartphone an der Schoul an an der Maison Relais näischt méi ze sichen huet, well en ab engem gewëssene Punkt kontraproduktiv fir d’Bildung a fir de Schüler ass.

An ech wëll hei betounen, datt dat net am Géigesaz dozou steet, fir déi digital Outile pedagogesch sënnvoll am Unterrecht ze notzen oder déi digital Kompetenzen altersgerecht ze vermëttelen: Scrollen ass net gläich digital Schaffen!

Eis Kanner si bal alleguer “digital natives”. Dat heescht awer och, datt si grouss ginn, respektiv an enger Welt opwuessen, wou den Tablett, den Handy an déi sozial Medien omnipresent sinn an d‘Benotze fir d‘Kanner normalen Alldag ass.

Dat heescht awer och, datt mir hinne musse sécher Raim schafen, fir déi Tools kennen an notzen ze léieren. Et geet em Problemléisungen, ëm kreatiivt a vernetzt Denken: Wou fannen ech z.B. Informatiounen, wéi kann ech Quellen iwwerpréiwen? Wéi ënnerscheeden ech seriös Nouvellen an Informatioune par Rapport zu Fake News.

Den Opbau vun dësen digitale Kompetenze brauchen déi Jonk esouwuel fir hier Privat- wéi och fir hier Aarbechtswelt. Et geet also drëm, eis Kanner e Stéck wäit ze schützen a si gläichzäiteg op d‘Zukunft virzebereeden.

Den Handy an den Tablett si wichteg Ergänzungen zum Buch. Dofir mussen d‘Schüler op e kriteschen, kreativen a verstännegen Ëmgang mat de Medie preparéiert ginn, an zwar mat Moossen. Am Equiliber mat der analoger Welt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...