Hecke-Korridoren zu Lëtzebuerg

Hecken a Bamreien tëschent de Felder si fir eis Ëmwelt immens virdeelhaft. Se bidden Déieren an Insekten e geschützte Liewensraum an hëllefen och dobäi de Waassergehalt ze reguléieren an d'Buedemqualitéit ze erhalen. Eis Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn nogefrot wéi vill Hecken-Korridore mir hei zu Lëtzebuerg aktuell hunn an op d'Regierung plangt dës weider auszebauen.

Fro:

„An engem rezenten Artikel gouf beriicht, datt d’europäesch Kommissioun Frankräich 500 Milliounen Euro  fir d’Fërderung vun Hecken innerhalb der Landwirtschaft zur Verfügung stellt. Vill Studie weisen drop hin, dat sougenannt Hecke-Korridoren op de Felder Virdeeler fir d‘Biodiversitéit hunn. 

Dës Hecke-Korridore fungéieren als Habitat fir wëll Déieren an Insekten, wat wäertvoll Bestëbser fir d’Biodiversitéit sinn. Zousätzlech fungéieren dës och als natierlech Schädlingskontroll, wat virun allem de Gebrauch vu Fungizide limitéiere kéint. Dës Weidere kënnen se och de Waassergehalt reguléieren an d’Buedemqualitéit verbesseren. 

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau an dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

  • Ass der Madamm Ministesch an dem Här Minister bekannt, wéi vill Kilometer Hecke-Korridoren et hei zu Lëtzebuerg gëtt?
  • Gräift Lëtzebuerg och op EU-Gelder zeréck, fir Bauere beim Ausbau vun Hecke-Korridore finanziellz‘ënnerstëtzen? Wann nee, wisou net?

Falls et net genuch Hecke-Korridoren hei zu Lëtzebuerg ginn, sinn d’Madamm Ministesch an den Här Minister bereet, fir dës méi staark ze fërderen?“

Äntwert:

Ass et der Madamm Ministesch an dem Här Minister bekannt, wéi vill Kilometer Heckekorridoren et hei zu Lëtzebuerg gëtt? 

Op Basis vum digitaliséierte Parzellereferenzsystem vum Landwirtschaftsministère ka follgend Zuel genannt ginn: 

Gesamtlängt Hecken a Bamreien op landwirtschaftlech genotzte Parzellen: 4.118 km 

Well d’Ënnerscheedung Hecken / Bamreien net ëmmer evident ass per Loftbildinterpretatioun, kënne fir béid Kategorië keng geséchert getrennt Donnéeë geliwwert ginn. Et kann een awer soen, dass den ekologesche Wäert, esouwéi d’Funktioun als Korridor vun de Bamreien oft gläichzesetzen ass mat där vun Hecken. 

Gräift Lëtzebuerg och op EU-Gelder zeréck, fir Bauere beim Ausbau vun Heckekorridore finanziell z’ënnerstëtzen ? Wann nee, wisou net? 

Falls et net genuch Heckekorridoren hei zu Lëtzebuerg ginn, sinn d’Madamm Ministesch an den Här Minister bereet, fir dës méi staark ze fërderen? 

Lëtzebuerg stinn net genuch Gelder aus dem EU-Haushalt zur Verfügung, fir all Ziler vun der europäescher gemeinsamer Agrarpolitik ëmzesetzen. Sou gëtt zum Beispill d’Uleeën vun Hecken a Feldgehölzen am Kader vum Biodiversitéitsprogramm (Règlement grand-ducal du 24 juillet 2024 relatif aux aides en faveur de la sauvegarde de la biodiversité en milieu rural) mat réng nationale Gelder iwwert de Budget vum Landwirtschaftsministère finanzéiert. D’Ausschaffung an och d’Ëmsetzung vun dëse Programmer an Zesummenaarbecht mat de Biologesche Statioune gi vum Ministär fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit finanziell ënnerstëtzt.  

Hei ass notamment follgendes virgesinn: 

  • D’Planzung vun Hecken (an de Schutz an Entretien vun dësen), Programm C_4 Création de haies, bosquets, de brise-vents, de lisières forestières.
  • Den Ekologeschen Ënnerhalt vun enger bestehender Heck (Schneiden an Op-de-Stack-setzen), Programm EN_2 an EN_3 Coupe écologique de haies longitudinales (BK17).
  • D’Uleeë vu Benjes-Hecken (“Totholz-Hecken”) Programm C_1 Création de biotopes de structure et autres structures Extensives – Installation de haies mortes.

Detailer iwwert déi viru kuerzem iwwerschafften Hecken- a Feldgehölzfërderung kënnen um Landwirtschaftportal vum Landwirtschaftsministère ënnert follgendem Link nogelies ginn: 

https://agriculture.public.lu/de/beihilfen/biodiversitaetsprogramme/schaffung-oekologischestrukturelemente.html

Eng ausféierlech Broschür mam Iwwerbléck iwwer d’Primen a Konditioune vun den aktuelle Biodiversitéitsprogrammer, gouf vun der Naturverwaltung zesummegestallt, an ass um Site vum Ëmweltministère ze fannen:  

https://environnement.public.lu/fr/publications/conserv_nature/2024/biodiversitaet-in-derlandwirtschaft.html

Weiderhin gëtt d’Uleeë vu Liewesraim fir seelen Déieren duerch Gemengen a Privatleit iwwert de Règlement grand-ducal du 30 septembre 2019 concernant les aides pour l’amélioration de l’environnement naturel substantiell vum Ministär fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit ënnerstëtzt. Do fällt och d’Planzen, d’Schützen an den ekologeschen Entretien vun Hecken drënner, wa se de Conditioune vun dem Reglement entspriechen.  

De Ministär fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit ënnerstëtzt och de Label “Heck vun hei”. Am Kader vun dëser Initiativ gi gebitts-eenheemesch Heckeplanze produzéiert. Dës Planze sinn optimal un de lëtzebuerger Standuert ugepasst. 

Am Nationalen Naturschutzplang (PNPN3) sinn den Erhalt an d’Verbesserung vun den ekologesche Korridoren och als wichteg Ziler festgehal. Dozou gehéieren och den Entretien an d’Nei-Uleeë vun Hecken. Och d’Fërderung vu Strukturelementer an der oppener Kulturlandschaft ewéi schon uewe beschriwwen ass en Zil aus dem PNPN3, wat doriwwer eraus och am Kader vun der europäescher Restauratiouns-Regulatioun als Objektiv verankert ass. Duerch dës Zilsetzung kënnen och Planzunge vun Hecken iwwert den Ëmweltfong finanzéiert ginn, op Terraine, déi net landwirtschaftlech genotzt ginn. An dem Kader goufen no engem Appel à projets säit leschtem Joer 6 gréisser Projete vun NGOs, Biologesche Statiounen an der Natur- a Bëschverwaltung, déi sech mat der Schafung vu Strukturen, wéi Hecken- a Bamreien am Offeland beschäftegen, lancéiert. All dës Programmer an Initiativen gi reng national finanzéiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...

Sinn eis Spideeler op Cyberattacke preparéiert ?

Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft goufen.

weiderliesen...

Wéi steet et ëm d’Zänngesondheet zu Lëtzebuerg ?

Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.

weiderliesen...