Fuerschung an Innovatioun

Héichschoul a Fuerschung

Héichschoul a Fuerschung : Innovatiounsstanduert Lëtzebuerg ausbauen

D’DP wäert d’Lëtzebuerger Héichschoullandschaft qualitativ weiderentwéckelen an der ëffentlecher Fuerschung weider e finanziellen, legalen an infrastrukturelle Kader bidden, fir déi international Exzellenz an den Notze fir eis Gesellschaft ze garantéieren.

D’Uni Lëtzebuerg feiert 2023 hiren 20. Anniversaire a kann op eng erfollegräich Entwécklung zeréckkucken. Fir weider de gesellschaftlechen Uspréch gerecht ze ginn an den internationale Qualitéitsstandaren z’entspriechen, wäert d’DP d’Struktur vun der Uni weiderentwéckelen. Fir an de wichtege Beräicher genuch qualifizéiert Leit auszebilden (z.B. Medezin a Gesondheetsberuffer, Enseignanten a Sozialpädagogen), proposéiert d’DP univertéits-intern Schools (Medical School, Educational School).

Weider universitäts-intern Fuerschungszentren (Centres interdisciplinaires) gi geschaf. Sou z.B. an den Themeberäicher vun der nohalteger Entwécklung a vum europäeschen Droit. D’DP wäert de Campus um Belval weider ausbauen, fir dem Besoin un Infrastrukturen vun der Uni a vun de verschiddene Fuerschungszentre gerecht ze ginn. Och op de Kierchbierg kënnt e moderne Campus, wou déi an der Stad verbliwwen Departementer Plaz kréien.

De Luxembourg University Competence Center gëtt als Zenter fir universitär Weiderbildungscoursen ausgebaut. An deem Kontext gëtt e legale Kader fir sougenannt Micro-credentials geschaf. Nieft den akademesch orientéierte BTS-Formatiounen, wäert d’DP am Kontakt mat de Beruffskammeren eng komplementär Beruffsausbildung schafen.

Fir den Transfert vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser an déi praktesch Applikatioun ze fërderen, wäert d’DP eng Transfert-Agence schafen, déi Spinn-offs a Start-uppe consultéiert a begleet. Op de Campus um Belval komme weider Raim fir jonk Entreprisen, déi vun der Proximitéit zu der Fuerschung profitéieren. Fir en attraktiivt Ëmfelt fir Start-uppen ze kreéieren, wäert d’DP d’Participatioun vun der Uni um Kapital vu Start-uppen erméiglechen. Weider gi steierlech Avantagë fir Investitiounen a Start-uppe méiglech gemaach.

Date sinn am 21. Joerhonnert eng Ressource, déi ganz ënnerschiddlech ka genotzt ginn. D’DP wäert déi National Datenaustausch-Plattform (PNED) weider vergréisseren, fir déi wëssenschaftlech a wirtschaftlech Notzung vun Daten ze fërderen, déi konform zu den nationalen an internationalen Dateschutz-Direktive sinn.

D’DP wäert d’Medeziner-Ausbildung op der Uni Lëtzebuerg schrëttweis ausbauen. No der Evaluatioun vun der Bachelor-Formatioun an der Medezin, wäert d’Uni en deementspriechende Masterprogramm an enker Kollaboratioun mam Gesondheetssekter ubidden. Och aner Spezialiséierungen am Beräich vun der Medezin gi mam Santéssekter entwéckelt.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medezin

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp