Héichwaasserschied am Iechternacher Park: firwat leien d’Aarbechten nach ëmmer op Äis ?

D'Héichwaasserschied am Iechternacher Park goufen bis haut nach ëmmer net gefléckt. D‘Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn d’Kulturministesch an deem Kader no de Grënn fir dësen Retard a no der viraussiichtlecher Reprise vun den Aarbechten gefrot.

„ Bei de schroen Iwwerschwemmungen am Mount Juli gouf den Iechternacher Park staark getraff. Fënnef Méint no der Héichwaasserkatastroph ass de Park nach ëmmer an engem ganz schlechten Zoustand. D‘Reparaturaarbechte vun de Gemengenekippe goufen administrativ gestoppt a waarden elo säit dem 5. Oktober op d’Erlabnis vum Kulturministère a vum ‚Service des Sites et Monuments‘ fir dierfe virun ze fueren.

An deem Kader wollte mir der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  • Wisou, an op Basis vu wéi engen gesetzlechen Dispositiounen, goufen d’Aarbechten am Iechternacher Park vum „Service des Sites et Monuments Nationaux“ gestoppt? Wéi laang leien d’Aarbechten elo schonn op Äis?
  • Mussen Opraumaarbechten a kleng Reparaturen am Fall vun enger Naturkatastroph am Virfeld autoriséiert ginn?
  • Hunn déi zoustänneg Instanzen de Bréif vum 5. Oktober vun der Gemeng Iechternach receptionnéiert? Wa jo, gouf d’Demande schonn traitéiert a fir wéini ass mat enger Äntwert ze rechnen?
  • Wéini kënnen d’Aarbechten fir d’Instandsetzung vun de Weeër, der Beliichtung, den Tennis-Terrain’en an dem Minigolf nees opgeholl ginn, a bis wéini sollen dës Reparaturen ofgeschloss sinn?
  • A wat fir engem Mooss ass de Pavillon am Iechternacher Park duerch d’Héichwaasser beschiedegt ginn? Wéi eng Reparaturen mussen hei genee duerchgefouert ginn a wat wäert de Käschtepunkt vun dëse Reparature sinn?“

Äntwert

Fro 1

Den Iechternacher Park ass als Monument national klasséiert an all Aarbechten déi do solle stattfanne mussen deemno, laut dem modifizéierte Gesetz vum 18. Juli 1983 iwwert den Denkmalschutz, am Virfeld vum Kulturminister autoriséiert ginn. D’Gemeng Iechternach huet am Virfeld vun den Aarbechten awer keen Dossier agereecht an et gouf deemno keng Autorisatioun. 

Déi net autoriséiert Aarbechte vun der Gemeng sinn dunn opgrond vun de Rapporte vum Centre national de recherche archéologique a vum Service des sites et monuments nationaux gestoppt ginn. D’Gemeng gouf opgefuerdert en Dossier anzereechen, deen de 7. Oktober am Kulturministère ukomm ass. Vu datt den Dossier net komplett war, hu nach Elementer vun der Gemeng nogereecht misse ginn. Fir d’Weeër gouf eng Fiche technique vum Aggregat gefrot an och eng vum Zonk vum Mini-Golf. D’Fiche technique vum Aggregat ass de 14. Januar eragereecht ginn, also no der Autorisatioun. Fir den neien Zonk gouf nach keen Dokument eragereecht. 

Fro 2

Opraumaarbechten a kleng Reparature goufen hei keng gestoppt, et ware gréisser Aarbechten amgaangen. Déif Grief goufe gezunn, Elektresch gouf verluecht an eng nei Beliichtung an eng nei Beplanzung waren um Punkt fir installéiert ze ginn. Nei Zementsockele fir d’Beliichtung ware schon installéiert, dat nodeems di al Sockelen aus Steen ewech gemaach goufen. 

Fro 3

En onkompletten Dossier war de 7. Oktober erakomm. Bis deen opgeschafft a mëndlech kompletéiert gi war a no Reuniounen op der Platz, konnt ech den 20. Dezember 2021 eng Autorisatioun erstellen. Meng Servicer waren a regelméissegem Echange mat der Gemeng. 

Fro 4

D’Aarbechten un de Weeër an un hirer Beliichtung däerfen elo geschéien. Fir d’Beliichtung vun der Vëlospist muss eng nei Autorisatioun ugefrot ginn, well do nach déi al Beliichtung besteet. Ëm de Minigolf kënnt e neien Zonk. Fir den Tennis Terrain läit nach keng Demande vir. 

De Service des sites et monuments nationaux huet eng historesch an architektonesch Etüd iwwert de Park beoptraagt. Dës Etüd wäert och d’Flora analyséieren an ee präzisen Diagnostik erstellen. Opgrond vu där Analyse ginn déi konservatoresch a restoratoresch Moossname fir de ganze Park definéiert, sou wei d‘Charte de Florence et virgesäit. 

Fro 5

De Pavillon ass net weider vum Héichwaasser beschiedegt ginn. D‘Daachaarbechten déi elo amgaange si ware schonns virum Héichwaasser geplangt. Si hu misse gestoppt ginn well d’Gemeng Iechternach mat hiren onerlaabten Griefaarbechte bis un de Pavillon erugefuer war. Esou stoung d’Stee net méi sécher. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...