Impfen zu Ettelbréck, an der Nordspëtzt an am Nordweste vum Land?

Fir Professioneller aus dem Gesondheetsberäich, déi am Norde wunnen, ass et mat engem groussen Zäitopwand verbonnen fir hir 2. Impfung géint de Covid-19 bis op de Lampertsbierg ze fueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob dës Leit hir 2. Impfung net och am neien Impfzentrum zu Ettelbréck kréie kéinten?

Fro

“Wärend der éischter Impfphase krute Professioneller aus dem Gesondheetssecteur hir éischt Impfung géint de Covid-19 an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg. 

Elo ass mir zougedroe ginn, datt och déi zweet Impfung fir dës Leit an der Victor-Hugo-Hal administréiert muss ginn. Fir Awunner aus dem Nordbezierk ass dat mat engem groussen Zäitopwand verbonnen, well se ënner Ëmstänn laang Weeër mussen op sech huelen. 

An deem Kader wollt ech der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froe stellen:

Wier d’Madamm Ministesch bereet Ännerunge virzehuelen, esou datt d’Leit aus dem Norden hir zweet Impfung am neien Impfzentrum zu Ettelbréck kéinte kréien?

– Ass et virgesi fir weider Impfzentren an der Nordspëtzt oder am Nordweste vum Land opzemaachen fir de Bierger méi kuerz Deplacementer z’erméiglechen?

Äntwert

Wier d’Madamm Ministesch bereet Annerunge virzehuelen, esou datt d’leit aus dem Norden hir zweet lmpfung am neien lmpfzentrum zu Ettelbréck kéinte kréien?

De Moment wou d’Leit sech ee Rendezvous fir eng 1. lmpfung huelen, kréien d’Leit duerch den informatesche Buchungssystem automatesch och ee Rendezvous fir déi 2. lmpfung. Dësen 2. Rendezvous dréit dem Délai tëschent deenen 2 lmpfunge Rechnung a gëtt automatesch an deem lmpfzenter gebucht, wou och déi 1. lmpfung gemaach gouf. Déi gebuchte Rendezvousen kënne net annuléiert an an een aneren lmpfzenter iwwerdroe ginn, well d’Gestioun vun de Kapazitéiten tëschent den lmpfstroossen fir déi éischt lmpfung an déi zweet lmpfung beantrachtegt géif.

Ass et virgesi fir weider lmpfzentren an der Nordspëtzt oder am Nordweste vum land opzemaachen fir de Bierger méi kuerz Deplacementer z’erméiglechen?

Den lmpfzenter, deen am Moment fir de Norden virgesinn ass, huet nach frai Kapazitéiten. Am Moment ass duerfir kee weideren lmpfzenter am Norden virgesinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...