Impfzentrum zu Ettelbréck

Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass zougedroe ginn, datt fir eeler Leit aus der Nordspëtzt, mat enger Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung, am Impfzentrum zu Ettelbréck deelweis keng Zäitplagë méi fräi waren. Si kruten um Telefon gesot si missten ee Rendez-vous zu Munneref huelen. D'Deputéiert hu sech bei der Gesondheetsministesch renseignéiert, ob et sech dobäi ëm Eenzelfäll handelt a wéieng Méiglechkeeten d'eeler Leit an dësem Fall hunn.

Fro

„Eis ass aus ganz seriöser Quell gesot ginn, datt eeler Leit, déi geimpft sollte ginn, an déi am Norde wunnen, eng Invitatioun kruten, sech dann och zu Ettelbréck wollten umellen, mee dunn awer um Telefon gesot kruten, si missten op Mondorf fueren, well zu Ettelbréck keng Zäitplage méi fräi wier. 

Dat féiert natierlech zu gréisseren Transportzäiten an zu eventuelle Méikäschte fir déi betraffe Leit, well den Taxi oder den Adapto am Prinzip nëmme bis op Ettelbréck gratis ass. Hei geet et och ëm Leit déi bal 90 Joer al sinn an net sou laang kënnen oder wëllen an engem Taxi ënnerwee sinn. Dovunner ofgesinn ka jo net jiddereen, och net eeler Leit, op den Adapto zeréckgräifen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Gesondheetsministesch eis soen, ob et sech do ëm Eenzelfäll bzw. ëm een Iertum handelt? Gëtt awer bëssen drop opgepasst, datt Leit am héijen Alter net riskéiere sou wäit mussen ze fueren, zemol wann se aus der Nordspëtzt kommen?
  • Wann d’Leit en neie Rendez-vous kréien, well se aus Altersgrënn oder/an aus Krankheetsgrënn net sou wäit fuere kënnen, riskéieren se dann net onnéideg laang mussen ze waarden?
  • Géife se awer wëlle mam Taxi an den Impfzentrum op Mondorf oder an d’Stad fueren, well se aus verständliche Grënn einfach net méi laang wëlle waarden, kréie se dann trotzdeem déi ganz Faart bezuelt oder mussen se déi aus hirer eegener Täsch bezuelen?“

Äntwert

Zu Lëtzebuerg hunn d’Leit, déi eng lnvitatioun fir d’lmpfung kréien, de fraie Choix vun hirem lmpfzenter. Déi meescht Leit wielen dann och den Zenter, deen am nachste bei hirem Wunnuert lait. Verschidde Leit hunn awer och eng Preferenz fir een aneren Zenter, an dat aus verschiddene Grënn (z.B. no bei der Aarbechtsplaz oder eng besser Ubannung un den ëffentlechen Transport …). Dëst mécht de Planning vun de méigleche Rendez-vousen natierlech e bësse méi komplizéiert, wéi wann een den lmpfzenter géif imposéieren.

D’Plages horaires, déi disponibel sinn, sinn awer esou gerechent, dass jiddereen dohi goe kann, wou hien wëll, och wann een heiansdo e puer Deeg waarde muss. Et handelt sech awer ni ëm méi laang Waardezaiten. An deem Sënn schéngt de Fall, deen den honorabelen Deputéierten erwaant, éischter een Eenzelfall ze sinn, wou en techneschen oder e Kommunikatiounsproblem war.

D’Deplacementer an d’lmpfzentere kënnen net vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn. Fleegebedierfteg Persounen, déi Leeschtunge vun der Fleegeversécherung kréien, kënnen am Fall vun enger “Garde en groupe”, an dar déi fréier “Course-sortie” mat integréiert ass, op déi zréckgraifen, fir vun engem Réseau an den lmpfzenter gefouert ze ginn. Doriwwer eraus huet d’Regierung mat der COPAS en Accord, dee virgesait, datt déi Beneficiairen, déi keng “Garde en groupe” hunn, och kënne vun de Réseauen an den lmpfzenter gefouert ginn. Dës Leeschtung gëtt da vum Staat iwwerholl. Persounen, déi kënnen op den Adapte-Service zréckgraifen, kënnen och dësen an Usproch huelen, fir an den lmpfzentere gefouert ze ginn.

Doriwwer eraus hu verschidde Gemengen e gratis Transport an den lmpfzenter fir Persounen iwwer 65 Joer ugebueden.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...