Wirtschaft

Wirtschaftspolitik

Wirtschaftspolitik: Een attraktiivt Ëmfeld fir innovativ a konkurrenzfäeg Entreprisen

An de leschte fënnef Joer ass déi konjunkturell Entwécklung duerch d’Suitë vun der Pandemie a vum Krich an der Ukrain gepräägt ginn. Lëtzebuerg ass ekonomesch bis elo relativ gutt duerch déi zwou Krise komm. Dat ass och an zemol dem resoluten Handele vun der DP-geféierter Regierung ze verdanken. Déi staatlech Corona-Hëllefen an Héicht vu ronn 1,5 Milliarden Euro (Kuerzaarbecht, Direkthëllefen a remboursabel Hëllefen) waren ouni Beispill an hunn de gewënschten Effet gehat: D’Faillite ware wärend der Pandemie éischter réckleefeg, ier se sech nom Enn vun den Hëllefen erëm um Niveau vu virun der Pandemie agependelt hunn. De Chômage ass wéinst de Mesurë fir d’Kuerzaarbecht an fir d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen nëmme wéineg an d’Luucht gaangen, ier en esouguer op e méi niddregen Niveau wéi virun der Pandemie zeréckgaangen ass (5 Prozent am Mee 2023).

Zanter de russeschen Attacken op d’Ukrain am Fréijoer 2021 ass eist Land mat de Suitë vun enger Inflatiouns- an Energiekris confrontéiert. Den Ofschloss vun dräi erfollegräichen Tripartiten huet gewisen, datt de Sozialdialog a Krisenzäite funktionéiert. Déi decidéiert Mesuren, wéi den Ernergiepräissdeckel an d’Baisse op der TVA, haten direkt Auswierkungen op d’Inflatioun. Effektiv huet Lëtzebuerg an der Tëschenzäit déi niddregsten Inflatioun vun all den Eurolänner (3,6 Prozent am Mee 2023). Déi direkt Staatshëllefen hunn iwwerdeems d’Haussen op den Energiekäschte fir besonnesch staark betraffe Betriber ofgefiedert.

Déi sëllege Krisen hunn d’Politik an der aktueller Legislaturperiod sécher markéiert. Trotzdeem sinn an dëser Zäit wichteg Reformen a Projeten, besonnesch fir mëttestänneg Betriber, ëmgesat ginn. Z.B. d’Moderniséierung vum Gesetz iwwert den Droit d’établissement fir Entreprisen, d’Schafe vum Observatoire national des PME oder d’Ausschaffe vum fënnefte Plan d’action PME.

Déi wirtschaftlech Situatioun gëtt awer weider vun den Onsécherheete belaascht. Déi konsequent Hausse vun de Leetzënsen duech d’EZB, fir d’Inflatioun ze bekämpfen, huett staark Auswierkungen op den Immobiliemaart an d’Baubranche. Och zu Lëtzebuerg huet d’Zënspolitik eng Baisse vun der Constructioun mat sech bruecht. An engems huet d’Vertraue vun de Konsumenten ofgeholl, wat en direkten Afloss op d’Consommatioun mat sech bruecht huet. D’Industrie ass weider mat héijen Energiepräisser confrontéiert an de Finanzsekter kritt och d’Onsécherheete vun de Marchéen ze spieren.

An dësen delikaten Zäiten ass et d’Aufgab vun der Politik, déi richteg Kaderbedingungen ze schafen, fir d’Widderstandsfäegkeet vun der Ekonomie ze stäerken. D’DP wäert och an Zukunft d’Weiche fir eng staark Wirtschaft stellen, fir d’Aarbechtplazen an den Wuelstand vun eisem Land ze sécheren.

Fir d’DP dierfen déi aktuell Erausfuerderungen net dozou féieren, datt déi grouss Theme vun eiser Zäit an den Hannergronn geroden. D’Klimaneutralitéit bis 2050 an d’Reduktioun vun den Emissiounen ëm 55 Prozent bis 2030 verlaange grouss Efforte vu Wirtschaft a Politik. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt déi Ziler mussen erreecht ginn, fir den nächste Generatiounen eng liewenswäert Basis fir hirt Liewen ze garantéieren. D’DP setzt alles dorunner, déi noutwendeg Transitioun, hin zu enger CO2-Neutralitéit, mat enger Stäerkung vun der Wirtschaft a vun der Konkurrenzfäegkeet ze verbannen.

Dat zweet grousst Thema vun eiser Zäit ass déi digital Revolutioun, déi d’Wirtschaft an d’Gesellschaft fundamenal ännere wäert. Et ass entscheedend fir eis Konkurrenzfäegkeet a fir d’Produktivitéit vun eiser Ekonomie vu muer, wéi mir mat den digitalen Technologien a mat der kënschtlecher Intelligenz ëmginn. D’DP wäert dofir den Entreprisen aktiv dobäi hëllefen, fir vun den digitalen Technologien ze profitéieren. Mir wëllen dobäi besonnesch de klengen a mëttlere Betriber hëllefen, fir op den digitalen Zuch ze sprangen.

Kleng- a mëttelgrouss Betriber sinn d’Réckgrat vun eiser Wirtschaft. An engems brauche mir onbedéngt Mënschen, déi sech trauen nei Weeër ze goen, Iddien ëmzesetzen an eng eegen Entreprise ze grënnen. Si sinn onverzichtbar fir eist Land. D’DP wëll d’Entrepreneuriat zousätzlech fërderen an de Stellewäert vum Independant däitlech stäerken. Dofir soll d’Generaldirektioun Mëttelstand aus dem Wirtschaftsministère zu engem eegestännege Ministère ausgebaut ginn, deen och d’Beräicher vum Fräiberuffler a vum Entrepreneuriat ëmfaast.

D’DP bekennt sech zu engem sozial-liberalen a klimaneutrale Wirtschaftsmodell. Fir Klimaneutralitéit z’erreechen, mussen d’Prinzipie vun der Kreeslaafwirtschaft fest an eiser Ekonomie verankert ginn. Gläichzäiteg huet d’DP Vertrauen an d’Innovatiounsfäegkeet vun den Entreprisen a steet zu enger geziilter Fërderung vun den neien Technologien, déi eis hëllefen, d’Zil vun der Klimaneutralitéit z’erreechen. Fir d’DP heescht Klimaneutralitéit net automatesch Verzicht. D’DP plaidéiert fir e klimaneutraalt Wirtschaftswuesstem, dat de Ressourceverbrauch vun der ekonomescher Entwécklung berücksichtegt an esou Ökologie an Ekonomie matenaner verbënnt. Gläichzäiteg wäert e klimaneutraalt Wuessen zum Wuelstand vun eisem Land bäidroen an de Sozialstaat ofsécheren.

De wirtschaftlechen Erfollegsmodell Lëtzebuerg baséiert op enger héijer Produktivitéit. Dem IMD Competitiveness Index no, läit Lëtzebuerg 2023 op der 20. Plaz weltwäit. D’Aarbechtsproduktivitéit stagnéiert allerdéngs zanter e puer Joer, wann och op engem ganz héijen Niveau. D’Produktivitéitssteigerung ass e wichtegt Instrument, fir de Wuesstemsmodell qualitativ amplaz reng quantitativ ze gestalten. Fir d’DP dierf d’Hausse vun der Produktivitéit net op Käschte vun de sozialen Acquise goen – wéi z.B. vum Indexmechanismus – ma muss duerch d’Ergräife vun neie Chancen entstoen. Déi besti virun allem aus enger wuessender Digitaliséierung, dem Notze vun der kënschtlecher Intelligenz, enger méi staarker Simplificatioun administrative, an der Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, am Sënn vum Patronat a vum Salariat.

Fir d’Konkurrenzfäegkeet nohalteg ze stäerken, musse mir déi wichteg Facteure vun der Attraktivitéit vun eisem Land permanent evaluéieren a verbesseren. D’DP wëll dofir nieft dem Observatoire de la compétitivité och eng Taskforce fir d’Fërderung vun der internationaler Kompetitivitéit asetzen.

Den TripleA-Ranking ass essentiell fir d’Konkurrenzfäegkeeet vun eiser Wirtschaft a muss bäibehale ginn.

Eng konkurrenzfäeg Entreprisebesteierung ass d’Kärelement vun der Wirtschaftspolitik vun der DP.

Cf. Kapitel Steierpolitik

D’Finanzplaz produzéiert ronn een Drëttel vum PIB vum Land. Déi indirekt Effete sinn do net mat agerechent. D’DP steet kloer hannert engem staarke Finanzsekter. Gläichtzäite musse mir déi wirtschaftlech Diversifikatioun vum Land ausbauen, fir eis Ofhängegkeet vun engem eenzege Wirtschaftssekter ze reduzéieren. D’DP wäert sech weider beméien, fir integral Ökosystemer a prioritaire Wirtschaftssekteren ze schafen an ze verstäerken. Déi Beräicher sinn ë.a. d’Logistik, d’Gesondheetstechnologie, d’Weltraumtechnologie oder och d’Datewirtschaft. Iwwerdeem wäert d’DP eist Land als Wirtschaftsstanduert fir Entreprisen etabléieren, déi am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz aktiv sinn. Zur wirtschaftlecher Diversifikatioun gehéiert och, Lëtzebuerg als Industriestanduert z’erhalen an ze stäerken.

Déi erfollegräich Tripartite-Ofkommes an der aktueller Legislaturperiod beleeën d’Bedeitung vum Lëtzebuerger Sozialmodell a Krisenzäiten, fir zesumme mat de Sozialpartner Léisungen ze fannen. Fir d’DP ass d’Tripartie e feste Bestanddeel vum Erfollegsmodell Lëtzebuerg.

Fir d’DP ass et essentiell, fir d’Sozialpartner am Virfeld vum Ausschaffe vun Gesetzprojeten ze consultéieren, wa si direkt dovunner betraff sinn.

Cf. Kapitel Aarbechtsrecht

Kleng a mëttel Entreprise schafe ronn zwee Drëttel vum Wäert vun eisem Land a beschäftegen 68 Prozent vun den Aarbechtskräften. D’DP wäert déi mëttelstänneg Betriber als wirtschaftleche Pilier spierbar entlaaschten an d’Gesetz iwwer staatlech Hëllefe fir d’PME iwwerschaffen. De fënneften Nationale Plang fir PME, deen an dëser Legislaturperiod, an enker Kollaboratioun mam Sekter ausgeschafft ginn ass, wäert d’DP schëtzeg ëmsetzen. Fir d’DP bedeit e gudde Mëttelstand, datt d’Regulatioun muss un d’Besoine vun de klengen a mëttele Betriber ugepasst gin. D’DP wäert bei der Legislatioun systematesch de Prinzip vum think sall first applizéieren a wa méiglech Ausnaame fir d’PME virgesinn. Bei de wichtegen Zukunfts-Themen Energietransitioun an Digitaliséierung wäert d’DP sech fir praktesch PME-frëndlech Begleetmesuren asetzen an déi staatlech Begleetmoossnaame verstäerken. Mëttelstänneg Entreprisen ze fërderen, heescht fir d’DP och, déi ëffentlech Soumissioune PME-frëndlech ze halen a spezifesch Weiderbildungen unzebidden.

D’Corona-Kris huet Europa gewisen, wéi wichteg eng eegen Industrieproduktioun an zentrale Beräicher ass, fir Liwwerengpäss a Krisesituatiounen z’evitéieren. D’DP wäert Lëtzebuerg als Industriestanduert stäerken. Fir d’DP ass d’Industrie vu muer zum groussen Deel digitaliséiert an energie-effizient. Eng héichmodern Industrieproduktioun soll Lëtzebuerg als Industrie-Site nei Méiglechkeete bidden.

Eng kloer an novollzéibar Standuertpolitik ass noutwendeg, fir auslänneschen Investisseure Planungssécherheet ze ginn. Fir negativ Beispiller (gescheitert Industrieprojeten Fage a Knauf) an Zukunft z’evitéieren, wäert d’DP an enger ambitionéierter Industriestrategie kloer Critèrë fir nei Industrieaktivitéite festleeën.

Mat der DP wäert Lëtzebuerg sech op EU-Niveau fir eng europäesch Industriestrategie asetzen, déi d’Konkurrenzfäegkeeet vun Europa stäerkt a wichteg industriell Zukunftsbranchen, ewéi kënschtlech Intelligenz oder Blockchain, fërdert.

Geneemegungsprozeduren daueren an eisem Land einfach ze laang. D’DP wëll dat acceleréieren. Dofir gëtt bannent engem Joer nom Untrëtt vun der neier Regierung eng detailléiert Analys vun eventuelle Blockaden an de Prozeduren gemaach an dorausser déi noutwendeg Konsequenze gezunn. D’DP wäert d’Autorisatioune besser koordinéieren an en digitalen Tracking vun der Prozedur méiglech maachen. Bei all eenzele Schrack gëtt gepréift, ob de Prinzip silence vaut accord kann ëmgesat ginn. Duerch de parallelen Oflaf vu verschiddene Prozedure soll iwwerdeems däitlech Zäit gewonne ginn.

Weider wäert d’DP kucken, ob provisoresch Pre-Autorisatioune méiglech sinn, wéi dat schonn an Däitschland de Fall ass. Mat esou Autorisatioune kann de Bauhär op eege Gefor mat der Constructioun ufänken, éier déi definitiv Geneemegunge virleien.

Vill Entreprisë kloen iwwert eng wuessend bürokratesch Belaaschtung. Vill Initiativen aus der Vergaangenheet hunn dacks net déi gewënschten Entlaaschtung bruecht. Fir dat an Zukunft z’änneren, wäert d’DP systematesch d’Verhältnisméissegkeet an déi praktesch Ëmsetzung fir Entreprisen am Kader vum Ausschaffe vu Gesetzprojete préiwen. E PME-Check soll garantéieren, datt gesetzlech Konditiounen d’PME net iwwerméisseg belaaschten.

Eis Legislatioun soll och systematesch op Belaaschtunge fir d’PME evaluéiert, respektiv ugepasst ginn. Z.B. duerch eng Mëttelstands-Klausel, déi d’Ufuerderunge fir méi kleng Betriber reduzéiert. Kloer Delaien, en automateschen Informatiounsaustausch tëschent den Administratiounen an eng méiglechst komplett digital Beaarbechtung an de Verwaltungen, sollen d’Betriber entlaaschten.

D’DP wäert de kierzlechen Assouplissement vun den europäesche Reegelen iwwer Staatshëllefe konsequent ausnëtzen, fir virun allem déi energeetesch Transitioun an d’Digitaliséierung vun den Entreprise virunzedreiwen. Dofir wäert d’DP déi staatlech Fërderprogrammer fir Entreprisen ausbauen.

D’Regierung huet sech am Kader vun de Fërderprogrammen an der laafender Legislaturperiod vill ëm d’Digitaliséierung an ëm den automateschen Informatiounsaustausch bekëmmert, an esou nët nëmmen den Traitement vun den Demanden fir Fërderungen staark acceleréiert, ma och den Opwand fir d’Betriber reduzéiert. Anescht wir d’Ausbezuele vun 80.000 Demanden fir Corona-Hëllef un d’Entreprisen net méiglech gewiescht.

D’DP wäert de Guichet unique fir Betriber ausbauen, sou datt d’Betriber en temps réel iwwert de Stand vun hiren Demanden informéiert ginn. Si sollen e kompletten Iwwerbléck, z.B. iwwert déi accordéiert Subsiden oder de Stand vun den Autorisatiouns d’établissement kréien. De Guichet unique gëtt och mat Hëllef vu der kënschtlecher Intelligenz zu enger reeller Berodungsplaz.

Déi aktuell onsécher Situatioun, besonnesch am Bau, huet zu engem Apaisement vum Emploi a vereenzelte Branchë gefouert. Déi Situatioun dierf eis awer net doriwwer ewech täuschen, datt mëttelfristeg weider e grousse Besoin u qualifizéiertem Personal besteet. Déi staark Gebuerte-Jore vun der Babyboom-Generatioun, déi am Laf vun den 2020er Joren an d’Pensioun ginn, verstäerken dee Problem. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Immigratioun de Problem net léise kann, besonnesch d’Chancë vun der Digitaliséierung a vun der kënschtlecher Intelligenz mussen zousätzlech genotzt ginn.

D’DP wäert d’Talent attraction-Strategie vun der Regierung duerch déi branchespezifesch Strategië fir qualifizéiert Personal kompletéieren – z.B. an der Baubranche oder an der Santé. D’DP setzt dobäi op déi dorobber ausgeriichte Wirtschaftsmissiounen an op e moderat Awanderungs-Gesetz. D’Immigratioun soll duerch temporaire Autorisatiounen an zousätzlech Work an Travel Visa Agreements mat Drëttstaaten (wéi scho mat Kanada an Australien) vereinfacht ginn. Een Online-Portail soll alleguerten d’Informatioune fir méiglech Kandidaten a fir interesséiert Betriber zesummefaassen.

De Régime d’impatrié an d’Prime participative, déi an der leschter Legislaturperiod ageféiert gi sinn, si wichteg Steier-Instrumenter fir Talenter unzezéien. D’DP wäert déi zwou Mesuren an Zukunft nach méi attraktiv gestalten.

Cf. Kapitel Steierpolitik

D’Formation continue an de Betriber ass een zentrale Pilier, fir d’Innovatiounskraaft an d’Zukunftsfäegkeet vu Lëtzebuerg ofzesécheren. D’DP wäert déi staatlech Beedelegung un der Weiderbildung an den Entreprisen an zukunftsorientéierte Beräicher (Digitaliséierung, Nohaltgkeet) erhéijen.

E positiivt Ëmfeld fir Start-uppen ass eng wichteg Konditioun, fir d’Entrepreneuriat ze fërderen. Ma net nëmmen d’Grënnerphas stellt jonk Entreprener viru grouss Erausfuerderungen, och déi richteg Weichestellung bei der Weiderentwécklung vun der Entreprise (Start-up) entscheet iwwer Succès oder Echec. An der lafender Legislaturperiod ass eng Roadmap fir d’Fërderung vum Start-up-Ecosystem vun der Regierung ausgeschafft ginn. D’DP wäert dat ëmsetzen, fir Lëtzebuerg als Start-up-Standuert ze stäerken. Weider wäert Lëtzebuerg – änlech ewéi d’Belsch – e sougenannten Tax-Shelter-System aféieren, fir Investiounen a Start-ups an a Scale-ups duerch steierlech Incitatiounen ze fërderen.

Fir Start-uppen, déi am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz aktiv sinn, dobäi z’ënnerstëtzen, fir nei Produiten a Sevicer unzebidden, ginn eventuell reglementaire Barrièren analyséiert. Dobäi muss e strengen Dateschutz garantéiert sinn.

Vill Entreprener aus der gebuerte-staarker Babyboom-Generatioun ginn an den nächste Joren an d’Pensioun. Dat wäert vill Betriber viru de Problem vun enger adäquater Succession stellen. Fir d’Betriber doranner z’ënnerstëtzen, wäert d’DP e spezifesche Programm ausschaffen (SME Package Transmission d’entreprise). Weider wëll d’DP en ëffentlechen Investitiounsfong schafen, fir d’Successiounen an den Entreprisë besser ze begleeden. D’Zil vun esou engem Fong ass et, d’Zukunft vu mëttelstännege Betriber ze sécheren an hinnen dobäi ze hëllefen, fir hir finanziell Autonomie zeréckzekréien. Esou e Fong soll iwwer e puer Manéieren intervenéiere kënnen: Partizipatioun um Kapital, Gewënnbedeelegung oder Garantie. Parallel dozou soll den SNCI nei Produiten entwéckelen, fir d’Transmissioun vun der Entreprise besser ze begleeden.

Am neien Droit d’établissement ass fir d’éischte Kéier d’Recht op eng zweet Chance fir Entreprener verankert, déi schonn eemol faillite gemaach hunn. Och de Gesetzprojet iwwer d’Konkursrecht, deen den Ament an der Chamber diskutéiert gëtt, wäert dobäi hëllefen, fir Entreprener, déi nach eemol nei starte wëllen, eng nei Chance ze ginn. Mir wäerten d’Entwécklung vun dëse wichtege Neierunge genee suivéieren an d’Gesetz eventuell weider upassen.

D’DP gesäit de Staat als Fërderer vun der Innovatioun a wäert dofir d’Innovatioun an den Asaz vu modernsten Technologien ënnerstëtzen. D’Potenzialer vun der Digitalisatioun – virun allem déi sëllege Méiglechkeete vun der kënschtlecher Intelligenz – solle konsequent genotzt ginn.

D’Fuerschung zu Lëtzebuerg brauch weider geziilten Hëllef duerch déi ëffentleche Hand. D’Ausriichtung vun der ëffentlecher Recherche muss dobäi mat den Ziler vun der Diversifikatiounspolitik vun eisem Land ofgestëmmt sinn. D’Reform vum Gesetz iwwer d’Innovatiouns-Aiden huet den Zougang fir déi kleng a mëttel-grouss Betriber zu deenen Hëllefen däitlech méi einfach gemaach. Fir de Gruef tëschent de privaten an den ëffentlechen Investitiounen an d’Recherche méi kleng ze maachen, musse besonnesch d’Innovatiounen an de PME konsequent ënnerstëtzt ginn.

D’DP wäert dofir steierlech Abattementen op d’Investitiounen an d’Nohaltegkeet an an d’Digitaliséierung aféieren. D’DP wäert de Staat och als Client vu Produiten a vu Servicer am Kader vu staatlechen Opträg an deem Beräich méi staark an d’Responsabiliéit huelen. Staatlech Commandë musse virun allem op Innovatioun, Kreeslafwirtschaft an op klima-frëndlech Nohaltegkeet setzen.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

D’EU huet sech dozou engagéiert, d’CO2-Emissiounen bis 2030 géintiwwer 2005 ëm 55 Prozent ze reduzéieren, mam Zil bis 2050 klimaneutral ze sinn. Besonnesch kleng a mëttelstänneg Entreprisë brauche Begleedmesuren an der ökologescher an energeetescher Transitioun, fir sech op déi nei Kaderbindungen anzestellen a fir hir international Konkurrenzfäegkeet ze sécheren.

Nieft enger Politik, déi zu klimafrëndlechen Investissementer duerch geziilt, staatlech Fërderprogrammer incitéiert, brauchen d’Entreprisë konkret Hëllef am Alldag. De neie Klimapkat fir Betriber ass do e wichtegen Acteur. D’DP wäert, am Kader vum Klimpakt fir Betriber, konkret sektoriell Akiounspläng mat de Klimaparner ausschaffen an eng personaliséiert Conseils-Offer fir PME schafen.

D’DP wäert och en Observatoire fir déi technologesch Observatioun vum Marché schafen, fir dde verschiddene Branche en Iwwerbléck iwwert déi neiste Standarden an hirem Aktivitéitsfeld ze bidden. Ausserdeem wäerten Testlaboratoiren entstoen, an deenen d’Betriber kënnen nei, ëmwelfrëndlech an digital Technologien, nom Prinzip Test before you invest, ausprobéiere kënnen.

Wunn- a Commerce-Gebaier si fir e groussen Deel vun den CO2-Emissioune responsabel. D’DP wäert Entreprisen duerch Hëllefsprogrammer geziilt bei der energeetescher Sanéierung vun hire Gebaier ënnerstëtzen. D’DP wäert d’Méiglechkeete konsequent notzen, déi hinnen dat europäescht Staatshëllef-Gesetz fir klimafrëndlech Investitioune gëtt. Hëllefsprogrammer am Beräich vun der Energieeffizienz, Fuerschung an Ëmweltschutz ginn nei opgebaut oder ausgebaut. D’Hëllefsprogrammer fir d’Elektrifikatioun vun engem Fuerpark a fir d’Installatioun vun elektresche Bornë gi vun der DP weidergeféiert.

D’DP wäert och d’Dekarbonisatioun vun der Industrie an enker Zesummenaarbecht mam Sekter ausbauen.

Bei ëffentleche Soumissioune wäert d’DP Nohaltegkeetscritèrë fest verankeren. An engems gi Begleetoffere fir PME geschaf, fir datt si sech kënnen op déi nei Ufuerderungen astellen.

Cf. Kapitel Nohaltegkeet

Mëttelstänneg Entreprisë sinn dacks däermoosse mat hirem Alldag beschäftegt, datt si net déi néideg Zäit fannen, fir sech genuch mat der Digitaliséierung ze befaassen. Wichteg Initiativen (Letzshop, DigitalHandwierk oder den Hëllefsprogramm SME Package Digitalisierung) droe schonn hir Friichten. Fir d’PME vun de Virdeeler vun enger reeller Datewirtschaft a vun de ville Méiglechkeete vun der kënschtlecher Intelligenz profitéieren ze loossen, mussen d’Efforte verstäerkt ginn. D’DP wäert dofir eng Digitaliséierungstrategie fir de Mëttelstand vum Haut Comité PME ausschaffe loossen.

D’Cybersécherheet gëtt vu villen Entreprise nach ënnerschat. Dobäi si Cyberattacken e reelle Risk, besonnesch fir PME. D’DP wëll dofir en neien Hëllefsprogramm SME Package Cyber Security lancéieren, fir kleng a mëttel Betriber bei Mesurë fir méi Cybersécherheet z’ënnerstëtzen.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

Besonnesch mëttelstänneg Entreprisë bekloen sech ëmmer méi iwwer feelend Plazen an den Aktivitéitszonen, fir hire Betrib an hir Aktivitéiten auszebauen. 2021 ass de Plang Aktivitéitszonen ugeholl ginn, fir déi disponibel Flächen z’erweideren. D’DP wäert eng Kommisioun domadder beoptragen, fir déi benéidegt Terraine séier ze kafen an déi noutwendeg Autorisatiounen an Impaktstudië séier ofzeschléissen. Weider wäert d’DP eng Verdichtung vun den besteeënden Aktivitéitszonen uviséieren a méi staark op d’Zesummeleeë vun Aktivitéiten (Parkplazen) setzen, fir d’Zone méi effikass z’organiséieren. D’DP wäert iwwerdeems e Kadaster vun all den Aktivitéitszonen opstellen, fir e generellen Iwwerbléck iwwer d’Disponibilitéit vun den Terrainen ze hunn. D’Konzept vun der Kreeslafwirtschaft soll systematesch an den Aktivitéitszonen applizéiert ginn.

D’DP wëll eng Offer u quasi fäerdegen Terrainen, fir ënnerschiddlech Aktivitéiten (Handel, Handwierk, Industrie) an den Aktivitéitszone schafen. Fir d’Grondstécker sollen am Virfeld verschidde Prozeduren zesumme mat de Gemengen duerchgeféiert ginn. Prozduren, déi onofhängeg vun de Spezifizitéite vun den potentielle Betriber sinn, déi eemol dohinner kommen. Dat spuert de Betriber vill Zäit.

D’Iddi vu grenziwwerschreidenden Aktivitéitszone gesäit d’DP positiv.

D’DP wäert d’Ëffnungszäiten am Commerce liberaliséieren an eng generell Ouverture um Sonndeg méiglech maachen, ouni datt déi muss iwwer eng Ausnaame-Regeel ugefrot ginn.

D’DP wäert sech weider op EU-Niveau dofir asetzen, datt den Handel ka fräi iwwer seng Fournisseure bestëmmen. D’Verflichtung, fir verschidde Produite mussen iwwer een Tëschenhändler ze bezéien, féiert zu Präishaussen a verstéisst géint de Prinzip vun engem EU-Bannemaart, dee gutt funktionéiert.

D’Zënspolitik vun der europäescher Zentralbank fir d’Bekämpfung vun der Inflatioun huet indirekt en däitleche Recul an der Baubranche bewierkt, besonnesch um Immobiliemarché fir Wunnengen. An der Baubranche zu Lëtzebuerg sinn 3.700 Betriber mat ronn 55.000 Leit. D’Regierung huet e Mesurekatalog decidéiert, fir de Chômage ze verhënneren a fir d’Bauaktivitéit stabel ze halen.

Fir d’DP ass de Bau eng zentral Stäip, déi mir brauchen, fir batter néidege Wunnraum ze schafen a fir genuch qualifizéiert Personal ze hunn, fir d’Klimamesuren (Bau vu Photovoltaik-Anlagen an Albau-Sanéierung) ëmzesetzen. D’DP wäert d’Situatioun um Terrain genee am A behalen a, wann néideg, ganz séier, nei Moossnaamen huelen.

Abordabel a geeëgent Terraine si besonnesch fir jonk Handwierker schwéier ze fannen. D’DP wëlle dofir en Handwierk-Haff schafen, wou Handwierksbetriber kënnen a multifunktionalen Halen zesummeschaffen, fir vun de Synergien ze profitéieren.

Eng nohalteg Entwécklung vun enger Entreprise ist noutwendeg, fir e laangfristege Succès ze garantéieren. Enger Etude vun der Lëtzebuerger Chambre de Commerce no, hu just 12 Prozent vun de Betriber eng eege CRS-Strategie, och wa vill Entreprisen esou eng Strategie plangen (23 Prozent an der Ëmsetzungsphas, 30 Prozent an der Planung). Schonn an dëser Legislaturperiod si spezifesch Hëllefsprogrammer an deem Beräich ageféiert ginn. D’DP wäert mat deem vun de Beruffschambere nei gegrënnten House of Sustainibility d’Entreprisë méi staark am Beräich vun der CSR begleeden. 

D’Sozial- a Solidarwirtschaft huet antëscht eng fest Plaz bei den Entreprisen. D’Rechtsform vun der SIS (société d’impact social) huet sech etabléiert. Den Ament hunn nach vill Acteure vun der Sozial- a Solidarwirtschaft de Statut vun enger Associatioun sans but lucratif (ASLB). Dee Statut entsprécht allerdéngs dacks net den Aktivitéiten a bréngt en héije perséinlechen Haftungs-Risiko fir d’Membere vun de Verwaltungsréit mat sech. D’DP wëll eng Sensibiliséierungscampagne starten, fir déi betraffen Acteure vun de Virdeeler vun enger SIS z’iwwerzeegen an hinnen eng konkret Guidance offréieren, wann d’Rechtsform soll geännert ginn.

An der Vergaangenheet sinn ëmmer erëm Initiative gestart ginn, fir laangfristeg Wirtschaftsstrategien auszeschaffen. Fir ze verhënneren, datt an all Legislaturperiod en neien Ulaf geholl gëtt, wäert d’DP d’Ausschaffen an de Suivi (zesumme mat de Wirtschaftsvertrieder) vun esou Strategien an Zukunft vum Wirtschaftsministère an eng onofhängeg Institutioun auslageren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp