Invasiv Kriibsen-Aarten an eise Gewässer: Gräifen d’Mesuren?

De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder gefëscht ginn a weider Detailer zur Bekämpfung vun dësen invasiven Aarten.

« L’Écrevisse signal (Pacifastacus leniusculus) et l’Écrevisse américaine (Faxonius limosus) sont des espèces exotiques envahissantes, qui se répandent à pas rapides dans nombre de cours d’eau européens depuis les années 1960.

Le Plan d’action pour espèces exotiques envahissantes relatif à ces deux espèces précise que compte tenu de leur répartition actuelle, une éradication ne peut être envisagée, et que l’objectif recherché sera par conséquent le contrôle de population, sauf pour des zones prioritaires, dans lesquelles des méthodes de gestion plus intensives seront mises en place.

Dans ce contexte nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

– Combien d’écrevisses signales et américaines ont été ou pêchées ou captées annuellement au fil des cinq dernières années ?

– Les différentes méthodes de régularisation des populations ont-elles eu le succès escompté durant les dernières années ?

– Les zones de gestion prioritaires ont-elles déjà été définies ? Dans l’affirmative, Madame la Ministre peut-elle fournir des informations supplémentaires sur la localisation de ces zones, les objectifs et méthodes de régulation choisies ?

– Des conventions pour une exploitation commerciale, telles que prévues par le plan d’action, ont-elles déjà pu être signées avec des restaurateurs ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wat ass de Stand vum Absenteismus hei a Lëtzebuerg?

A villen europäesche Länner geet den Taux vum Absenteismus an d’Luucht. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den Absenteismus sech a Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wat d’Erklärunge fir d’Absencë sinn a wat aktuell do dergéint ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Ginn ëmmer méi Leit vermësst ?

D’Vermësstemeldunge schéngen a leschter Zäit ëmmer weider zouzehuelen. Besonnesch Kanner a Jugendlecher ginn ëmmer méi gemellt. Wéi hunn d’Zuelen sech entwéckelt a wisou kënnt et zu dësem Phänomen? Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Ze vill Quecksëlwer an Thonsbéchsen?

Thonsbéchsen a ganz Europa schénge mat ze vill Quecksëlwer kontaminéiert ze sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, ob och Béchsen zu Lëtzebuerg betraff sinn a ob d’Maximalwäerter fir Quecksëlwer beim Thon op EU-Niveau erofgesat misste ginn.

weiderliesen...

Wéi gesäit d’Zukunft vun der Weeltzer Klinik aus?

Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt an Zukunft zu Wooltz an der Klinik kaum nach chirurgesch Agrëff wäerte getätegt ginn. Déi zwee Deputéiert hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob Dokteren aus der Weeltzer Klinik, déi a Pensioun ginn, net méi ersat wäerte ginn, wéi d’Zuel vun de systemateschen Analysen sech entwéckelt huet, a wat ënnerholl wäert gi fir d’Ettelbrécker Klinik ze entlaaschten.

weiderliesen...