Investitiounen an d‘Lëtzebuerger Defense substantiell erhéijen

Léif Nolauschterinnen, léif Nolauschterer,

Zanter dem Februar virun dräi Joer vergeet keen Dag, un deem mir net mat de Suitë vum russeschen Iwwerfall op d’Ukrain confrontéiert ginn. Keng Neiegkeeten, an deene mir net Biller vu Gewalt a mënschlechem Leed gewise kréien. Zu Lëtzebuerg erënneren eis déi sëllege Refugiéen dorunner, wéi grausam de President Valdimir Putin dee Krich aus dem Kreml eraus dirigéiert.

Lëtzebuerg steet vun Ufank un op der Säit vun der Ukrain a wäert dat och weider maachen.

Eist Land a seng Partner stinn awer net nëmmen an der moralescher Verantwortung, fir der Ukrain ze hëllefen. Eise Support ënnersträicht kloer d’Bekenntnis zu de Mënscherechter an zum Recht vum ukrainesche Vollek fir kënnen a Fräiheet ze liewen. Dovunner ofgesinn ass eis bewosst, datt d’Ukrain am Fall vun enger Defaite den éischten Dominosteen ass, deen eng Kettereaktioun ausléise kéint. Déi baltesch Staate sinn do besonnesch bedrät. Desto méi schlëmm ass et, wa verschidde Säiten och zu Lëtzebuerg probéieren, fir déi russesch Attack op d’Ukrain ze verharmlosen an z’entschëllegen.

D’Invasioun vun der Ukrain an d’Wiel vum President Donald Trump hunn eis nordatlantesch Verdeedegungsarchitektur verännert. Dofir huet Lëtzebuerg – esou wéi seng Partner – decidéiert, fir seng Investitiounen an d’Defense substantiell z’erhéijen; an zwar nach dëtt Joer op zwee Prozent vu sengem Revenue brut national.

An deem Kontext begréisst d’DP ausdrécklech de rezente Rapport Lux4Defence vun der Chambre de Commerce, dee festhält, datt d’Ënnerstëtzung vum Op- an Ausbau vun enger Verdeedegungsindustrie hei am Land kéint bis zu 2.000 nei Aarbechtsplaze schafen.

Lëtzebuerg sollt sech op seng industriell Strategie, wou Lëtzebuerg schonn Expertisen huet wéi Truppenequipement, Logistik, Raumfaart, Telekommunikatioun oder Sovergeign Cloud konzentréieren. Schonn elo sinn hei am Land 110 Entreprisen a Fuerschungszentren am staark wuessende Verdeedegungsektor aktiv.

Wa mir eis also intelligent uleeën, da kann esou eng Politik och fir méi Croissance, Kompetitivitéit an Innovatioun zu Lëtzebuerg féieren. Well eent ass kloer, léif Nolauschterinnen a Nolauschterer: Wee seng Fräiheet verdeedege wëll, muss dat och beweisen. Op finanziellem, personellem an op moraleschem Niveau. Also genee dat, wat Lëtzebuerg elo mécht.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...