A wéi engem Mooss droen déi archeologesch Evaluatiounen zu de laange Prozedure bei Logementsprojete bäi?

Ëmmer nees héiert een, dass déi obligatoresch archeologesch Evaluatioun vill Zäit kascht an zu de laange Prozeduren, wann ee baue wëll, bäidréit. D'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, ob dat sou ass a wa jo, wat dogéint ënnerholl ka ginn.

„Et ass eis zu Ouere komm, dass et bei ville Logementsprojeten zu gréissere Retarde kéim, well et ënnert anerem zimmlech laang dauere géif, bis déi obligatoresch archeologesch Evaluatioun vum Centre national de recherche archéologique (CNRA) ofgeschloss wier.

An deem Kader wollte mir der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Demande fir eng archeologesch Evaluatioun huet den CNRA déi lescht fënnef Joer pro Mount erakritt? Wéi vill Demanden huet den CNRA am selwechten Zäitraum evakuéiert?
  • Kann d’Madamm Ministesch eis soen, wéi laang et duerchschnëttlech vun der Receptioun bis zum Ofschloss vun engem Dossier dauert?
  • Wat wieren d’Grënn fir eng eventuell laang Waardezäit?
  • Wéi gedenkt d’Ministesch, dës eventuell Problematik z‘entschäerfen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Soll Cattenom ausgebaut ginn?

Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d’Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d’Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z’encouragéiere Cattenom zouzemaachen.

weiderliesen...

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...