„Nieft dem Chemin repris 348 tëscht Waarken a Bierden, am Ausgang vu Waarken, wann ee Richtung Éislek fiert, läit een Terrain (kleng Wiss) op deem een nach eng fréier Strooss (ongeféier 100 Meter) entdecke kann, déi allerdéngs an engem ganz schlechten Zoustand ass.
Dësen ale Wee kéint awer nach duerchaus als Parksträife genotzt ginn, fir deene ville Leit, déi op de Plateau „Haardt“ spadséiere ginn fir sech z’erhuelen, entgéintzekommen.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Gehéiert dësen Terrain dem Staat?
- Wa jo, ass den Här Minister gewëllt dësen Tronçon als Parksträifen ze notzen fir de Spadséiergänger méi Sécherheet a Konfort ze bidden?
- Wann nee, goufen et awer eventuell Kontakter tëscht dem Staat an der Gemeng fir hei eng gutt Léisung ze fannen?“