Kanton Wolz: Wat sinn d’Perspektive fir de lokalen Aarbechtsmaart ?

Am Kader vun der nationaler Dezentraliséierungspolitik sollen eng Rëtsch nei Aktivitéitszonen zu Lëtzebuerg entsoen. Och am Norden vum Land besteet nach Potential fir d’Entwécklung vu neien Wirtschaftsstanduerter. An deem Sënn wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, wéi eng Strategie de Wirtschaftsminister fir d’Diversifizéierung vum Kanton Wolz virgesinn huet?

« Depuis bien des années les acteurs politiques et économiques du canton de Wiltz s’efforcent de diversifier le tissu économique de cette région en se proposant d’y créer de nouveaux emplois, notamment dans le secteur des services et de l’artisanat. La revalorisation des friches industrielles à Wiltz est certes un projet porteur d’avenir pour le canton.

L’Etat s’y propose en effet de construire quelque 870 logements pour environ 2000 habitants sur la période 2023-2038. Il faut cependant se poser la question si ces nouveaux habitants, en particulier les jeunes, se verront obligés, dans leur majorité, de faire la navette entre Wiltz et l’un ou l’autre centre d’activités du pays ou bien s’ils verront également des perspectives d’emplois réalistes dans leur région d’habitation.

En fait, afin de réduire entre autres les embouteillages aux heures de pointe le gouvernement a précisé dans l’accord de coalition 2018-2023 qu’ « une politique de décentralisation économique sera mise en œuvre dans le cadre de la politique de l’aménagement du territoire avec comme objectif de créer davantage d’emplois décentralisés et de promouvoir la création de structures « Open Office » afin de limiter les mouvements pendulaires entre la capitale et sa périphérie. »

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Economie:

  • Monsieur le Ministre peut-il retracer l’évolution des activités économiques dans le canton de Wiltz depuis 2011 en ventilant notamment par type d’entreprise et par branche économique ? Est-il également possible de retracer l’évolution démographique du canton de Wiltz et celle de l’emploi dans les différentes branches de l’économie locale ?
  • Quelle stratégie actuelle le gouvernement déploie-t-il en vue de soutenir le développement économique du canton et d’accroître l’attractivité de celui-ci sur le plan infrastructurel ?
  • Monsieur le Ministre peut-il fournir des informations sur des investisseurs potentiels qui lui auraient signalé de vouloir s’installer dans des zones d’activités situées dans le canton de Wiltz dans un avenir proche? Dans l’affirmative, de quelles entreprises s’agirait-il ?
  • Monsieur le Ministre est-il d’avis que les seules activités de l’économie circulaire soient en mesure de diversifier suffisamment le tissu économique du canton ? Autrement dit, n’est-il pas indispensable d’y développer davantage des activités industrielles de haute technologie réalisant des produits innovateurs de valeur ajoutée élevée et d’y offrir également un environnement intéressant pour les prestataires de services ? »

Äntwert

Mat engem Bevëlkerungswuesstem vun zirka 30% tëscht 2011 an 2021, läit de Kanton Wolz iwwert der landeswäiter Moyenne. Och d’Unzuel un Aarbechtsplazen ass an der nërdlecher Regioun an d’Luucht gaangen. Laut dem Wirtschaftsminister konnten 13 lokal Entreprisen an de leschten 10 Joer vun de staatlechen Aiden fir Fuerschungs-, Entwécklungs- an Innovatiounsprojeten profitéieren. A noer Zukunft wéilt een dem Wooltzer Kanton nei Terrainen fir den Ausbau vu sengen ekonomeschen Aktivitéiten zur Verfügung stellen. 6,5 Hektar géifen deemno un de Syndicat Z.A.R.W goen, a weider 20 Hektar wären am Plan Sectoriel virgesinn. D’Staat Wolz a seng Ëmgéigend solle weiderhin als Standuert fir d’Prinzippien vun der Kreeslafwirtschaft promouvéiert ginn, ouni dobäi d’Potenzial vun aneren industriellen Aktivitéiten – besonnesch de modernen Technologien – ze vernoléissegen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...

Medezinesch Transferten an d’Ausland

Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch refuséiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob déi reng Reduzéierung op den “akzeptabelen Delai”, ouni d’Qualitéit vun de Soinen ze berécksiichtegen, net zu onberechtegte Refuse féiere kéint, an den neie Formulaire Dokteren net dozou zwénge kéint falsch Deklaratiounen ze maache fir hirem Patient déi beschtméiglechst Soinen ze garantéieren.

weiderliesen...

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...