Kee Steierbüro méi zu Clierf an zu Wooltz ?

Vill Leit aus dem Bezierk Norde sinn doriwwer erféiert, dass d'Steierbüroen zu Clierf an zu Wooltz sollen zougemaach ginn. De liberalen Deputéierten André Bauler huet dem Finanzminister heizou eng Rei Froe gestallt.

„De Weekend konnt een an der Press liesen, dass spéitstens 2028 d’Steierbüroen an de Gemenge Clierf a Wooltz zougemaach solle ginn. Als Grond dofir huet d’Steierverwaltung uginn, dass déi aktuell Raimlechkeeten d’Accessibilitéit an d’Sécherheet net garantéiere kéinten. Fir dëst ze kompenséiere sollen zu Housen an zu Ettelbréck zwee nei Büroen opgoen.

Vill Leit aus dem Nordbezierk sinn erféiert, dass ausgerechent am Kanton Wooltz, deen iwwer déi lescht Joren demografesch staark gewuess ass an deen och an Zukunft nach vill nei Awunner unzéie wäert, staatlech Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn. Déi digital Demarchen, op déi ëmmer méi Leit zeréckgräifen, kënnen ni den direkte Kontakt mat de kompetente Beamte vum Steierbüro ersetzen, wann dësen erfuerdert ass. Bei méi komplexe Steierdossiere respektiv méi ongewinnte Steierfroen, déi trotz méi intensiver Digitaliséierung och an Zukunft bleiwen, wäert dat weider de Fall sinn. Dowéinst muss onbedéngt d’Personal um Niveau vun de Steierbüroen am Éislek opgestockt ginn, och am Kanton Clierf an am Sënn vun der administrativer Dezentraliséierung.

An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:

  • Ass an de genannte Gemengen no anere passenden Infrastrukture gesicht ginn, déi d’Krittäre vu Sécherheet an Accessibilitéit erfëllen?
  • Fënnt de Finanzminister et akzeptabel, wann am ganze Kanton Wooltz iwwerhaapt kee Steierbüro méi ass, wuelwëssend, datt eng Annexe nimools e richtege Steierbüro ersetze kann?
  • Ass et virgesi fir d’Personal an de Steierbüroe vum Norden opzestocken, fir der steigender Demande vun de Biergerinnen a Bierger gerecht ze ginn ?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...