Frage
„De Weekend konnt een an der Press liesen, dass spéitstens 2028 d’Steierbüroen an de Gemenge Clierf a Wooltz zougemaach solle ginn. Als Grond dofir huet d’Steierverwaltung uginn, dass déi aktuell Raimlechkeeten d’Accessibilitéit an d’Sécherheet net garantéiere kéinten. Fir dëst ze kompenséiere sollen zu Housen an zu Ettelbréck zwee nei Büroen opgoen.
Vill Leit aus dem Nordbezierk sinn erféiert, dass ausgerechent am Kanton Wooltz, deen iwwer déi lescht Joren demografesch staark gewuess ass an deen och an Zukunft nach vill nei Awunner unzéie wäert, staatlech Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn. Déi digital Demarchen, op déi ëmmer méi Leit zeréckgräifen, kënnen ni den direkte Kontakt mat de kompetente Beamte vum Steierbüro ersetzen, wann dësen erfuerdert ass. Bei méi komplexe Steierdossiere respektiv méi ongewinnte Steierfroen, déi trotz méi intensiver Digitaliséierung och an Zukunft bleiwen, wäert dat weider de Fall sinn. Dowéinst muss onbedéngt d’Personal um Niveau vun de Steierbüroen am Éislek opgestockt ginn, och am Kanton Clierf an am Sënn vun der administrativer Dezentraliséierung.
An deem Kader wollt ech dem Här Finanzminister follgend Froe stellen:
- Ass an de genannte Gemengen no anere passenden Infrastrukture gesicht ginn, déi d’Krittäre vu Sécherheet an Accessibilitéit erfëllen?
- Fënnt de Finanzminister et akzeptabel, wann am ganze Kanton Wooltz iwwerhaapt kee Steierbüro méi ass, wuelwëssend, datt eng Annexe nimools e richtege Steierbüro ersetze kann?
- Ass et virgesi fir d’Personal an de Steierbüroe vum Norden opzestocken, fir der steigender Demande vun de Biergerinnen a Bierger gerecht ze ginn ?“
Antwort
- Ass an de genannte Gemengen no anere passenden Infrastrukture gesicht ginn, déi d’Kritäre vu Sécherheet an Accessibilitéit erfëllen?
- Fënnt de Finanzminister et akzeptabel, wann am ganze Kanton Wooltz iwwerhaapt kee Steierbüro méi ass, wuelwëssend, dat eng Annexe nimools e richtege Steierbüro ersetze kann?
- Ass et virgesi fir d’Personal an de Steierbüroe vum Norden opzestocken, fir der steigender Demande vun de Biergerinnen a Bierger gerecht ze ginn ?
D’Steierverwaltung kann déi genannte Raimlechkeeten net méi benotze well se net méi de Sécherheets- an Accessibilitéitsnorme entspriechen.
Dee neie Site zu Housen, deen 2028 a Betrib geet, wäert méi grouss si wéi déi bestoend Büroen. Infrastrukturen, déi bis elo gefeelt hunn, ginn domat geschafen, déi et erméigleche wäerten d’Steierzueler ënnert bessere Bedingungen z’empfänken. Iwwerdeems verbesseren sech doduerch och d’Aarbechtsbedingunge vun de Mataarbechter vun der Steierverwaltung.
Zu Wooltz an zu Clierf wäert dem Bierger weiderhi jee no Besoin eng Präsenz ugebuede ginn. Gespréicher an deem Sënn sinn am gaangen.
Mam Zil, fir déi gréisstméiglech Proximitéit bei de Leit ze hunn. A gläichzäiteg fir déi néideg Sécherheet vun de Mataarbechter ze suergen.
Personell wäert sech mëtelfristeg näischt änneren.