Klibberen als immateriellt Kulturierwen ?

D’Klibberen ass eng al Traditioun zu Lëtzebuerg. D’Lëtzebuerger Massendénger hunn elo eng Initiative gestart fir dës Traditioun op déi national Lëscht vum immaterielle Kulturierwe setzen ze loossen. Eisen Deputéierten André Bauler begréisst d’Initiative fir Dokumentatiounsmaterial ze sammelen an huet bei der Kulturministesch nogefrot ob si bereet wier d’Massendénger ze ënnerstëtzen an d’Klibberen eventuell op d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwe géif ophuelen.

„D’Klibberen ass eng al Traditioun aus dem Elsass a vu Lëtzebuerg wou d’Kanner vu Gréngen Donneschdeg bis Ouschtersonndeg d’Kiercheklacken ersetzen a Moies, Mëttes an Owes mat hire Klibberen duerch d’Stroosse ginn.

D’Lëtzebuerger Wort schreift haut, datt déi Verantwortlech vun de Lëtzebuerger Massendénger derfir suerge wëllen, datt d’Klibberen op déi national Lëscht vum immaterielle Kulturierwen opgeholl gëtt. Dofir maachen si en Opruff un d’Bevëlkerung fir Dokumentatiounsmaterial ze kréien an hire Froebou op hirem Internetsite auszefëllen. Dës Initiative ass begréissenswäert a soll deementspriechend och ënnerstëtzt ginn.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Kulturministesch folgend Froe stellen:

  1. Wéi steet d’Madamm Ministesch zu der Initiative vun de Lëtzebuerger Massendénger?
  2. Wier d’Madamm Ministesch bereet d’Klibberen op déi national Lëscht vum Kulturierwen opzehuelen?Wa jo, ënner wat fir enge Bedéngungen?
  3. Ass d’Madamm Ministesch bereet, de Promoteure vun dëser Initiative mat Rot an Dot zur Säit ze stoen an hinnen Experten, z.B. aus staatleche Verwaltungen, unzeginn, déi si an hirer Aarbecht begleede kënnen?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Rechter vu schwangeren Independanteë verbesseren

Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens oder een equivalente Mechanismus fir schwanger Independanteën agefouert wäert ginn.

weiderliesen...

Kënnt eng Apdikt op Bettenduerf ?

2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn a kéinten nach weider Gemengen eng nei Apdikt kréien?

weiderliesen...