Landwirtschaft a Wäibau

Landwirtschaft a Wäibau

Land- an Ernierungswirtschaft: am Interessi vun de Baueren, de Konsumenten a vun der Ëmwelt

Eng modern Land- an Ernierungswirtschaft setzt op Qualitéit viru Quantitéit. D’Bedeitung vu regionale Produkter, faire Präisser fir de Bauer a fir de Konsument, vum Wuel vun den Déieren a vun enger ëmweltbewosster Produktioun ginn ëmmer méi wichteg an eiser Gesellschaft.

D’DP huet déi lescht fënnef Joer d’Weiche fir eng zukunftsorientéiert Landwirtschaft gestallt, ë.a. mam neien Agrargesetz, dem weltwäit fortschrëttlechsten Déiereschutzgesetz, enger kritescher Positioun géintiwwer gesondheetlech bedenkleche Planzeschutzmëttel (ë.a. Glyphosat an Neonikotinoiden), der Reform vum Pachtgesetz, mat méi Planungssécherheet fir de Pächter, a mam neie Gesetz iwwert d’Soumissiounen, dat et méiglech mécht, fir méi staark op qualitativ an nohalteg Kritären ze setzen. Och an der Lutte géint d’Verbëtze vu Liewensmëttel sinn nei Akzenter mat Sensibiliséierungscampagne gesat ginn („AntiGaspi“).

D’DP setzt sech och an Zukunft dofir an, datt d’Landwirtschaft déi néideg Mëttel kritt, fir den Ufuerderunge vun der Gesellschaft a vun de Konsumente gerecht ze ginn. Mir setzen ons och dofir an, datt déi am europäesche Kader verankert national Flexibilitéit kann optimal zugonschte vun der Landwirtschaft genotzt ginn. D’DP weist op den héije Stellewäert vun der Agrikultur an eiser Gesellschaft hin a wäert dofir suergen, datt d’Landwirtschaft e wichteg Pilier vun eisem Land bleift an d’Aarbechtsplazen am Secteur erhale bleiwen. D’DP steet fir eng kompetitiv a verbraucher- an ëmweltgerecht Landwirtschaft. D’Relatioun tëschent der Landwirtschaft an de Konsumente muss nohalteg gestäerkt ginn. D’DP setzt sech fir sécher Liewensmëttel an. Mir wäerten d’Liewensmëttelkontrolle wärend dem ganze Produktiouns- a Veraarbechtungsprozess reforméieren a méi effikass maachen; fir de Consommateur, fir déi Leit, déi de Produit verschaffen a fir d’Produzente selwer.

D’Lëtzebuerger Landwirtschaft laangfristeg ofsécheren

D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg eng staark Landwirtschaft brauch a wäert dofir suergen, datt d’Aarbechtsplazen an deem Secteur erhale bleiwen. Doriwwer eraus wëlle mir verstäerkt op eng gutt Formatioun vun de Bauere setzen an d’Offer a Weiderbildung permanent ausbauen an de Besoine vun de Baueren upassen; besonnesch am Kader vun eiser digitaler Strategie.

Jongbauere weider prioritär ënnerstëtzen

D’DP wëll déi jonk Leit och an Zukunft ënnerstëtzen, wa se wëllen e Bauerebetrib iwwerhuelen oder weiderféieren. D’Zuel vun de jonke Baueren hëlt EU-wäit of, ma d’DP wëll déi Tendenz zu Lëtzebuerg kippen. Dat neit Agrargesetz vum DP-Ressortminister Fernand Etgen aus dem Joer 2016, gesäit vir datt Jongbauere besser finanziell ënnerstëtzt ginn, wa se en neie Betrib grënnen. Jonk Baueren tëschent 23 a 40 Joer solle weider méi staark vu Subventioune profitéieren.

De Landwirtschaftsdësch weiderféieren

De Landwirtschaftsdësch, dee vum DP-Ressortminister agefouert ginn ass, wäert och an Zukunft reegelméisseg zesummekommen, fir zesumme Léisungsvirschléi fir déi aktuell a kommend Erausfuerderungen an der Landwirtschaft ze fannen.

Vun der Digitaliséierung an der Landwirtschaft profitéieren

D’DP wäert d’Strategie vun der Digitaliséierung an der Agrikultur weiderentwéckelen. De sougenannten „Precision Farming“ soll mat Sensoren an Dronen en däitlech méi präzisen Asaz vu Schiedlengsbekämpfungsmëttelen a vun Dünger erméiglechen. Dee System erlaabt net nëmmen eng punktgenee, spezifesch an domadder méi ëmweltschounend Produktioun, ma och eng méi effikass Produktioun. Nom Motto „Esouvill wéi néideg, esou wéineg wéi néideg“.

Planzeschutz nei gestalten

Den Aktiounsplang „Pestiziden“ ass 2017 vum DP-gefouerte Landwirtschaftsministère virgestallt ginn, mam Zil den Asaz vu Planzeschutzmëttelen ze reduzéieren. D’DP wäert den Aktiounsplang Schrëtt fir Schrëtt ëmsetzen, fir déi doranner festgehalen Ziler ëmzesetzen. Dozou gehéiert z.B. d’Sortie vum Gebrauch vu Glyphosat. Et geet kee Wee laanscht eng däitlech Reduzéierung vum Asaz vu Planzeschutzmëttelen an der Landwirtschaft, fir d’Aartevillfalt z’erhalen an d’Uewerflächewaasser an d’Quelle fir de Gebrauch vun Drénkwaasser ze protegéieren. Dobäi ass wichteg, datt d’Bauere wärend enger Iwwergangsphas berode ginn, an datt si konkret a praxisorientéiert Hëllef an Alternative beim Wiessel ewech vum Glyphosat kréien. Och wann d’EU d’Autorisatioun fir de Glyphosat am November zejoert – géint d’Stëmm vun der DP-Regierung – fir fënnef Joer verlängert huet, fuerdert d’DP e konkrete Plang fir eng Sortie op EU-Niveau.

Fuerschung an Innovatioune virundreiwen

D’DP wäert eng besser Zesummenaarbecht tëschent der Recherche an der Landwirtschaft virundreiwen, z.b. fir den Afloss vu Planzeschutzmëttelen op d’Beien z’analyséieren an déi néideg Konsequenzen dorausser ze zéien. Doriwwer eraus wäerte mir d’Fuerschung, z.B. den Ubau vu Leguminose-Kären op Versuchsfelder, weider fërderen. Déi Planze kënnen eng wichteg, regional a klimaschounend Alternativ als Fuddermëttel zum Soja sinn, dee vu wäit ewech importéiert gëtt an zur Zerstéierung vum Reebësch bäidréit.

 

Dem Precautiouns-Prinzip no, soll keng „gréng“ Gentechnik op Lëtzebuerg kommen. D’DP setzt sech konsequent fir gentechnikfräie Som a villfälteg Zorten an, fir datt de Bauer d’Rechter um Som aus senger eegener Recolte behält.

E kooperative Waasserschutz garantéieren

Waasser ass dat wichtegst Liewensmëttel iwwerhaapt. D’Protektioun vum Drénkwaasser huet fir d’DP déi héchste Prioritéit. D’Garantie vun der Protektioun muss an enker Collaboratioun mat der Landwirtschaft geschéien. Dofir mussen d’Baueren, déi Terrainen an de Waasserschutzgebidder bewirtschaften, aktiv begleet, beroden an eventuell ënnerstëtzt ginn. D’Waasserfournisseure sollen déi präventiv Schutzmesuren (wéi z.B. LASKU an der Uewersauerregioun) matfinanzéieren.

Entbürokratiséierung puschen

D’Bürokratie fir déi landwirtschaftlech Betriber ass besonnesch opwenneg. Dat läit haaptsächlech un den EU-Bestëmmungen, déi an den Zäite vun der CSV-LSAPVirgängerregierung op EU-Niveau decidéiert gi sinn. D’DP wäert d’Bürokratiséiserung vun der Landwirtschaft méiglechst zeréckschrauwen, fir déi finanziell Belaaschtungen dowéinst ze reduzéieren. Op europäeschem Niveau wäert d’DP sech dofir asetzen, datt déi nächste Reform vun der Gemeinsamer Agrarpolitik (GAP 2020) och wierklech manner Bürokratie bréngt. Op nationalem Niveau wëll d’DP d’Ofwécklung vun Demanden acceleréieren an eng effikass Digitaliséierung ustriewen. Mat der Aféierung vum Landwirtschaftsportail ass den éischte Schrëtt zu enger iwwersiichtlecher, digitaler Informatiounsplaz geschafe ginn. „Best Practices“ vun anere Landwirtschaftsverwaltunge sollen och an Zukunft op enger zentraler Ulafplaz iwwerholl ginn.

Flexibiliséierung an de Krisejore bäibehalen

Den DP-gefouerte Landwirtschaftsministère huet an dëser Legislaturperiod eng sougenannten „Année blanche“ agefouert, déi et de Baueren a Krisenzäiten erlaabt, fir de Remboursement vun hire Bankprête wärend engem Joer ze stoppen. De Staat iwwerhëlt an dëser Zäit d’Scholdzënsen an d’Fraise bis zu 15.000 Euro pro Betrib. Mir wäerten och an Zukunft dofir suergen, datt d’Baueren a schlechte Joren entlaascht ginn. Dofir ass mat der leschter Steierreform och de Prinzip vum „Carry back, carry forward“ agefouert ginn. D’Baueren an d’Wënzer kënnen hei Jore mat schlechte Recolten duerch Jore mat gudde Recolten op der Steiererklärung ausgläichen. Niewent dëse Mesure sollen d’Baueren och a kommende Krisefäll – am Kader vun nationalen an europäeschen Dispositiounen – duerch aussergewéinlech Mesuren entlaascht ginn.

Landwirtschaftleche Buedem fir d’Produktioun vu Liewensmëttele reservéieren

D’DP gëtt der Produktioun vu Liewensmëttele Prioritéit op landwirtschaftlech guddem Buedem, fir dem Präisdrock fir d’Baueren entgéintzewierken. Dowéinst begréisst d’DP, datt am neien Naturschutzgesetz déi néideg Strukture sinn, fir datt kommend Kompensatiounsmesuren e sënnvollen a kohärenten Ëmweltschutz erméiglechen a gläichzäiteg de Landverbrauch verréngeren. De Kafdrock op de landwirtschaftleche Buedem ass zu Lëtzebuerg extrem an d’Luucht gaangen an dierf duerch Kompensatiounsmoossnamen net weider klammen. Als Protektioun fir héichwäerteg Agrarflächen ënnerstëtzt d’DP d’Ëmsetzung vu strukturéierten an intelligente Kompensatiounen a Poolen, déi laangfristeg ofgeséchert ginn. Fir d’DP muss eng Collaboratioun mat de Proprietären a mat de Pächter gesicht ginn, fir d’Kompensatiounen ëmzesetzen. Doriwwer eraus fäert d’DP eng ökologesch Opwäertung vu forstwirtschaftleche Fläche fir ze kompenséieren. Mat der DP wäert et keng Photovoltaikanlagen op landwirtschaftlech guddem Buedem ginn.

Ländlech Flächen nohalteg notzen

De Remembrement muss der Realitéit ugepasst ginn. D’DP wäert dofir en neit Gesetz deponéieren, fir de Remembrement am Austausch mat de betraffenen Acteuren ze moderniséieren. Dat neit Gesetz soll d’Produktivitéit vu Land- a Forstwirtschaft a vum Wäibau verbesseren. Dobäi steet déi nohalteg Notzung vun de Biedem am Virdergrond.

Lokal Nischeprodukter fërderen

D’DP setzt verstäerkt op nei, qualitativ, héichwäerteg a lokal Nischeprodukter; nom Motto „Qualitéit viru Quantitéit“ . Den Opbau vun Knowhow am Nischeberäich soll zur Diversifizéierung an zur Stäerkung vun eiser Landwirtschaft bäidroen. Gutt Beispiller dofir sinn den Ubau vun Hanf, Soja oder vu glutefräie Liewensmëttelen. Och an der Landwirtschaft soll Pionéiergeescht ënnerstëtzt ginn.

Regional Produite fërderen

D’DP wäert d’Kaderbedéngunge verbesseren, fir datt den Eegebedarf u Liewensmëttelen an Zukunft besser duerch déi national Produktioun assuréiert gëtt. Dat gëllt z.B. fir d’Gefligel a fir d’Geméis. Den Ament produzéiert d’Lëtzebuerger Agrikultur just 1,6% vun der nationaler Demande u Gefligel a knapps iwwer 1% beim Geméis. Zesumme mat de Bauere soll déi Eegebedarfsquot systematesch verbessert ginn.

 

Mir wäerte weider dorunner schaffen, datt méi regional Produiten an de Kantine verschafft ginn, besonnesch an de Schoulen, Maisons Relaisen, Kannerbetreiungsstrukturen, Spideeler an an Alters- a Fleegeheemer. Dat soll iwwert d’Ausschreiwe vu regionale Critère goen. Dat neit Gesetz iwwert d’Soumissiounen erlaabt an ënnerstëtzt dee Wee, andeems Critère wéi Qualitéit, Nohaltegkeet a sozial Bedingunge bei der Produktioun vun de Liewensmëttele berécksiichtegt ginn. An der Vergaangenheet huet dacks just de Präis bei ëffentleche Soumissiounen entscheet.

 

D’DP wäert déi Strukturen an der Weiderveraarbechtung méi staark fërderen, déi et erlaben, fir déi Produiten esou ze preparéieren, datt se den Ufuerderunge vu Kantinnen entspriechen. Doriwwer eraus soll e sougenannten „Matcher“ d’Zesummenaarbecht vun e puer Landwirtschaftsbetriber ënnerstëtzen, fir datt och méi kleng Produzente kënne bei enger grousser Ausschreiwung matmaachen.

Luucht an de Marken-Dschungel bréngen

Den Ament existéiere ronn 20 Labele fir Lëtzebuerger Liewensmëttelen. De Consommateur bléckt do awer net ëmmer direkt duerch. D’DP wëll dofir en nationale Qualitéitssigel fir déi verschidde Labelen aféieren. Dat bréngt de Clienten e besseren Iwwerbléck. Un dee Qualitéitssigel ginn och staatlech Hëllef geknäppt. Hie wäert fir héichwäerteg Produkter stoen, an d’Originnen an eng nohalteg, déieregerecht Haltung garantéieren. Dat suergt fir eng Stäerkung vum Vertraue vum Konsument an déi regional Liewensmëttelproduktioun a soll den ëffentleche Kantine beim Kaf vun nohaltege Produiten hëllefen.

Bei Liewensmëttelskandaler konsequent reagéieren

D’DP setzt sech op EU-Niveau fir eng konsequent Reaktioun am Fall vun Etiketteschwindel a vu Liewensmëttelskandaler an. Esou kriminell Machenschafte musse konsequent sanktionéiert ginn. Mir wëllen d’Kontrollen och national verstäerken.

D’Bewosstsi fir regional Produite schäerfen

D’DP wëll d’Promotioun vun der nationaler Landwirtschaft fërderen, fir méi e Bewosstsi fir regional Liewensmëttelen ze schafen a fir déi national Bedeitung vun der Agrikultur ervirzesträichen. Doriwwer eraus wäerte mir eng Onlineplattform fir d’Vente vun nationale landwirtschaftleche Produite schafen.

Biolandwirtschaft fërderen

D’DP wëll den Undeel vun der biologescher Landwirtschaft däitlech an d’Luucht schrauwen, fir op déi steigend Demande bei verschiddene Produkter ze reagéieren. Bio sinn den Ament just knapps 5% vun de Betriber a 4% vun der Agrarfläch. Wéinst enger substantieller Erhéijung vun der Bioprimm an der Kompatibilitéit vun dëser Primm mat aneren Ëmweltmesuren ass Lëtzebuerg dat Land, dat d’Biolandwirtschaft am meeschte fërdert. Elo muss de Consommateur op d’Virdeeler vun den nationale Bioprodukter opmierksam gemaach ginn. D’Kafverhale vun de Cliente bestëmmt nämlech, wéi eng Liewensmëttele schlussendlech an de Rayone vun de Supermarchéen offréiert ginn. D’DP wëll déi wëssenschaftlech Recherche an der biologescher Landwirtschaft finanziell begleeden an de Bio-Aktiounsplang an dem Sënn nei gestalten.

E Ministère fir d’Ernierung, de Konsumenteschutz, d’Landwirtschaft an de Wäibau

Ernierung a Landwirtschaft sinn déi zwou Säite vun der Medail. D’DP wëll d’Kompetenze vum Landwirtschaftsministère ausbauen an ëm d’Ernierung ergänzen. Liewensmëttelsécherheet, gesond Ernierung, Sensibiliséierung géint d’Verbëtze vu Liewensmëttelen an e kloren an transparenten Etiquetage vun de Produite gehéieren zu deem zousätzleche Portefeuille. Eng eenzeg, modern Administratioun soll fir de d’Liewensmëttelsécherheet zoustänneg ginn. Si soll hir Kontroll kënnen effizient an transparent maachen. D’DP wäert de Verbraucherschutzministère, deen an dëser Legislaturperiod agefouert ginn ass, ausbauen a seng Kompetenzen erweideren. D’DP ass fir en eegestännege Landwirtschaftsministère, deen enk mam Ëmweltministère zesummeschafft.

De ländleche Raum entwéckelen

D’DP steet fir eng nohalteg Entwécklung vum ländleche Raum a wäert sech dofir asetzen, datt déi respektiv europäesch Mëttel och dofir profitéiert ginn. D’DP ënnerstëtzt d’Wirtschaftskraaft an de ländleche Regiounen an déi nohalteg Bewirtschaftung vun de natierleche Ressourcen.

Déi gemeinsam Agrarpolitik (GAP) no 2020 gestalten

Och nom Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun muss et eng staark EUAgrarpolitik ginn. Grad esou kloer ass, datt den Austrëtt direkt Repercussiounen op den europäesche Budget, an domadder och op d’Finanzéierung vun der europäescher Agrarpolitik, wäert hunn. Sollt et zu enger Kierzung vun de Finanzmëttel kommen, da wäerte mir eis dofir asetzen, datt de Feelbetrag duerch eng national Ko-Finanzéierung ausgeglach gëtt. Dat betrëfft virun allem déi éischte Sail vun der GAP an zemol déi direkt Paiementer un d’Baueren.

 

Ma och déi zweet Sail vun der GAP muss verdeedegt ginn. D’Budgetsännerungen dierfen net eleng op Käschte vum Agrarsecteur a vun der GAP gemaach ginn. De Virschlag vun der EUKommissioun iwwert d’Moderniséierung vun der GAP kann a senger Grondiddie begréisst ginn. D’Politik sollt sech deemno un den Ziler vun der Nohaltegkeet orientéieren an de Memberstaaten méi Fräiheet loossen, mat wéi enge Mesuren se wëllen hir Ziler erreechen.

 

D’DP wäert sech dofir asetzen, datt de Specificitéite vu Lëtzebuerg Rechnung gedroe gëtt. Dozou gehéiert eng reell Vereinfachung, déi op enger raisonnabeler Käschten-NotzenRechnung baséiert (kleng Programmer brauchen z.B. einfach Kontroll- a Verhalensreegelen) a virun allem muss dat wirtschaftlecht Ëmfeld berécksiichtegt ginn, mat deem d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech moosse muss. Lëtzebuerg huet traditionell e ganz proaktiven a gutt equipéierten Ënnerstëtzungsprogramm fir den Agrarsecteur, well d’Méiglechkeete vun der GAP bal ganz profitéiert ginn. Déi annoncéiert Reformen op EU-Niveau dierfen net zu enger Schwächung vun dëser Geschirkëscht féieren.

De Wäibau fërderen

D’DP wäert déi grouss Efforten zur Steigerung vun der Qualitéit a vun der Produktivitéit am Wäibau weider ënnerstëtzen, fir d’Zukunft vum Lëtzebuerger Wäibau ofzesécheren. Mir wäerten och verstäerkt Mëttel zur Verfügung stellen, fir d’Auswierkunge vum Klimawiessel op de Wäibau z’analyséieren an eventuell Léisungen auszeschaffen.

 

D’DP wäert d’Vermaartung vum Lëtzebuerger Wäin duerch geziilt Campagne weider virundreiwen. Och de Beräich vum Oenotourismus soll besser vermaart ginn.

Weider fir e staarken Déiereschutz asetzen

Den DP-Landwirtschaftsministère huet dat modernsten a fortschrëttlechst Déiereschutzgesetz an Europa ëmgesat. Déiere gi vun elo un als Wiese mat Gefiller a mat enger Dignitéit betruecht, deenen eege Rechter mussen zouerkannt ginn. Dat neit Gesetz wäert et an Zukunft och méi einfach maachen, fir op Verstéiss ze reagéieren. D’DP wäert sech weider fir e staarken an aartgerechten Déiereschutz asetzen, och op EU-Niveau.

Weider géint d’Verbëtze vu Liewensmëttele virgoen

Schonn am Joer 2016 hat de Ministère fir Landwirtschaft a fir de Konsumenteschutz en nationale Plang „Zesumme géint Liewensmëttelverschwendung“ mat konkreten Ziler an Aktioune virgestallt an zanterhier ëmgesat. D’DP wäert sech weider fir eng nohalteg Politik – och an deem Beräich – asetzen an intensiv mat der Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Acteuren aus dem Liewensmëttelberäich an aus de Gemenge virufueren.