Liberaliséierung ouni Ausbeutung vum Taxi-Sekter zu Lëtzebuerg

Zuch, Tram, Bus, Vëlo, zu Fouss, Carsharing oder de privaten Auto: De Mobilitéitsmix vun der Zukunft besteet aus verschiddenen Elementer. A ville Stied uechter d’Welt kënnt awer nach e weidert wichtegt Element dobäi, eent dat zu Lëtzebuerg éischter an enger Nisch ass. Riets geet natierlech vum Taxi. D’Haaptnotzer vum Taxi zu Lëtzebuerg si Geschäftsleit aus dem Ausland, déi meeschtens net vill Zäit hunn, oder awer anungslos Touristen. Dës staunen dann net schlecht, wann se 45 Euro musse bezuelen, fir déi 10 Minutten tëscht dem Flughafen an der Stad. Dat si bal 5 Euro de Kilometer. Zu Frankfurt, wat och keng bëlleg Stad ass, bezilt ee just d’Hallschent.

Vu den Echec vun der Taxisreform vun 2016, huet de Mobilitéitsminister François Bausch Ugangs 2021 eng weider Reform virgestallt. Beispillsweis sollt d’Opdeelung vum Land a sechs Taxiszonen opgehuewe ginn. Esou kéint all Taxi iwwerall am Land Leit mathuelen an net just an där Zon, an där en eng Lizenz huet. Och war virgesinn, onbegrenzt Taxislizenzen ze verginn. Deemno hätt jidderee kënnen an den Taxis-Business eraklammen. Doriwwer eraus war virgesinn, Voitures de location avec chauffeur ze legaliséieren. Dëst hätt Ride-hailing-Plattformen, wéi Uber oder Bolt, erlaabt hier Déngschter och zu Lëtzebuerg unzebidden. All dës Mesuren hätte sécherlech zu enger staarker Reduzéierung vun den Tariffer gefouert.

E staarke Géigewand vun der Taxis-Lobby huet allerdéngs dofir gesuergt, datt dëse Gesetzesprojet nees séier am Tirang gelant ass. D’Taxis-Lobby argumentéiert, datt déi héich Léin hei am Land responsabel fir déi deier Präisser sinn. Ech muss allerdéngs feststellen, datt en Taxi zu Lëtzebuerg de gréissten Deel vun der Zäit just do steet, op den nächste Client ze waarden. Déi Suen, déi wärend der Waardezäit net konnte verdéngt ginn, mussen deemno mat iwwerdeierten Tariffer nees erageholl ginn. Wieren d’Präisser méi niddreg, géifen och méi Leit den Taxi huelen an dës géifen doduerch méi verdéngen. En anert Géigenargument ass, datt ouni Opdeelung an Zonen, just nach an der Stad Taxie fuere géifen. Och hei muss ee feststellen, datt sech d’Taxien haut schonns haaptsächlech ronderëm de Flughafen an an der Uewerstad ophalen. Mat enger attraktiver Präisstruktur géif et sécherlech och am Süde vum Land oder an der Nordstad eng entspriechend Demande fir Taxie ginn.

mir als Jonk Demokrate fuerderen eng Liberaliséierung vum Taxis-Secteur. Et dierf just nach eng Zon ginn, d’Taxis-Lizenze sollen illimitéiert sinn a Ride-hailing-Plattforme mussen och zu Lëtzebuerg hier Servicer ubidde kënnen. Selbstverständlech dierf et dobäi net zu enger Ausbeutung vum Taxis-Chauffeur kommen. Dëse muss eng Krankeversécherung hunn an an d’Pensiounskeess cotiséieren. Dës Reform wier e wichtegt Element an der Mobilitéitsstrategie vu muer.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...