De Marc Hansen ass den 20. Januar 2026 an der Chamber vereedegt ginn. Den Norddeputéierte war tëschent 2014 an 2018 ë.a. Logementsminister an delegéierte Minister fir Héichschoul a Recherche. An der Legislaturperiod vun 2018 bis 2023 wor de Marc Hansen ënnert anerem Minister vun der Fonction publique a vun de Relatioune mam Parlament an delegéierte Minister fir d’Digitalisatioun a fir d’Reforme administrative.
An der Tribune Libre vun der DP ënnersträicht den Nord-Deputéierte Marc Hansen haut, wéi richteg a wichteg den Accord vun der Tripartite fir d’Leit a fir d’Wirtschaft zu Lëtzebuerg ass.