Am Dialog zu Veianen

D’Perspektive fir den Norde vum Land stoungen am Mëttelpunkt vum Diskussiounsowend e Méindeg, den 19. Oktober 2026 am Ancien Cinéma zu Veianen. Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert. D’Soirée gouf vum Angèle Mersch moderéiert.

D’Politik muss de Mënschen nolauschteren, muss hir Suergen eescht huelen, och baussent de Walperioden, huet de Xavier Bettel virop ënnerstrach. Besonnesch an enger Krisenzäit, déi d’Leit och am Alldag spieren, bräicht et Vertrauen an e Staat, dee seng Verantwortung iwwerhëlt.

„Ech zielen op iech, fir iech weider fir d’Politik z’interesséieren. Well wann dir eis net kontrolléiert, mengt de Politiker, hie kéint maache wat e wëll. […] Vergiesst ni: Dir sidd net do fir d’Politiker, mee d’Politiker si fir iech do. An erënnert se drun, wa si et ze séier vergiess hunn.“ – Xavier Bettel

E staarken Norde mat konkrete Perspektiven

D’Leit sollen iwwerall op e staarken ëffentleche Service ziele kënnen. D’Investitiounen an d’Bildung an déi administrativ Dezentraliséierung spillen dobäi zesummen, esou den André Bauler. Als Beispiller huet hien d’Entwécklung um Site vun der aler Akerbauschoul zu Ettelbréck, de geplangten Nordstadlycée an den Ausbau vum Lycée zu Clierf genannt. Wat d’Santé betrëfft, misst d’Offer de Besoinen ugepasst ginn. Den André Bauler huet sech fir eng zousätzlech Maison médicale am Norde vum Éislek ausgeschwat. D’Doktere missten sech och kënne mei einfach zesummenzeschléissen, an den Ausbau vun ambulante Strukture sollt hëllefen, fir d’Versuergung ze verbesseren.

Méi generell huet den André Bauler d’Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft als wichtege Chantier beschriwwen: Nieft enger kompetitiver Industrie an enger staarker Finanzplaz sollte sech nei Aktivitéiten entwéckelen, ë.a. an de Gesondheets-, Ëmwelt- an Energietechnologien.

„D’Wirtschaft huet eng déngend Funktioun. Dee Sozialstaat, dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn an dee fir soziale Fridde suergt, kënne mer eis leeschten, well mer ganz vill Innovatioun hunn an och ganz vill nei Aktivitéiten, déi sech an eisem wirtschaftlechen Ekosystem bilden.“ – André Bauler

De Marc Hansen huet nach eemol de Klimaschutz als Schwéierpunkt vun der Rentrée parlementaire vun der DP opegegraff. Fir d’Fraktioun géifen d’Reduktioun vun eiser Ofhängegkeet vu fossillen Energien, d’Versuergungssécherheet an d’Entlaaschtung vun de Stéit zesummegehéieren. D’Energietransitioun misst esou organiséiert ginn, datt d’Leit se am Alldag matmaache kënnen.

Dofir huet den Deputéierten d’Virfinanzéierung vun den Hëllefen, wéi bei der Photovoltaik, ervirgehuewen. Dee Prinzip sollt och beim soziale Leasing fir Elektroautoe fir Leit mat méi klenge Budgete gëllen.

„Wa mir iwwer Klimaschutz schwätzen, schwätze mir ganz vill vu pragmatesche Léisunge fir deen Eenzelen. Mir musse kucken, dass mer vun de fossillen Energien ewechkommen, sief et wéinst deene Problemer, déi mer op der Welt kennen, sief et awer och wéinst dem Klimaschutz.“ – Marc Hansen

De Marc Hansen huet och d’Sécherheet op der N7 an d’Contournementen ugeschwat an d’Fro gestallt, ob en Tram am Norden eng sënnvoll Ergänzung wier.

Kultur a Sprooch, déi d’Leit zesummebréngen

Kultur, Tourismus a regionaalt Liewen hunn e grousst Potential fir d’Ekonomie am Norde vum Land, esou de Kultur- an delegéierten Tourismusminister Eric Thill, deen déi Atoute matenaner verknäppe wëll. Schlässer, Muséeën, lokal Traditiounen an eng lieweg Kulturzeen zéie Visiteuren un a beliewen z.B. d’Gastronomie an d’Hotellerie. Gläichzäiteg gëtt d’Regioun esou fir d’Awunner méi attraktiv.

„Kultur ass net just fir ee spezifesche Public. Ech sinn der Meenung, dass Kultur fir jidderee soll do an accessibel sinn. An dofir hu mer eis och iwwer déi lescht Méint mat der Fro befaasst: Wien erreeche mer aktuell nach net mat eiser kultureller Offer hei zu Lëtzebuerg, a firwat ass dat esou?“ – Eric Thill

Mam Aktiounsplang fir den Zougang zur Kultur wéilt een all méiglech Barrièren ofbauen an och de Jonken d’Méiglechkeet bidden, hir Kultur a Kreativitéit z’entwéckelen.

Den Eric Thill huet op den Ausbau vun de Lëtzebuerger Sproochecoursen, déi digital Léierméiglechkeeten an déi beruffsspezifesch Offer higewisen. Dat kéint besonnesch d’Kommunikatioun an der Fleeg, an de Spideeler an an der Horeca verbesseren. D’Méisproochegkeet wier a bléif e groussen Atout vu Lëtzebuerg.

Zu Veiane war iwwregens och den Thomas Erdbrink dobäi, deen ënner anerem aus dem Iran bericht huet an als Bureau chief bei der New York Times geschafft huet. Den hollännesche Journalist wollt vum Xavier Bettel wëssen, firwat den Donald Trump mam Vladimir Putin schwätzt, wärend Europa esou wéineg Kontakt mat Russland huet.

Diplomatie muss och ënner schwierege Bedéngunge méiglech sinn, esou de Chef vun der Lëtzebuerger Aussepolitik. Hien huet u seng eege Gespréicher mam Vladimir Putin a mam Wolodymyr Zelensky am Ufank vum Krich erënnert, fir déi hien deels schaarf kritiséiert gi wier. De Succès vun der Diplomatie géing och vu mënschleche Bezéiungen ofhänken, an dovun, ob een e gudden Drot zu sengem Gespréichspartner fanne géing.

De Xavier Bettel huet gläichzäiteg e Plädoyer fir e geschlossent a selbstbewosst Europa gehalen. Lëtzebuerg géing seng Stëmm dobäi kloer abréngen, well d’Gréisst vun engem Land hätt näischt mat sengem diplomateschen Afloss ze dinn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...