Luxembourg Police car vehicle

Méi Policepresenz am Garer Quartier ?

Beim Thema Drogekriminalitéit si besonnesch de Garer Quartier an Hollerech ëmmer erëm am Gespréich. D’Awunner verlaange méi Sécherheet, d’Policebureauen si nëmme bedéngt op, oder sollen an Zukunft ganz verschwannen. Wat gëtt an dësem Kontext ënnerholl fir eng Policepresenz ze garantéieren? Eis Deputéiert Corinne Cahen huet bei den zoustännege Ministère nogefrot.

« Les quartiers de la Gare et Hollerich à Luxembourg-Ville sont souvent cités lorsqu’il est question de vente de produits illicites et de criminalité. Les habitants réclament une plus grande présence policière dans leurs quartiers. De plus, les bureaux du Commissariat de police situé au coin de la rue Glesener et de la rue Adolphe Fischer ne sont que provisoires. En effet, le bâtiment en question sera démoli dès que les contrats de bail des places de parking viendront à échéance, d’ici fin 2024.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires Intérieures :

  • Est-ce qu’un nouvel emplacement pour ces bureaux a déjà été trouvé ?
  • Dans l’affirmative, vers où déménagera le Commissariat de la rue Glesener ?
  • Dans la négative, est-ce que les recherches pour une localité sont déjà en cours ?
  • Sachant qu’il s’agit d’un quartier en grand besoin de présence policière, est-il prévu d’augmenter le nombre d’agents présents dans ce Commissariat et dans le quartier Gare/ Hollerich ?
  • Sachant que les heures d’ouverture au public de ce Commissariat sont actuellement de 9h à 15h et que le Commissariat est fermé le samedi et le dimanche, est-il prévu d’étendre les heures d’ouverture dans le futur ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...