Mir brauchen eng zäitgeméiss Gesondheetsversuergung

Fir d’Jonk Demokraten ass et wichteg, datt am Gesondheetssecteur der Zwou-Klassen-Medezin entgéintgewierkt gëtt. Dofir setze mir eis zënter jeehier fir eng sozial a gerecht Gesondheetspolitik an. Ons als Jonk Demokrate läit um Häerz, datt jiddwer Bierger am Grand-Duché déi nämmlecht Méiglechkeeten op eng medezinesch Versuergung huet. Fir dëst ze realiséieren, ass et wichteg, datt den Accès fir d’Bierger op déi medezinesch Versuergung ausgeweit gëtt. Konkret bedeit dëst, datt preventiv géint medezinesch Engpäss ugekämpft muss ginn an datt d’Distanz tëscht de Bierger an de medezineschen Institutioune sech verklengere muss.

D’JDL proposéiert dräi Punkten, déi längerfristeg dofir suerge sollen, datt déi medezinesch Versuergung sech un d’Liewensrealitéite vun der Bevëlkerung upasst a sech am Alldag integréiere léisst.  

An enger éischter Instanz féiert kee Wee laanscht eng Liberaliséierungswell vun den ze streng reguléierten Apdikten. Mir wëllen dowéinst, datt d’Reegelunge bei der Installatioun vun enger Apdikt manner streng applizéiert solle ginn. D’Zäiten, an deenen d’Konzessioune fir eng Apdikt bedreiwen ze kënnen, verierft, verlount oder verkaaft konnte ginn, gehéiere fir ons genee esou der Vergaangenheet un, wéi den aktuelle System vum Gesondheetsministère, dee sporadesch Konzessiounen ausschreift, fir Apdikte kënnen opzemaachen.

Mir sinn der Meenung, datt jiddwer diploméierten Apdikter eng Apdikt do opmaache soll, wou hien et fir richteg hält – beispillsweis och an engem Centre commercial. Dëst mam Zil fir den Accès zu wichtege Gesondheetsproduite fir d’Mënschen ze vereinfachen. Doriwwer eraus soll d’Liberaliséierung vun den Apdikten de Beruff vum Apdikter fir jonk Leit méi attraktiv maachen a jonk Leit, déi bis ewell vum vereelzte Konzessiouns-System ofgeschreckt goufen, dozou motivéieren, sech fir en Apdiktesch-Studium ze begeeschteren. 

Eisen zweete Punkt dréint ëm de Verkaf vun den net-rezeptflichtege Medikamenter. An onsen Ae soll et méiglech ginn, fir net-rezeptflichteg Medikamenter och baussent den Apdikten – zum Beispill an Drogerien oder Supermarchéen – fräi verkafen ze kënnen. Dëst mam But, fir de Gesondheetssystem ze entlaaschten a fir dem Personal an den Apdikten d’Méiglechkeet ze ginn, sech verstäerkt op déi perséinlech Berodung vun de Clientë mat méi komplexe medezinesche Problemer fokusséieren ze kënnen.

Aus dësem Grond fuerdere mir an eisem drëtte Punkt och d’Annuléierung vum Verkafsverbuet vun net-rezeptflichtege Medikamenter an Automaten. Grad dës Automate fërderen onser Meenung no d’Fräiheete vun de Bierger, fir eegeverantwortlech iwwer hir medezinesch Versuergung entscheeden ze kënnen an erméiglecht hinnen och baussent den Ëffnungszäite vun den Apdikten, fir op hir medezinesch Besoine reagéieren ze kënnen.   

Dës dräi Punkten, spréch d’Liberaliséierung vun den Apdikten, de Verkaf vu rezeptfräie Medikamenter an Drogerien oder a Supermarchéë souwéi d’Annuléierung vum Verkafsverbuet vun net-rezeptflichtege Medikamenter an Automate muss d’Regierung an Ugrëff huelen, fir de Biergerinnen a Bierger eng zäitgeméiss Gesondheetsversuergung garantéieren ze kënnen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...