D’Serie vun den DP-Bezierkskongresser fir dëst Joer huet en Dënschdeg, 24. Mäerz 2026 mam Zentrum ugefaangen. Viru gutt 120 Memberen am Bouneweger Kulturzentrum huet d’Stater Députée-maire Lydie Polfer d’Wichtegkeet vum stäerkste Bezierk vun der Partei ervirgehuewen, dee sechs vu 14 Deputéierte vun der Chamberfraktioun stellt.
Dat kënnt net vun näischt, esou d’Lydie Polfer, mir sinn no bei de Leit a lauschteren hinnen no. D’Partei kéint op alle Fall mat Zouversiicht an d’Zukunft kucken. D’Basis vum Erfolleg wier dobäi den internen Zesummenhalt.





Och de Bezierkspresident Max Stoffel huet d’Proximitéit vun der DP mam Bierger ervirgestrach: Mir sinn ëmmer bei de Leit, net just virun de Walen. Den Zentrum wier e liewege Bezierk an dat géing sech deemno bei de Resultater weisen. Esou ass d’DP an néng vun 13 Proporzgemengen am Zentrum mat um Rudder, genee wéi an dräi vu 7 Majorzgemengen. E anert gutt Zeeche fir d’Dynamik wieren déi ganz vill Kandidature fir de Comité. Hien huet och un d’Colette Flesch an d’Vronny Krieps erënnert, an hiren Engagement gewierdegt.
D’Zesummesetzung vum neie Regionalcomité Zentrum fënnt een hei.






D’DP preparéiert sech elo schonn op déi dräi grouss Walen an de Joren 2028 (Chamber) an 2029 (Gemengen, Europa), huet d’Parteipresidentin Carole Hartmann annoncéiert. Dofir gëtt d’Communicatioun ausgebaut an d’Partei kritt eng nei Corporate identity.
Zu der Percée vun de radikale Stréimunge bei de rezente Walen an den Nopeschlänner huet d’Iechternacher Députée-maire ënnerstrach, datt Parteie wéi d’DP alleguerten d’Bierger mat hiren Ängschte misste respektéieren a mat abannen. Et géing awer keng einfach Léisungen op d’Problemer vun eiser Zäit, déi ëmmer méi komplizéiert ginn.
Wat déi aktuell Diskussiounen ëm de Mindestloun an d’Energiepräisser betrëfft, huet d’Carole Hartmann betount, datt d’DP hannert dem Lounindex an hannert der reegelméisseger Upassung vum Mindestloun stéing. De Sozialmodell dierft net a Fro gestallt ginn. Fir de soziale Fridden am Land weider ze garantéieren, misst een dofir onbedéngt d’Haussë vu Gas a Pëtrol an hir Auswierkungen op d’Biergerinnen an d’Bierger, respektiv op d’Wirtschaft, am A behalen.




