Mobilitéit

Mobilitéit

Mobilitéit : d’Infrastrukturen den Besoinen upassen

Fir d’DP sollen d’Biergerinnen an d’Bierger bequeem, zouverlässeg a séier vun A op B kommen, egal ob mam ëffentlechen Transport, mam Vëlo, mam Auto oder mat enger Kombinatioun aus verschiddene Verkéiersmëttel. Dofir muss eng attraktiv Offer vum Bus a vun der Bunn garantéiert sinn, déi genee esou gutt ass ewéi den individuellen Transport.

Zu Lëtzebuerg huet sech iwwer d’Joren e grousse Retard bei den Transportinfrastrukturen accumuléiert, deen eréischt vun den DP-geféierte Regierungen opgegraff ginn ass. Duerch déi massiv Investissementer an den Ausbau vum Zuch- an Tramsreseau, d’Vergréisserung an d’Modernisatioun vu ville Garen (plus zousätzlech Parkingen), ënnert anerem an der Stad, zu Ettelbréck, Rodange, Miersch a Waasserbëlleg an duerch de gratis ëffentlechen Transport huet d’Regierung wichteg Weiche gestallt, fir de Mënschen eng effikass Alternativ zum Auto ze bidden.

An nawell si grouss Efforten néideg, fir d’Stauen op de Stroossen däitlech ze reduzéieren. D’DP wäert konsequent mat den Investissementer virufueren. Déi wichteg Verkéiersinfrastrukture sollen esou ausgebaut ginn, datt déi kommend Entwécklung vum Land a säi Mobilitéitsbesoin mat ageplangt sinn. Amplaz fréier Retarden opzeschaffen, wäert d’DP schonn haut zukunftsorientéiert Projete fir déi nächst 30 Joer initiéieren.

D’DP geet dobäi vernetzt vir. Nieft enger konsequenter Dezentraliséierung vun Aarbechtsplazen an dem Ausbau vun Teleaarbecht a Co-working Spaces, wäert d’DP déi besteeënd Zuchstrecken ausbauen an neier schafen; de Reseau vum Tram erweideren (déi nächst Jore kënnt schonn eng séier Tram-Verbindung tëschent der Stad an Esch-Uelzecht); séier e landeswäit Netz vu séchere Vëlosweeër bauen; d’Parkinge fir Pendler an der Grenzregioun ausbauen a weider an d’Stroosseninfrastrukturen investéieren.

Ob Bus, Tram, Zuch, Auto oder Vëlo, all Verkéiersmëttel huet seng Funktioun a seng Plaz. Mir wäerten dofir suergen, datt d’Leit och an Zukunft kënne fräi entscheeden, wéi ee Fortbeweegungsmëttel hire Besoinen am meeschten entsprécht a wéi si sech fortbeweege wëllen. Esou wäert d’DP déi douce Mobilitéit an den Uschloss un den ëffentlechen Transport bei alle gréissere Projete berücksichtegen an d’Multi-Modalitéit fërderen.

Gläichzäiteg huet d’Verknäppung vu verschiddene Fortbeweegungsmëttel eng zentral Plaz an der Mobilitéit vun der Zukunft. Déi sougenannte Pôles d’échange, ë.a. zu Ettelbréck an um Houwald, droen dëser Entwécklung Rechnung a gi weider ausgebaut.

D’DP-geféiert Regierung huet an de leschte Joren enorm vill Suen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport an an den Zuch- a Stroossereseau investéiert, fir een Deel vum historesche Retard opzeschaffen. Allerdengs bleift nach vill ze dinn, fir de Leit eng optimal Mobilitéitsoffer ze bidden. D’DP wäert schonn haut d’Problemer vu muer ugoen, andeem mir huerteg grouss Mobilitéitsprojeten attackéieren (z.B. zousätzlech Zuch- an Tramtracéë) plangen an ëmsetzen. Esou wäerte mir weider massiv an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéieren, grouss Bauprojete lancéieren an dofir suergen, datt si ganz schëtzeg realiséiert ginn.

Zousätzlech zu de geplangte Budgetsmoyenen wäert d’DP alternativ Finanzéierungsmodeller mat der Europäescher Investititiounbank a mat private Partner a Betruecht zéien, fir déi noutwendeg Mëttel fir déi Offensiv ze mobiliséieren.

Fir d’DP ass d’Eisebunn d’Transportmëttel vun der Zukunft, sief et am Beruffsverkéier als Alternativ zum Auto oder am Beräich vum Wuerentransport. D’DP wäert d’Schinnennetz ausbauen an d’Kapazitéiten erhéijen, esou datt mir och déi nächst Joerzéngten en attraktiven an zouverlässege Schinnentransport garantéiere kënnen. All Streck am Land soll op zwee Gleisen ausgebaut ginn, fir d’Frequenz, d’Pënktlechkeet an d’Zouverlässegkeet ze verbesseren. Eist Zil ass en 10-Minutten-Takt op den Haaptlinnen an d’Stad.

Konkret wäert d’DP iwwert déi nächst Joren zwee Gleisen op der ganzer Nordstreck an d’Wee leeden an och d’Deelstéck tëschent Sandweiler/Konter an Éiter op zwee Gleisen ausbauen, fir deen Engpass opzeléisen. Op deem Deel vun der Streck sollen och nei Garë gebaut ginn.

Weider wëll d’DP sech dofir asetzen, datt d’Direktverbindung tëschent Ettelbréck an Dikrech an der Stad méi eng héij Frequenz kritt. Wann néideg, ginn d’Infrastrukturen dofir ugepasst.

D’DP wäert de Bau vun neien Zuchstrecke préiwen, fir eng séier a reegelméisseg Verbindung, besonnesch mat der Stad, awer och mat de Ballungsgebidder an de verschiddene Regiounen ze garantéieren: Z.B. d’Streck Réiden/Atert-Ettelbréck. Da soll och de parallelen Asaz vun Tram-Strecke gecheckt ginn, fir déi regional Offer a Richtung Stad mat enger séier getaktener Offer auszebauen. Déi Tramme sollen op separate Strecke fueren, fir d’Direktverbindungen a sougenannt Bummelzich vunenaner ze trennen an esou d’Zouverlässegkeet vun all de Verbindungen ze garantéieren.

De Schinnentraffic wäert och am innereuropäeschen an am internationale Reesverkéier eng zentral Roll spillen an ausschlaggebend fir d’Attraktivitéit vun eisem Land sinn. Fir d’DP ass et dofir essentiell, fir eng séier a gutt Connectioun mat de wichtegste Groussstied an der Regioun sécherzestellen.

D’DP wäert sech fir séier Verbindunge mat Bréissel, Amsterdam, Köln, Kueblenz, Saarbrécken a Frankfurt asetzen. D’DP wëll besonnesch, datt d’Verbindung mat Bréissel e Schnellzuch kritt. Wann néideg, soll de Lëtzebuerger Staat e substantiellen Deel vun der Verbindung tëschent den zwou europäeschen Haptstied matfinanzéieren.

D’DP wëll sech och dofir asetzen, datt Lëtzebuerg optimal un dat däitscht Schinnennetz ugeschloss gëtt, an datt Lëtzebuerg bei all den Investitiounen an dat regionaalt Netz mat berücksichtegt gëtt. Och hei soll sech Lëtzebuerg, wann néideg, un der Finanzéierung bedeelegen. D’Nordstreck soll eng Zoubrénger-Funktioun zum TGV am Raum Léck-Oochen iwwerhuelen.

D’DP wäert garantéieren, datt Lëtzebuerg eng optimal Connectioun mat de grousse Vakanzelinne vun eisen dräi Nopeschlänner kritt. Esou géinge mir och sécherstellen, datt Lëtzebuerg gutt un déi europäesch Nuetszich ugebonne wier.

Trotzdeem wäert d’DP sech och fir weider Direkt-Vollen mat den internationale Wirtschaftszentren asetzen. Och dat ass e Standuertfaktor.

Den Tram huet sech als ëffentlecht Transportmëttel am urbane Raum méi wéi bewisen. D’DP setzt sech fir e performanten a flächendeckende Tramsreseau am urbane Raum aus, a wäert déi zousätzlech geplangten Tramslinne séier ëmsetzen. Dozou zielen ë.a. d’Verlängerung vum Tram a Richtung Findel, Cloche d’Or, Stroossen, Hollerech, Märel an Zéisseng. Mir wäerten och weider Linnen an d’Ballungsgebidder vun anere Regioune préiwen (z.B. Nordstad-Gemengen).

Och de geplangte Bau vun engem séieren Tram tëschent der Stad an Esch-Uelzecht soll esou séier ewéi méiglech ëmgesat ginn. Mir wëllen och kucken, ob e séieren Tram op der N11 a Richtung Jonglënster Sënn mécht.

D’DP wëll dat am Gesetz geplangten, nationaalt Vëlosnetz séier a ganz ëmsetzen. Den Ament si just eng 700 Kilometer vun de geplangte bal 1.100 Kilometer fäerdeg. Fir méi séier virunzekommen, wëlle mir Synergië mat de betraffene Gemenge plangen a si mat an d’Exekutioun abannen. Weider wäert d’DP méi Support fir kommunal Vëlosweeër an d’Ubannung un national Vëlosweeër aféieren. D’Realisatioun vu kommunale Vëlosweeër soll net duerch héich staatlech Konditiounen, besonnesch, wat d’Breet ugeet, ausgebremst ginn. D’DP ass och fir séier Vëlosweeër laanscht d’Achse vun den Haaptstroossen, déi fir Vëlloen a fir S-Pedelecs reservéiert ginn.

Wichteg fir d’DP ass an deem Kontext, datt d’Vëlosweeër gutt an iwwersiichtlech gezeechent a beschëldert sinn, datt si vum motoriséierten Traffic getrennt sinn, e gudden Tapis hunn an net stënterlech ophéieren. An deem Sënn wëll d’DP och eng digital Plattform ausschaffen: mat enger interaktiver Vëlosweeërkaart mat all den enregistréierten, nationalen a regionale Weeër, Vëlosstatiounen, touristeschen Attraktiounen a mat enger Report-it-Funktioun.

S-Pedelecs solle mat enger Vitesse vu bis zu 50 Kilometer op de Vëlosweeër fuere kënnen. Dat gëlt awer net fir villbefuere Weeër. Weider soll – esou wéi an der Belsch – am Code la Route eng separat Kategorie fir S-Pedelecs ageféiert ginn, fir datt si net d’nämmlecht consideréiert ginn ewéi Tëffen. Fir d’Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren, soll d’Fürerschäins-, d’Helm-, d’Immatriculatiouns- an d’Versécherungsflicht fir S-Pedelecs bestoe bleiwen. Als Casque geet een normale Vëloshelm duer. Zesumme mat engem ausgebaute Vëloswee-Netz géingen déi Mesuren de Vëlo vill méi attraktiv maachen.

D’DP wëll d’Liewensqualitéit an den Uertschaften duerch konkret Verkéiersberouegunge verbesseren. Mir wäerten de Gemengen erlaben, déi Mesuren och op staatleche Stroossen ëmzesetzen. Amplaz vum Auto, deen d’Bild an eisen Dierfer a Quartieren dominéiert, soll den ëffentleche Raum méi fir d’Leit reservéiert ginn. Op verschidde Plazen am Land ass eng Ëmgéiungsstroos d’Haaptviraussetzung fir eng Berouegung vum Duerchgangstraffic. Dofir wëlle mir esou Contournemente séier an zesummenhängend duerchsetzen. A aner Gemengen ass et awer elo scho méiglech, fir de Foussgänger an de Cycliste méi Plaz ze bidden: duerch eng intelligent Opdeelung vum ëffentleche Raum, duerch Tempo 30-, respektiv Tempo 20-Zonen an duerch shared spaces. Nei Quartiere sollen direkt verkéiersberouegt geplangt ginn a genuch Plaz fir d’Foussgänger an déi douce Mobilitéit virgesinn.

Permanenten Duerchgangstraffic belaascht d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun de Leit a ville Gemengen. D’DP wëll déi geplangten Ëmgéiungssstroosse konsequent bauen, fir datt de Verkéier an den Uertschafte ka berouegt an d’Liewensqualitéit verbessert ginn. D’DP wäert Projete fir matenaner vernetzten Ëmgéiungsstroossen (wéi zu Nidderkäerjeng an zu Dippech) séier realiséieren, fir datt net eng Gemeng ënnert der Verkéiersberouegung vun där anerer leide muss.

D’DP wëll zousätzlech regional a grenzno Park&Ride-Parkinge schafen, déi gutt un den ëffentlechen Transport ugeschloss sinn, fir d’Pendler méi an de Bus an an den Zuch ze kréien. D’DP wäert eng Applikatioun fir alleguerten d’Park&Ride-Parkingen am Land aféieren, wou ee sech enregistréiere kann (fir contactless méi séier eran an eraus ze fueren) an eng Plaz fir eng gewëssen Zäit reservéiere kann. Fir Pendler, déi dono op den ëffentlechen Transport wiesselen, ass den Park&Ride-Parking 24 Stonne laang fir näischt.

D’DP wäert d’Horairen am ëffentlechen Transport iwwerschaffen, fir de Bus an d’Bunn besser matenaner ze koordinéieren. Zemol d’Horairen an d’Frequenze vun de regionale Strecken, déi d’Garen ufueren, musse verbessert ginn.

Fir den ëffentleche Stroossentransport am Verglach mam Individualverkéier méi attraktiv ze maachen, brauche mir op ville Plaze méi Busspueren. Virun allem Expressbuslinne sollen d’Clienten esou séier ewéi méiglech op hir Destinatioun bréngen, ouni vill mat den Autoen zesummen am Stau ze stoen.

Dofir wëlle mir kucken, wou ee ka bi-direktionell Busspueren ariichten. Dee Modell, bei deem de Bues mueres an déi eng Richtung an owes an déi aner Richtung fiert, ka relativ séier op Strecke mat dräi Spueren ëmgesat ginn.

Mat der Reform vum RGTR-Reseau an der leschter Legislaturperiod ass de Bustransport iwwer Land grondleeënd nei organiséiert ginn. Virun allem ass de Busreseau ausgebaut ginn, Expressbuslinnen a regional Connectioune sinn ageféiert an d’Horairë si mueres, owes an de Weekend verlängert ginn. D’DP wëll déi Reform zerguddstert op de Leescht huelen an eventuell mat de Gemengen a mat de Leit zesummen upassen.

D’DP wäert déi spezifesch ëffentlech Transport-Servicer, ewéi Adapto a Mobibus, genee iwwerpréiwen an d’Ursaache fir repetitiv Problemer léisen. Mir wäerten dofir suergen, datt déi jeeweileg Servicer zousverléisseg funktionéieren an d’Leit séier a bequeem un d’Zil bréngen.

Cf. Kapitel Digitaliséierung a Medien

D’DP wäert sécherstellen, datt d’Leit sécher am Bus, Zuch an Tram fuere kënnen ouni belästegt ze ginn. D’Personal soll seng Aarbecht och sécher maache kënnen. Dofir wëll d’DP d’Sécherheetspersonal an den Zich opstocken.

Fir déi douce Mobilitéit weider ze fërderen, wëll d’DP an allen ëffentleche Gebaier (z.B. Schoulen a Verwaltungen) Vëlosstänner, Duschen a Spinnten ubidden. D’DP wäert och geséchert Vëlosplazen (mbox) do opriichten, wou et Sënn mécht, z.B. bei regionale Park&Ride-Parkingen.

Weider wäert d’DP mat de Gemenge kucken, fir op villbefuerene Plazen e Reseau vu Vëlosstatiounen anzeriichten (mat Pompel, Bornë fir E-Biken, Wäschstrooss, Geschierkëscht an Ersatzdeeler).

Entreprisen hunn eng grouss Responsabilitéit fir de Mobilitéismanagement vun hire Mataarbechter. D’DP wäert déi Betriber supportéieren, déi Mobilitéitskonzepter fir hir Salariéen ëmsetzen. Sougenannt Mobilitéitsmanager sollen d’Enterprisë bei der Entwécklung a bei der Ëmsetzung vun deene Konzepter ënnerstëtzen.

D’DP wëll d’Mënschen doranner bestäerken, sech fir eng aktiv Mobilitéit ze decidéieren. Déi staatlech Subisde sollen dofir bäibehale ginn an op Cargo-Vëloen ausgebaut ginn.

D’DP wëll intelligent Systemer asetzen, déi d’Fuerbunne flexibel un de jeeweilege Flux vum Traffic upassen. Esou kënne mueres z.B. méi Spueren a Richtung Stad gebraucht ginn an owes der méi fir aus der Stad eraus. D’DP wëll och kucken, ob e mobile Leitplanke-System op eisen Autobunnen a Landstroosse machbar ass, fir d’Capacitéit an de Spëtzestonnen z’erhéijen. Eventuell kann een och d’Spannespuere bei staarkem Verkéier als zousätzlech Fuerbunn profitéieren, esou wéi op verschidde Plazen am Ausland.

D’DP wëll intelligent Verkéiersinformatiouns- a Verkéiersmanagement-Systemer op den Autobunnen an op vill befuerene Stroossen asetzen. Déi Technik erhéijt d’Capacitéit duerch eng intelligent Systemtechnik an duerch e Verkéiersmanagement. D’Date ginn direkt erfaasst a gi mat den Date vun den Automobilisten duerch en intelligente Verkéiersmanagement verbonnen. Mam Observatoire digital de la mobilité ass an der leschter Legislaturperiod d’Basis fir eng modern, evidenz-baséiert Mobilitéisplanung vum 21. Joerhonnert geluecht ginn. D’DP wäert d’Erfaassung vu Mobilitéisdate weider ausbauen, fir kommend Verkéiersprojeten nach méi geziilt plangen ze kënnen.

Doriwwer eraus wäert d’DP déi rout Verkéiersluuchten intelligent steieren an och de Prinzip vun der grénger Well esou wäit ewéi méiglech ausbauen.

Als Virbereedung op dat autonoomt Fueren, wäert d’DP och intelligent Infrastukturen op zentrale Verkéiersachsen ausbauen, déi d’Kommunikatioun vu Vehicle to Infrastrucure (V2I) méiglech maachen.

D’DP wëll d’Mobilitéits-App ausbauen an alleguerten déi wichteg Informatiouen a Funktiounen op enger Plaz zentraliséieren, fir datt d’User alles op enger App fannen, wat si fir hir Mobilitéit brauchen. Esou sollen z.B d’Bussen an d’Zich live a mat enger Geolocalisatioun ugewise ginn. Aner Méiglechkeete sinn d’Locatioun vun engem Vëlo oder vu soss engem Verkéiersmëttel an d’Bestellen an d’Bezuele vun engem Taxi. D’DP wëll dofir mat alle Bedeelegten zesummeschaffen, fir hir Servicer op der App ze bëndelen.

D’DP wëll net nëmmen de legale Kader fir autonoomt Fueren op eise Stroosssen an um Schinnereseau schafen, ma och an intelligent Infrastrukturen investéieren, déi esou eng Form vun der Fortbeweegung eréischt technesch méiglech maachen.

D’DP wäert de legale Kader fir den Asaz vun Dronen zu ënnerschiddlechen Zwecker schafen, déi iwwert de Fräizäitgebrauch eraus ginn. Domadder soll den Asaz vun Dronen z.B. bei Rettungsasäz, fir Opklärungszwecker oder fir eng Livraisoun ganz einfach maachen.

D’DP wäert déi geplangte Reform vum Taxisgesetz ofschléissen an de Maart liberaliséieren; mam Zil fir déi héich Präisser ze reduzéieren. Esou sollen nët nëmmen déi verschidden Zonen, ma och déi iewescht Limitt fir Lizenzen ofgeschaf ginn. D’DP wëll och Uber an änlech Servicer hei am Land zouloossen. Ënnert der Konditioun, datt d’Chaufferen eng Lizenz ufroen an aarbechtsrechtlech a sozial ofgeséchert sinn. Op der nationaler Mobilitéits-App soll all Chauffer kënne seng Taxisservicer ubidde kënnen.

D’DP hält weider un der Vision Zero fest, d.h. null Doudeger an null Schwéierblesséierter op eise Stroossen. D’Ëmsetzung vu Mesuren, ewéi d’Entschärfung vu geféierleche Kéieren, d’Installatioun vu Luuchten, déi op Rout sprangen, wann en Auto ze séier ënnerwee ass, d’Sensibiliséierung vun den usagers de la route, a Radaren, déi och d’Benotze vum Handy festhalen. Dat sinn nëmmen e puer vun den Iddie vun der DP.

Eis besonnesch Opmierksamkeet gëlt awer der Sécherheet vun de Foussgänger, de Cyclisten an de Motocyclisten, well si déi schwächste Glidder am Stroossentraffic sinn. Dofir steet eng sécher Infrastruktur ganz uewen op der Lëscht vun de Prioritéiten. Mir wëllen awer och e ganzt Konzept entwéckelen, dat de Foussgänger besonnesch an der kaler Zäit Sécherheet a Visibilitéit garantéiert. Mir denken do z.B. un eng gläichméisseg an effikass Beliichtung vun den Zebrasträifen oder vun vill benotzt Weeër.

D’DP plangt, fir personaliséiert Autosplacken zouzeloossen. D’Placke kënnen deemno individuell gestalt ginn, esou wéi an der Belsch. Allerdéngs sinn all Zorte vu Verstéiss géint d’Gesetzer, friemefeindlech oder net convenabel Kombinatioune verbueden.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp