Nei Iddie fir eng Kommunikatioun, déi ukënnt

Wéi bréngt ee politesch Iddie kloer op de Punkt? Wat mécht e gudde Social-Media-Post aus? A wéi geléngt et, am digitale Kaméidi mat konstruktive Messagen duerchzedréngen?

Ëm dës Froe goung et de Samschdeg, 19. September 2026 beim FUTURElab. Memberen a Mandatairen aus ville verschiddene Sektiounen an aus alle Bezierker waren um Rendez-vous, fir sech an den dräi Workshops weiderzebilden, Erfarungen ze deelen an zesummen nei Iddien z’entwéckelen. D’Kommunikatioun stoung dobäi aus verschiddene Perspektiven am Mëttelpunkt.

Bei „Kommunizéieren an der politescher Ëffentlechkeet“ goung et ëm d’Fro, wéi een seng Inhalter verständlech vermëttelt a seng eege Perséinlechkeet dobäi abréngt. Besonnesch nei oder manner erfuere Mandatairë kruten theoretescht Wëssen a praktesch Tuyaue mat op de Wee, wat kloer Kärmessagen an de Storytelling ugeet.

Ganz praktesch zur Saach goung et bei „Social Media fir déi lokal Kommunikatioun notzen“. D’Kommunikatiounsresponsabel aus de Sektioune konnten sech mat de Méiglechkeete vu Posts, Reels a Stories op Facebook, Instagram an TikTok vertraut maachen. U konkrete Beispiller gouf gewisen, wéi sech den opgefrëschte Grafikdesign vun der DP fir déi lokal Kommunikatioun adaptéiere léisst.

„Am digitale Kaméidi duerchdréngen“ huet Raum fir en oppenen a konstruktiven Austausch gebueden. Beispiller aus dem In- an Ausland hunn d’Diskussioun iwwer Opmierksamkeet, politesch Inhalter an Entertainment ugereegt. Wéi erreecht ee Leit, déi sech vun der Politik ofwenden? A wéi kann eng positiv orientéiert Kommunikatioun an engem ëmmer méi polariséierten Ëmfeld ukommen?

De groussen Interessi an déi engagéiert Gespréicher hunn dës Editioun vum FUTURElab. zu engem Succès gemaach. E grousse Merci un all d’Participanten an d’Workshop-Leeder fir hir Bäiträg, hir Froen an hir Iddien.

DP FUTURElab Kommunikatioun -38

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp