Paradigmewiessel an der Lutte géint d’Aarmut

Mandy Minella:

D’Lutte géint d’Aarmut hei am Land muss op verschiddenen Niveauen an engem Plang regroupéiert ginn: Esou stoung et am leschte Walprogramm vun der DP. A mir hu Wuert gehalen.

Dat ass net vu Muttwëll, well och zu Lëtzebuerg ginn et ze vill Leit, deenen et net gutt geet. D’Regierung huet dowéinst och vum éischten Dag un direkt eng ganz Rei Mesurë geholl, fir d’Leit nach méi geziilt z’ënnerstëtzen. Ech wëll hei just d’Allocation de vie chère nennen, déi ëm 10% gehéicht gouf, d’Energieprimm déi verdräifacht gouf, de steierfräie Mindestloun oder nach d’Wunngeld, wou speziell d’Famillje méi gehollef kréien.

Parallel dozou ass ënnert dem Lead vum Familljeminister Max Hahn den alleréischten Aktiounsplang fir d’Preventioun an d’Lutte géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg ausgeschafft ginn – eng DP-Iddi, déi et bis haut net gouf, an ouni Zweifel e Paradigmewiessel am Kampf géint d’Aarmut duerstellt.

Ech wëll virop d‘Haaptmesuren ënnersträichen: Éischtens gëtt d’Kannergeld vun 2027 un erhéicht, an zwar ëm 45 Euro bis 12 Joer an ëm 60 Euro fir d’Kanner doriwwer. Zweetens gëtt eng nei, cibléiert Hëllef vu bis zu 3.000 Euro d’Joer fir Famillje mat Kanner agefouert. Drëttens kréien elengerzéiend Revis-Bezéier de Steierkredit vun 3.500 Euro d’Joer automatesch ausbezuelt. A véiertens gëtt eng nei sozial cibléiert Hëllef fir eeler Leit vu bis zu 2.400 Euro d’Joer agefouert.

Doriwwer eraus gëtt an enger zweeter Etapp eng nei Hëllef geschaf, déi net just 4 bestoend Aiden an enger eenzeger regruppéiert, mee och als Referenz wäert déngen, wat d’Krittäre betrëfft. Et qualifizéiert een sech automatesch fir eng Partie aner staatlech Aiden. Dat ass Simplification administrative an Aktioun, esou wéi d’DP se sech virstellt.

Gilles Baum:

An dësem Complément de vie chère ginn déi nei Hëllef fir Kanner, d’Hëllefe fir personnes âgeés, d’allocation de vie chère an d’Energieprimm zesummegeluecht.

De Plang mat iwwer 100 Mesurë soll d’Sozialpolitik méi staark bëndelen, Krittären harmoniséieren, an den Accès zu den Hëllefe vereinfachen, z.B. duerch d’automatescht Ausbezuele vun Aiden, do wou et méiglech ass.

Do wou et net geet, ass d’Stéchwuert: sensibiliséieren, informéieren a proaktiv uschreiwen. Op enger Online-Plattform wäerten déi betraffe Leit direkt gesinn, op wéi eng Hëllefe si Urecht hunn a wou si se ufroe kënnen. Doriwwer eraus ass eng anonym Helpline geplangt. Mee och e physesche Guichet an esouguer eng mobil Ekipp si virgesinn, fir op den Terrain an op d’Leit duerzegoen.

Den Aktiounsplang gesäit och méi Support a méi einfach Ënnerstëtzung fir Logemente vir, och an zemol fir gréisser Familljen. Och d’Bäihëllefe fir d’Wunne ginn ugepasst a vereinfacht. D’Aarmut zu Lëtzebuerg wäert duerch dësen Aktiounsplang net verschwannen, ma vill bedürfteg Leit wäerten an Zukunft besser duerch d’Liewe kommen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...