Haut gouf de Staatsbudget fir d’Joer 2027 an der Chamber deposéiert a presentéiert. D’Carole Hartmann war scho virum Summer an der Finanzkommissioun als Rapportrice vum Staatsbudget genannt ginn.
An dësem Kader wäert d’DP-Deputéiert hiren thematesche Schwéierpunkt op d’Investitiounen an d’Zukunft leeën. Och wann dës Regierung schonn eng ganz Rei vu Moossnamen ergraff huet, ass et wichteg, méi genee ze beliichten, a wéi enge Beräicher an de kommende Jore weider grouss Investissementer néideg sinn, fir eist Land op d’Erausfuerderunge vu muer virzebereeden.
D’Thema vun den Zukunftsinvestissementer ass dobäi breet gefächert. Et geet ëm d’Energieversuergung an d‘Klimapolitik, ëm d’Educatioun an d’Formatioun, ëm d‘Innovatioun an d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie, mee och ëm de Logement, d‘Mobilitéit an den Ausbau vun de Gesondheetsinfrastrukturen. Gläichzäiteg musse mir an d’Digitaliséierung, an eis Sécherheet an an de gesellschaftlechen Zesummenhalt investéieren. Ee weidere wichtegen Aspekt ass, wéi d’Kafkraaft vun de Leit an den Aarbechtsmaart gestäerkt kënne ginn.


Déi zentral Fro ass also: Wéi kënne mir geziilt an effikass an d’Zukunft investéieren an dobäi gläichzäiteg gesond an nohalteg Staatsfinanze sécheren, déi d’Basis fir d’Finanzéierung vun eisem Sozialstaat bilden?
Fir déi verschidde Perspektive vum Terrain matanzebezéien, trëfft d’Budgetsrapportrice Acteuren aus deene verschiddenste Beräicher. Dorënner sinn ënnert anerem Vertrieder aus den Entreprisen, dem Energie- a Klimaberäich, der Mobilitéit, dem Logement, der Educatioun. Mee och d‘Digitaliséierung an d‘Cybersécherheet souwéi d’Sozialpartner a verschidden Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft dierfen net feelen.
Bei dësen Entrevuë geet et virun allem drëm, sech unzelauschteren, wéi d’Erfarungen um Terrain sinn, wat scho gemaach gouf a wou nach weider Efforte gebraucht ginn. D’Gespréicher sollen hëllefen, déi wichtegst Investitiounsfelder z’identifizéieren an d’Prioritéite fir d’Zukunft ze schäerfen.
Déi éischt Entrevuen hunn am Summer ugefaangen a ginn nach bis Ufank Dezember virun. Domat kritt d’Budgetsrapportrice e breet Bild vun den Erausfuerderungen an de Chancen, déi Lëtzebuerg an de kommende Jore begleede wäerten.
(Fotoen © Chambre des Députés)




