Problemer mat de Korrespondenzen tëscht Bus an Zuch am Eislek

Well dem DP-Deputéierten André Bauler zu Ouere koum, dass et Problemer mat de Korrespondenzen tëscht verschiddene Busser an Zich am Norde gëtt, huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.

„Ech si viru kuerzem gewuer ginn, datt déi nei Buslinn 134 vun Ettelbréck iwwer Bierden a Buerschent op Eschduerf e Korrespondenz-Problem mat de Schnellzich zu Ettelbréck huet, déi an d’Stad fueren oder aus der Stad kommen.

D’Resultat ass, dass d’Leit mam neien Horaire vum 17. Juli, zum Beispill moies géint 07:16, respektiv owes géint 17:45, hiren Uschloss verpassen, an esou den ëffentlechen Transport fir déi concernéiert Leit keng praktikabel Léisung méi duerstellt.

Och fir d‘Schüler, déi mat der Buslinn 134 vu Bierden op Ettelbréck fueren an do de Bus op Dikrech an d’Hotelschoul, den Nordstadlycée oder dat neit Gebai vum LCD huele mussen, stellt sech d’Fro wéi dat mat den aktuellen Horairen opgoe soll fir um 08:00 an der Schoul ze sinn.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass den Här Minister iwwer dëse Problem informéiert a gëtt versicht fir dës Korrespondenzen esou séier wéi méiglech ze verbesseren?
  • Sinn dem Här Minister nach aner Korrespondenzproblemer gemellt ginn? Wa jo, bei wat fir eng Linne gouf dëst festgestallt a redresséiert? Fält déi nei Linn 136 (al Linn 543) och drënner?
  • Aus wéi enge Grënn ass d’Linn 550 Ettelbréck-Schlënnermanescht wechgefall?“

Äntwert

  • Op der Gare zu Ettelbréck besti Korrespondenze vu Buslinnen op de Schnellzuch an op de Bummelzuch. Dozou wëll ech nach bemierken, dass d’Linne fir d’Ubannung un d’Ettelbrécker Gare vertakt geplangt goufen. Doduerch bestinn op den Haaptachsen eng besser Verdeelung vun de Bussen an domat eng besser Offer fir de Client am ländleche Raum. Zudeem vermeide mir doduerch eng Pulkbildung vun de Busser an der Nordstad. Bei e puer Linnen ass dowéinst den Horaire op de Regionalzuch ugepasst ginn. Fir d’Linn 136 trëfft leschteren Zenario zou. Doriwwer eraus bestinn och nach weider „Bus – Bus“ Korrespondenzen am ländlech Raum déi musse respektéiert ginn.
  • Wat déi betreffend Linn 134 am RGTR Reseau ubelaangt, sou gouf – op eng Ufro vun der Gemeng Esch-Sauer hin – versicht eng Korrespondenz zu Heischent vun der Linn 134 op d’Linn 130 unzeleeën, fir dass d’Awunner vun Eschduerf d’Méiglechkeet hunn op Wooltz ze kommen. Dëst huet zur Folleg, dass zu Ettelbréck op der Gare d’Korrespondenz net op den Expresszuch agehale ka ginn.
  • Déi al Linn 550 Ettelbréck – Schlënnermanescht ass net wechgefall. Sie gouf duerch d’Linn 136 Ettelbréck – Konstem ersat, déi dee selwechten Tracé wéi déi al Linn 550 huet, ausser dass se nach weider bis op Konstem fiert.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...